Search

You may also like

Mam Chrëschtbeemche kann een sech Tonnen u Chemikalie mat an d’Haus huelen – Mee et ginn Alternativen!
Neiegkeeten

Mam Chrëschtbeemche kann een sech Tonnen u Chemikalie mat an d’Haus huelen – Mee et ginn Alternativen!

Waren d‘Chrëschtbeemecher fréier éischter en Offallproduit aus der Forstwirtschaft, esou

Wie bestëmmt wat demokratesch ass?
Neiegkeeten

Wie bestëmmt wat demokratesch ass?

Déi russesch Justiz huet dem Dissident Alexej Nawalny seng Organisatiounen

Feierlech Erënnerungszeremonie op der Gedenkplaz „SS-Sonnerlager“ KZ Hinzert
Neiegkeeten

Feierlech Erënnerungszeremonie op der Gedenkplaz „SS-Sonnerlager“ KZ Hinzert

Um Samschdeg huet de Groussherzog Henri un der feierlecher Erënnerungszeremonie

Syvicol: Véier weider Gemengen trieden de „Mayors for Peace“ bäi

Syvicol: Véier weider Gemengen trieden de „Mayors for Peace“ bäi

Méi wéi 8.000 Stied a Gemengen aus 165 Länner weltwäit sinn Deel vum Netzwierk „Mayors for Peace“. Et geet virun allem ëm Friddensaarbecht an déi atomar Ofrëschtung wat mam haitegen A-Kraaft-triede vum UN-Vertrag zum Atomwaffeverbuet (TPNW) ëmsou méi eng grouss Bedeitung kritt. De Syvicol ass houfreg, dass 3 weider Lëtzebuerger Gemengen der Associatioun bäitrieden.

Duerch den atomare Schutzschierm vun der NATO entspriechen zuelräich Staaten net de Konditiounen fir Deel vum Treaty on the Prohibition of Nuclear Weapons (TPNW) ze ginn. Et wëll een trotzdeem en Zeechen ze setzen an d’Verlaangen no engem weltwäiten Atomwaffeverbuet ausdrécken. A genee do kënnt d’Netzwierk vun de „Mayors of Peace“ an d’Spill.

Vun 102 Lëtzebuerger Gemengen wäerte geschwënn 59 Stéck dem Appell, deen um nationalen Niveau vun der Lëtzebuerger Friddens- a Solidaritéitsplattform ausgaangen ass an am Syvicol en engagéierte Partner fonnt huet, nogoen. Dobäi kommen elo d’Gemengen Bus, Noumer, Schëtter a Suessem. Wärenddeem hunn d’Gemenge Klierf, Nidderaanwen, Réiser, Schieren, Useldeng a Waldbëlleg decidéiert hire Bäitrëtt formell ze erneieren.

Mayors for Peace

Am Joer 1989 war Wolz déi éischt Lëtzebuerger Gemeng, déi dem Reseau bäigetrueden ass. Fir d’lescht koum Iechternach am Joer 2015 dobäi, wärend d’Haaptstad schonn am Juli 2005 dem Opruff nogaangen ass. Och Déifferdeng huet sech an dësem Joer ugeschloss. Schwéier vun der Ardennenoffensiv getraff huet am November 2008 d’Gemeng Klierf decidéiert de „Mayors for Peace“ bäizetrieden. Déi aktuell Lëscht fannt Dir op www.mayorsforpeace.org.

An dësem Kader ënnersträicht de Syvicol, dass d’Gemengen der internationaler Associatioun zu all Moment bäitriede kënnen. Den haitegen 22. Januar 2021 gëllt mam A-Kraaft-triede vumTPNW als historesche Schrëtt. Laut der UNO ass et souguer zënter 20 Joer dat éischt multilateraalt Instrument, dat och op juristeschem Niveau fir en Atomwaffeverbuet antrëtt.

Zum Hannergrond ass Folgendes gewosst: Déi international Associatioun „Mayors for Peace“ ass 1982 vum Takeshi Araki, Buergermeeschter vun Hiroshima gegrënnt ginn. Domat verfollegt een virun allem d’Ziler fir d’Ausbreedung vun nukleare Waffen ze verhënneren a mat weltwäiten Aktiounen a Campagnen dësen Typ vu Bewaffnung ze verhënneren.

Opmaacherbild: Vum 10. Aprëll bis 20. November 2020 huet d’Associatioun “Mayors for Peace” e Molconcours fir Kanner ronderëm d’Thema “friddlech Stied” organiséiert. Dobäi hu Kanner aus 19 Länner deelgeholl. An der Kategorie vun den 11-15 Järegen huet dat 14 järegt Asako Minamizono in Akita aus Japan déi zweet Plaz beluecht. Mat sengem Wierk wëll hat ausdrécken, dass Fridden e Recht vu jiddwerengem ass. Dofir schützen déi véier Personnagen op sengem Bild dëse Fridden a Form vun engem Häerz.

Related topics Asako Minamizono, Atomwaffeverbuertsvertrag, Bus, Fridden, Friddens- a Solidaritéitsplattform Lëtzebuerg, Mayors for Peace, Noumer, Ofrëschtung, Suessem, Syvicol, TPNW, UN-Vertrag zum Atomwaffeverbuet
Next post Previous post