Search

You may also like

Vereedegung vun zwee Schäffen
Neiegkeeten

Vereedegung vun zwee Schäffen

Haut am fréien Nomëtteg sinn nees zwee Schäffe Vereedegt ginn,

LSAP: gréng Luucht zur Kandidatelëscht fir d’Europawahlen!
Neiegkeeten

LSAP: gréng Luucht zur Kandidatelëscht fir d’Europawahlen!

Mir sti kuerz virun den Europawahlen an esou huet elo

Editorial: Chamberwahlen – Wat ass dat dann?
Neiegkeeten

Editorial: Chamberwahlen – Wat ass dat dann?

D’Chamberwahle sti virun der Dier. Schonn e Sonndeg muss ee

EU-Sommet: May verréit Deeler vu sengem Brexit

EU-Sommet: May verréit Deeler vu sengem Brexit

Déi britesch Premierministesch Theresa May huet um Donneschdeg fir déi éischte Kéier Deeler vu sengem Plang fir de Brexit, beim klenge Sommet zu Bréissel virgeluecht. Seng europäesch Partner hunn him verséchert nees hiren Optimismus iwwer d’Zukunft vun Europa erëmfonnt ze hunn.

D’May huet zu Bréissel verséchert, datt déi europäesch Bierger no der Scheedung mat der EU a Groussbritannien dierfte bleiwen. Si huet d’Positioun vu London an dësem prioritären Dossier, bezüglech den historesche Verhandlungen, déi um Méindeg ugelaf sinn, duergestallt. D’Trennung sollt bis Mäerz 2019 vollzunn sinn.

Hir Offer, déi d’Theresa May als seriö an ausgeglach gesäit, riskéiert allerdéngs deene 27 net ze gefalen. Dat notamment wëll d’Premierministesch d’Kompetenz vum europäesche Geriichtshaff a Fro stellt, fir iwwert den Accord vun de Rechter vun den méi wéi dräi Milliounen EU-Bierger am Kinnekräich ze befannen.

Ee gudden Ufank

D’Bundeskanzlerin Angela Merkel wëll awer ee „gudden Ufank“ vun der Verhandlunge gesinn. „Natierlech bleiwen nach vill aner Froen“ déi Äntwerte verlaangen, warnt d’Kanzlerin. Ee Grupp deen d’Immigranten am Kinnekräich vertriede wëll a sech „the3million“ nennt, huet sech sengersäits onzefridde gewisen, géintiwwer enger pathetescher Propose déi keng liewenslänglech Garantie bezüglech hire Rechter ubitt.

„Fir mech ass d’Gestaltung vun der Zukunft zu 27 prioritär, géintiwwer de Verhandlunge mat Groussbritannien iwwert d’Sortie“ hat d’Merkel prevenéiert iert se de britesche Virschléi zougewennt huet. „Et muss kloer sinn, datt de Sommet kee Forum fir d’Verhandlunge vum Brexit ass“ insistéiert sengersäits de Rotspresident Donald Tusk. Déi 27 hunn et dann och virgezunn sech de ganzen Dag géigesäiteg iwwert déi positiv Entwécklung vum „neien“ Europa ze freeën.

Eng besser Richtung

Den Tusk huet dann och uvertraut „ni esou iwwerzeegt gewiescht ze sinn, datt alles an déi richteg Richtung verleeft“. Wirtschaftswuesstem an alle Memberlänner, Réckgang vum Chômage, Accord iwwert déi griichesch Scholden an déi rezent Nidderlage vun den Europhoben schéngen eng ugeschloen EU nees op den Teppech bruecht ze hunn.

Dat neit Vertrauen illustréiert sech fir Bréissel mam jonke franséische President Emmanuel Macron, deen u sengem éischte Sommet deel geholl huet. De franséische Staatschef, gewielt mat engem pro-europäesche Programm, wollt „vun der Zukunft vun onsem Europa schwätzen an de Projet vun engem Europa dat schützt droen“.

Deen huet dann och drop higewisen, datt hien eng nei „Roadmap“ mat Däitschland virbereet, iwwert déi néideg Ännerunge vun der EU an der EURO-Zon. Doranner sollen dann och konkret Konklusiounen enthale sinn.

Als Beweis fir hir Eenheet hunn déi 27 dann um Donneschdeg och een Accord fonnt, fir déi zwou EU-Agencen : d’Bankenopsiicht an d’Institutioun fir Medikamentenzouloossung, um Kontinent gerecht ze verdeelen. Vill Stied hunn hiren Interessi fir d’Erhale vun enger Agence bekannt ginn. Ee lukratiivt Uleies, wann ee bedenkt, datt do ee puer honnert Leit mat hire Famillje wäerte plënneren. Esou eppes huet natierlech och een immense wirtschaftlechen Impakt.

Anti-Terror

Och den Terror stoung nees gewëssermoossen am Zentrum vun de Gespréicher. Um Sommet hunn all d’Staatscheffen d’Acteure vum Internet opgeruff hirer Verantwortung, am Kampf géint den Terrorismus, nozekommen. Si hu kloer gemaach, datt wann et hei keng zefriddestellend Moossnahme gëtt, si och bereet sinn eng europäesch Legislatioun op de Wee ze bréngen déi se dann zwénge wäert.

„Mir riichten een Appell un all Entreprise am Beräich vun de soziale Medien op, alles ze ënnerhuele wat néideg ass fir eng Verbreedung vun terroristeschem Inhalt ze verhënneren“, deklaréiert den Tusk zu engem Zäitpunkt wou Europa enger Well dschihadisteschen Uschléi ausgesat ass.

D’Staatscheffen hunn en Donneschdeg och versprach „d’Zesummenaarbecht bannent der EU ze verstäerken, dat hisichtlech der Sécherheet an der Verdeedegung“. Si hunn nach emol opgeruff schnellst méiglech den europäesche Fong fir Verdeedegung ze schafen. Dëse war kierzlech vun der EU-Kommissioun virgeschloe ginn a gesäit vir, d’Recherche an d’Entwécklung ze finanzéieren, mee och d’Verdeedegungsindustrie ze ënnerstëtzen.

mam Marine Laouchez a Cédric Simon/AFP

Foto: De Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker an den Rotspresident Donald Tusk um Wee an Pressekonferenz beim EU-Sommet zu Bréissel (© Aurore Belot/AFP)

Related topics Brexit, EU, Groussbritannien
Next post Previous post