Search

You may also like

Barcelona gedenkt sengen Affer
Neiegkeeten

Barcelona gedenkt sengen Affer

D‘Autoritéiten hate gehofft um Méindeg d‘Identitéit vun de Membere vu

Jemen: Den UN-Emissär soll sech zu Hodeida fir en nohaltege Waffestëllstand asetzen
Neiegkeeten

Jemen: Den UN-Emissär soll sech zu Hodeida fir en nohaltege Waffestëllstand asetzen

Den UN-Emissär Martin Griffiths, ass e Freideg op Hodeida geflunn,

Analys: Wann d‘Gewerkschaften de fundamental Unterrecht a Fro stellen
Neiegkeeten

Analys: Wann d‘Gewerkschaften de fundamental Unterrecht a Fro stellen

Um Samschdeg haten d‘Gewerkschafte SEW (OGBL), de Landesverband (FNCTTFEL) an

Wann d’Loscht op Fast-Food vum gielen M een iwwerkënnt

Wann d’Loscht op Fast-Food vum gielen M een iwwerkënnt

Nodeems gëschter op 4 Plazen am Land déi beléift Fast Food Chaîne mam gielen M nees säin Drive-In opgemaach huet, war de Stau esou laang, wéi d’Begeeschterung grouss war. Jo, am Endeffekt war och d’Police op der Plaz. Net fir ee räichhaltege Menü ze verschnabuléieren, mee fir déi glëschtereg Visiteuren ze kontrolléieren an op hir Verflichtungen zur Zäit vun der Coronakris opmierksam ze maachen.

No engem gudde Mount agespaart doheem leeft wuel jiddwerengem d’Waasser am Mond zesummen, fir endlech nees an ee Restaurant dierfen ze goen, bekacht an zerwéiert ze ginn. Datt Fast-Food net dem Kierper, mee just der Séil eppes Guddes deet, spillt keng Roll – d’Loscht ass schliisslech grouss, an et soll schnell goen! An hei sief erwäänt, datt et ëm Iessen, an net ëm déi schéinst Niewesaach vun der Welt geet.

Fast-Food

Um 15. Abrëll koum schliisslech déi groussaarteg Nouvelle, datt nëmmen een Dag méi spéit den Drive-In zu Stroossen, Féiz, Angelduerf an Nidderkäerjeng wäert opmaachen. Rout am Kalenner markéiert hu sech d’Mënschemassen gëschter a Beweegung gesat fir dës Punkten mat Honger, Feier am Mo a grousser Gloscht ze iwwerfalen. Dobäi koum et zu Verkéierschaos a risege Waardeschlangen.

Et hat wuel keen mat dësem Undrang gerechent, an esou huet d’Police op de blockéierte Stroosse missen duerchgräifen. Ze erwaarde war et awer, datt sech dobäi kleng Gruppe an den Autoe forméieren, déi natierlech net zwéngend aus engem Stot sinn, an awer déi gemeinsam Loscht no Fast-Food stëlle wëllen.

Verschidde Medien beriichten, datt de Portmonni net eleng fir d’Iessen, mee och fir Geldstrofen huet misse gezéckt ginn. De Reegele vun der Sozialer Distanz no dierften nämlech just Persounen aus dem selwechten Haushalt am gläichen Auto sëtzen.

Nujee, wann et elo beim gielen M schonn zu esou Gefillsausbréch a Coursen ëm d’Iesse geet, wéi gesäit et wuel eréischt aus, wann d’Restauranten a Caféen hir Dieren nees dierfen opmaachen? Stierme mir all gläichzäiteg op déi verschidde Punkten, drénken ee Patt zesummen, profitéiere vun engem gudde Maufel a vum Zesumme-Sinn, oder wäert d’Angscht virun der Verbreedung vum Virus eis awer zeréckhalen?

Related topics Burger, Confinement, Coronakris, Covid-19, Drive-In, Fast Food, Fritten, Iessen, Loscht, McDonalds, Police
Next post Previous post