Search

You may also like

D‘Spuerkeess soll d‘Schléissung vun den Agence aussetzen
International Meenung Neiegkeeten

D‘Spuerkeess soll d‘Schléissung vun den Agence aussetzen

Opgrond der Ugekënnegter Schléissung vun 11 Filiale vun der Staatsbank-

FLEAA: D’Potential vu (Rees)Bussen gëtt konsequent ignoréiert
International Meenung Neiegkeeten

FLEAA: D’Potential vu (Rees)Bussen gëtt konsequent ignoréiert

Enttäuscht iwwert de verzerrte Rapport 2020 vun der Europäescher Ëmweltagence

Italien: Inneminister Salvini spréngt aus der Këscht
International Meenung Neiegkeeten

Italien: Inneminister Salvini spréngt aus der Këscht

14 Deeg laang huet d‘Rettungsschëff vun der däitscher Organisatioun Sea-Watch

Matsproocherecht an der EU (kommentéiert)

D‘Bierger an der Europäescher Unioun sollen iwwer d‘Zukunft vum Staatebond debattéieren, sech abréngen an Iddie virleeën

Matsproocherecht an der EU (kommentéiert)

An der EU, dem Staatebond wou méi oder manner (an der Lescht éischter Manner) de solidaresche Gedanken, wéi den Zesummenhalt an de politesche Konsens déi wichtegst Saile sinn, soll endlech den Androck erwächt ginn, datt net Industrie a Wirtschaft d‘Direktiven diktéieren, mee dat vun allen Acteuren, also Parlamentarier, Kommissären an d‘Staats- a Regierungscheffen, decidéiert gëtt.

Esou eppes geet am beschten, wann d‘Mënschen der Meenung sinn, si hätten dat selwer entscheet. Déi portugisesch Europaministesch Ana Paula Zacarias huet e Méindeg erkläert, datt d‘Unioun ënnert der Presidence vu Portugal „ee Reformprozess vun Ënnen“ op de Wee brénge wëll. Si wëll datt d‘Basis – also dat normaalt Vollek – dës Reform steiere soll. Kléngt schonn emol interessant.

Vum Prinzip hir: all Mënsch an der EU dierf a senger eegener Sprooch (?) eege Reformvirschléi abréngen, virtuell Debatten organiséieren an d‘Proposen/Iddie vun den anere kommentéieren. A fir datt näischt verluer geet, soll „kënschtlech Intelligenz“ als Garant agesat ginn, fir sécherzestellen datt déi wichtegst Iddien net verluer ginn. Amerikanesch IT-Konzerner – dat sinn déi wou wësse wéi et geet – zortéieren hei aus, wat net den „neien Interesse vun Industrie a Wirtschaft“ entsprécht.

Wann et mat enger Ligen ufänkt

Grondsätzlech ass de Virstouss vum Ana Paula Zacarias ze begréissen, woubäi den Ausdrock „All Bierger a Biergerinnen“ just Sazbau ass. Nee net all Bierger kann (a soll) seng Virstellung vun der EU, wéi se schaffe sollt, wat fir Befugnisser si brauch oder op de Volet „eestëmmeg decidéieren“ muss en Enn fannen. Dobäi wier eng Reform, och hisiichtlech de bestoende Krise scho wichteg.

Matsproocherecht

Mee wa se dann nees vu Bänker, Affekoten a korrupte Politiker organiséiert soll ginn, dat dann als „Biergerbedeelegung“ verkaf gëtt, esou ass och dat Programm. Wann een emol dovunner ofgesäit, datt weder fir d‘Ana Paula Zacarias, nach fir d‘EU-Kommissioun iwwerhaapt, lëtzebuergesch eng Sprooch ass, ass et dann och net méiglech säi Virschléi an Iddien a „senger“ Sprooch ze äusseren. Mee de Lëtzebuerger ka jo ganz gutt Däitsch a Franséisch, ass och esou generell méi flexibel…

Mat der spezifescher Internetsäit futureu.europa.eu, kann den „homo-europea“, wann en dann och Zougank zum Internet huet, dem Liesen a Schreiwe mächteg ass, an net ze vill mam eegenen Nuebel beschäftegt ass, seng Iddie, Virschléi oder soss eppes Konstruktives abréngen. Keen Thema ass Tabu: Klima, Wirtschaft, Gerechtegkeet, jo esouguer „Rechtsstaatlechkeet“, et huet vun Allem.

Och Geoblocking wier hei ausgeschloss

Ganz geckeg: d‘Technokraten – dat sinn d‘Ligener mat Festustellung – verspriechen, datt et hei kee Geoblocking soll ginn. Domadder hu se dann endlech bestätegt, datt si dëse Service gären asetzen, och wann d‘Staats- a Regierungscheffen ëmmer nees betounen, sech géint dës Internetzensur zur Wier setzen ze wëllen. Zensur wäert awer net ausbleiwen, et soll jo de Konsens erbäigefouert ginn.

Experten a Mënsche mat Erfarung mat Sondageinstituter, stellen hei kloer: Wat d‘EU sech hei wëll gënnen, ass den Exercice de Bierger an Europa d‘Gefill ze ginn, datt wat vu grousse Lobbygruppen, – dank hirem Geld an Netzwierk – als „Propos vum Bierger“ getarnt gëtt, hir eege Wënsch sinn. Et soll ee jo selwer Schold un allem hunn, wat engem vun „aneren“ als eegent Versoe virgehäit gëtt.

Datt ee sech dann elo gutt versteet: et geet nëmmen dem Uschäin no drëms dem „Bierger“ eppes wéi Bedeelegung unzebidden. Grondsätzlech ass dësem säin Avis awer net erwënscht, ausser hie gehéiert zu deem proportionellen Undeel vun der Gesellschaft, déi hirem soziale Statut no quasi berechtegt wiere matzemaachen. Entscheedungen allerdéngs, kann een net op der Basis vun hei deponéiert Iddien huelen. Geld, geostrategesch Interessen a Partnerschafte wäerten et verhënneren.

Foto: (vlnr) portugisesch Europaministesch, Ana Paula Zacarias; Vizepresidentin vun der EU-Kommissioun fir Demokratie an Demographie, Dubravka Suica; an de Member vum EU-Parlament, Guy Verhofstad © European Union

Related topics Ana Paula Zacarias, Europa, Internetplattform, Lobbygrupp, Matsproocherecht
Next post Previous post