Search

You may also like

Google: Spannend Gemengerotssëtzung zu Biissen erwaart
International Neiegkeeten

Google: Spannend Gemengerotssëtzung zu Biissen erwaart

Wann déi eelef Kommunalpolitiker sech haut den Owend zu Biissen

ADR-Wahlkongress: Den Erfolleg baséiert op dräi Sailen
International Neiegkeeten

ADR-Wahlkongress: Den Erfolleg baséiert op dräi Sailen

Eppes iwwer honnert Memberen, Kandidaten a Militanten haten um Samschdegowend

BnL: Zougang op digital Ressource duerch Online-Aschreiwung
International Neiegkeeten

BnL: Zougang op digital Ressource duerch Online-Aschreiwung

D’Lëtzebuerger Nationalbibliothéik (BnL) mécht elo allen interesséierte Persounen seng digital

Mauritius vun enger Uelegpescht bedreet

Virun der Küst vum Inselstaat ass e Frachter viru 14 Deeg op Grond gelaf a verléiert elo Ueleg

Mauritius vun enger Uelegpescht bedreet

Ee groussen Uelegteppech bedreet d‘Küst vun der paradisescher Vakanzendestinatioun Mauritius. Hei ass virun zwou Wochen e Frachter op Grond gelaf a verléiert elo Ueleg. Wéi Ëmweltschützer bekannt gemaach hunn, solle scho mindestens dausend Tonne Schwéierueleg am den indeschen Ozean ausgelaf sinn. Eng Ëmweltkatastroph mat wäitreechende Folgen…

De Bedreiwer vum Frachter „Wakashio“, déi japanesch Reederei „Nagashiki Shipping“ huet e Samschdeg matgedeelt, datt alles ënnerholl gëtt, fir den ausgelafenen Ueleg opzefänken, de Rescht vum Ueleg deen nach am Schëff ass ofzepompelen, an de Frachter sécher ze biergen. „Mir entschëllegen eis zudéifst bei de Mënschen op Mauritius, datt mir hinnen esouvill Problemer bereeden“, heescht et an enger offizieller Stellungnam vun der japanescher Reederei.

Mauritius

Déi kleng als Naturschutzgebitt ausgewisen Insel huet dem Uelegteppech näischt entgéint ze setzen. © Mauritian Wildlife Foundation

Wéi et zu dësem Tëschefall konnt kommen ass zur Stonn nach net gekläert. Gewosst ass bis ewell just, datt de Frachter Wakashio eidel um Wee Richtung Brasilien war a viru 14 Deeg viru Mauritius op Grond gelaf ass. All Versich dëst 300 Meter laangt Schëff nees aus senger mësslecher Lag ze befreien, si wéinst de schlechte Wiederkonditioune feel geschloen. Esou den „Elementer“ ausgesat, huet sech en Donneschdeg ee Rass an engem Tank gebilt an d‘Katastroph war net méi opzehalen.

International Hëllef benéidegt

Um Freidegowend huet de Regierungschef Pravind Jugnauth den Ëmweltnoutstand ausgeruff an déi international Communautéit ëm Hëllef gefrot. Et ass ee Wettlaf géint d‘Zäit. Zur Stonn versichen d‘Autoritéiten an Ëmweltorganisatiounen alles ze ënnerhuele fir der Katastroph entgéintzewierken. De Vikash Tatayah, Member vum Directoire vun der „Mauritian Wildlife Foundation“ (MWF) ass allen Dankbar déi aktuell versichen den Ueleg opzefänken, respektiv ofzepompelen.

Mauritius

Den 300 Meter laange Frachter Wakashio ass südëstlech vu Mauritius op Grond gelaf a verléiert zanter dem Donneschdeg Ueleg. © Karmagawa

Et ass eng komplizéiert Operatioun an net ongeféierlech. Frankräich huet der Regierung vu Mauritius direkt Hëllef zougesot. Et wier ee Fliger an ee Schëff vun der Marinn vun der Insel La Réunion ënnerwee. La Réunion läit ronn 230 Kilometer südwestlech vu Mauritius ewech. Déi franséisch Experten a Material ginn nach virun ee Méindeg op der Plaz erwaart. De Frachter awer, läit op eng Riff matten an enger Lagun op der Südost-Säit vun der Insel.

En Naturschutzgebitt a Gefor

De Frachter, oder villméi d‘Ueleg datt aus dësem austrëtt, bedreet eng als Naturschutzgebitt ausgewise kleng Insel. D‘Lagun war an de leschten zwee Joerzéngte mat vill Méi an Aarbecht renaturéiert ginn. Mauritius mat sengen 1,3 Milliounen Awunner läit virun der Küst vu Madagaskar am indeschen Ozean. D‘Insel gëllt bei den Touristen als ee Paradäis, ass besonnesch wéinst senge Stränn, Koralleriffer an enger räichhalteger Déierewelt, eng privilegiéiert Vakanzendestinatioun.

Mauritius

Schwéierueleg huet sech schonn iwwert d‘Lagun „Blue Bay“ bis zu der klenger Insel – en Naturschutzgebitt – ausgebreet. © Mauritian Wildlife Foundation

Eng vun de wichtege Froen, déi eng Äntwert verlaangt: „Wat hat de Frachter do ze sichen?“. Et ass net erlaabt sech hei esou no un d‘Küst ze bewegen. An de leschte fënnef Joer huet et scho véier Incidente ginn, zwee dovunner onmëttelbar bei dësem Riff. U Bord vun der Wakashio sinn 200 Tonnen Diesel a ronn 3.800 Tonne Schwéierueleg gebunkert. Sécher gëtt et fir esou Schied och Assurancen, mee et wäert Joren, wann net Joerzéngte brauchen, bis sech d‘Natur dovunner erhëlt.

mat indymedia/plo

Foto: De Frachter Wakashio © Nagashiki Shipping

Related topics Blue Bay, Indeschen Ozean, Mauritius, Nagashiki Shipping, Schëffsongléck, Uelegpescht, Wakashio
Next post Previous post