Search

You may also like

What the Fakt – Haut ass internationalen Tolkien Dag!
Meenung Neiegkeeten

What the Fakt – Haut ass internationalen Tolkien Dag!

Sidd Dir begeeschter vun Hobbits, Mittelerde, Elben an dem Gollum?

Den US-President animéiert zum duebele Vott
Meenung Neiegkeeten

Den US-President animéiert zum duebele Vott

Datt de Locataire vum Wäissen Haus eng zolidd mat der

Editorial: Den Dossier „Brexit“ zitt sech…
Meenung Neiegkeeten

Editorial: Den Dossier „Brexit“ zitt sech…

Déi fënneft Verhandlungsronn tëscht der EU a Groussbritannien ass alt

Wann de „Max“ den „Här“ op d‘Plaz setzt (Kommentar)

Den asoziale Beholl vu gewëssen „Honoratioren“ aus elitäre Kreesser kritt elo e juristescht Nospill

Wann de „Max“ den „Här“ op d‘Plaz setzt (Kommentar)

Nodeems villeruerts uechtert d‘Land gewësse besser Hären (et ass nach net bekannt datt eng Damm betraff wier) hire soziale Statut als Fräibréif fir prioritär geimpft ze gi mëssbrauchen, d‘Regierung et fir ee „ganz normale Virgank“ hält, huet sech den Deputéierte Sven Clement (Piratepartei) elo en Häerz gefaasst, an um Parquet eng Plainte deponéiert.

D‘Impfdrängler: Jean-Louis Schiltz, Michel Würth a Claude Seywert vum HRS-Verwaltungsrot, an de fréieren DP-Politiker Henri Grethen, hien ass President vun den „Zivillen Hospice vun der Stad Lëtzebuerg“, déi mam Slogan: „Äert Wuelbefannen ass eise Metier“ dann awer net d‘Vollek, mee virun allem déi eegen Dirigente gemengt hunn, esou wéi nach 264 vun der Santé bevirdeelegter…

Max ass max

Zueleméisseg gesäit et „iwwersiichtlech“ aus, an eigentlech kéint et engem „hanne laanscht“ goen, wann et do net eng Regierung mat enger Gesondheetsministesch hätt, déi kloer Reegelen opgestallt huet. Aus dem Beholl, vu besonnesch de genannte Persounen, geet däitlech ervir, dat et zweeërlee Prioritéite bei der Santé gëtt: eng fir d‘Vollek, an eng fir déi al politesch Seelschaften.

Der Sven Clement erwaart elo vum Procureur, dës Faiten op méiglech juristesch Suitten ze préiwen, an huet schonn emol ze verstoe ginn, datt sollt hien deem net nogoen, weider Instanzen an Usproch geholl ginn. De Pirat ass iwwerzeegt (wuel zu Recht), datt een hei mindestens den Tatbestand vum „Abus de confiance“ an „Prise illégale d‘interêts“ als erfëllt misst festhalen a verurteelen.

Max ass max

Elo hält d‘Gesondheetsministesch Paulette Lenert, dat Ganzt awer fir eng Interpretatiounsdivergenz a gesäit keen Handlungsbedarf. Et kennt ee sech, a wann net, huet et een an der Partei deen ee kennt oder et kritt ee vu soss engem nogeluecht, keng Wellen ze maachen. Zudeem, esou déi gängeg an de Kreesser vun de Koalitiounsparteie gedeelte Meenung, hat et vir alles eng logesch Erklärung.

Aus dësen Erklärunge geet dann ervir, datt déi genannten Impfdrängler jo nëmme Guddes am Sënn haten, an all Dag perséinlech, vir déi eng ëm d‘Patienten am Spidol, fir deen aneren ëm d‘Residente këmmeren. Jo hei zu Lëtzebuerg verstinn et Verwaltungsrotmemberen, sech mat „Leif a Séil“ fir d‘Wuel vun de Mënschen anzesetzen. An natierlech sinn si alleguerte Systemrelevant.

Besonnesch bedréckend awer ass de Constat, datt déi fréier politesch Acteuren, duerch d‘Schweige vun hire Parteien doranner bestäerkt ginn, sech richteg an ugemiess beholl ze hunn. No der Affär „Monica Semedo“ an dem Fauxpas beim Chamberbliedchen, elo den Henri Grethen. Bei der DP sollt een eventuell driwwer nodenken sech a Fro ze stellen. An de Schiltz sollt d‘CSV verloossen.

Max ass max

Firwat allerdéngs esou een op Reegele beduechte Personnage wéi de Mars di Bartolomeo (LSAP), senges Zeeche President vun der Gesondheetskommissioun, keng Knäll gedoen huet? Zumindest d‘Virfäll „bedaueren“ – och wann et net éierlech gemengt ass – hätt de Uschäi bewoort, datt een de Beholl verurteelt. Et huet jo kee vum Mann verlaangt géint dës „Leit“ offensiv virzegoen.

Allgemeng erfreelech ass dann awer zu gudder Lescht de Constat, datt d‘Hierarchien am Land, esou wéi se vun der Politik an der Kierch emol festgeluecht goufen, nach ëmmer Bestand hunn. Här ass Här a Max ass Max… Blöd fir déi al Seelschaften: de Max huet sech emanzipéiert a rennt dem Här zolidd mam Fouss géint Been. Et wier wënschenswäert, datt d‘Justiz hei en Exempel statuéiert.

Illustratioun: Et dierf explizit drop higewise ginn, datt déi genannte Fuddeler bei den Impfungen, al wäiss Männer sinn, déi nach net matkruten, datt d‘Zäit vun de Privilegien am Internetzäitalter eppes op d‘Prouf gestallt gëtt. Sollten si domadder duerchkommen, a mat dëser Regierung ass dat quasi séchergestallt, wiert et ee weidere Skandal dee politesch gedeckt gëtt. © Jon Tyson/ unsplash

Related topics Abus de Confiance, Claude Seywert, Henri Grethen, Impfdrängler, Jean-Louis Schiltz, Michel Würth, Sven Clement
Next post Previous post