Éischt Initiativ op de soziale Medien – #mateneenfirzukunft

Mir ënnerbreeden Initiativen a Virschléi fir e Mateneen an eiser Gesellschaft.

Opgrond vun rezenten gewalttätegen Evenementer hei zu Lëtzebuerg, déi mir als Associatioun kloer verurteelen;

Opgrond dat eis Gesellschaft ëmmer méi auseneen drift, an dësen Zäiten vun COVID-Pandemie, Klimawandel, sozial Ongläichheeten, geopolitescher Onsécherheet, militäresche Muskelspiller, Fake-News, zouhuelend mangelnd Vertrauen an de Staat, an d’Institutiounen a Politik;

Dofir ginn Zukunftsängschten vun de Bierger*Innen, ëmmer méi grouss;

Dofir muss een als Gesellschaft a Politik kloer Perspektiven an Utopien ubidden. Op all Erausfuederung gëtt et eng Léisung, et muss e just wëllen.

Dofir lancéiere mer als Friddens- a Solidaritéitsplattform (FSPL) als éischt eng Initiativ op de soziale Medien: #mateneenfirzukunft

Schéckt eis w.e.g. är Photo (et steet iech fräi mat oder ouni Numm) mat engem vun den 8 Slogans op fsplux@posteo.lu ,mir këmmeren eis em d’Verëffentlechung ennert dem Hashtag #mateneenfirzukunft.

Dir musst wëssen, wann der eis esou e Message schéckt, dir iech mat de 8 Slogans identifizéiert.

  • Fir e Mateneen an eiser Gesellschaft,
  • Géint Haass, Rassismus an Antisemitismus
  • Fir Dialog a géint Gewalt
  • Fir eng Stäerkung vun eiser Demokratie
  • Fir eng gutt sozial Ofsécherung
  • Fir wëssenschaftsbaséiert Léisungen
  • Fir Transparenz a géint Fake-News
  • Fir méi Empathie an liewegen Diskussiounen

D’Friddens- a Solidaritéitsplattform mëscht en Appell un d‘Politik, national a kommunal an un d’Press sech Mëttel ze ginn fir d’Mateneen an der Gesellschaft ze stäerken.

Als Friddensplattform wäerte mir an de nächste Wochen a Méint Initiativen a Virschléi an där Richtung ënnerbreeden.

Matgedeelt vun der Friddens- a Solidaritéitsplattform (FSPL)

Dernières nouvelles