Search

You may also like

Nees Accidenter an „Alk“ um Steier
Neiegkeeten

Nees Accidenter an „Alk“ um Steier

Wärend sech d‘Jugend beim Klimastreik ze behuele wousst, wat säitens

Grouss Final vum Tango High School Cup
Neiegkeeten

Grouss Final vum Tango High School Cup

E Samschdeg, den 10. Juli 2021 huet d’Final vum Tango

Chantier op der A13 tëscht Echangeur Schëffleng a Keel
Neiegkeeten

Chantier op der A13 tëscht Echangeur Schëffleng a Keel

De Weekend heescht et fir d’Autofuerer, nees eng Portioun Gedold

Doktere vun der Welt: Ouni Krankeversécherung an Doheem duerch d’Pandemie

Et geet ëm d'Gesondheet an Ongerechtegkeeten

Doktere vun der Welt: Ouni Krankeversécherung an Doheem duerch d’Pandemie

D’Doktere vun der Welt setze sech virun allem aus Benevollen zesummen, déi am vergaangene Joer ganzer 2.867 Consultatiounen an de Fleegezentren an der Stad Lëtzebuerg, sou wéi zu Esch-Uelzecht duerchgefouert hunn. Hir Clienten waren Persounen, déi eleng, aarm a schlecht ënnerbruecht sinn.

Ganzer 884 Persoune hunn 2019 vun engem medezinesche Suivi profitéieren, wouvunner 95 % an immenser Aarmut liewen. Ma, 79 % vun de Patienten hu mol keng Krankeversécherung. Mat der sanitärer Kris an de steigende Besoinen fuerderen d’Doktere vun der Welt, datt déi universell Krankeversécherung (CSU) schnell zu Lëtzebuerg agefouert gëtt.

Dobäi kënnt, datt prekär Wunnverhältnisser uerg Konsequenzen op d’Gesondheet an den Accès op Fleeg mat sech bréngen. Schliisslech zielt och Lëtzebuerg genuch Persounen, déi op der Strooss liewen. Dank der Ënnerstëtzung vum Gesondheetsministère konnt elo awer eng méi un d’Besoinen ugepasst medezinesch a sozial Offer opgestallt ginn.

Déi sanitär Kris fir d’Sans-Abrien

D’Asbl Doktere vun der Welt riicht sech un déi Vulnerabelst an eiser Bevëlkerung. Fir d’Ekipp war et selbstverständlech sech grad wärend der Pandemie dofir anzesetzen, datt Persounen ouni Daach iwwer dem Kapp, ouni Krankeversécherung, wa méiglech och nach al an erkrankt, beschtméiglech geschützt ginn an och d’Reegele vum Confinement ëmsetze kënnen. Mam reegelméissegen Accès op déi néideg Fleeg konnt een op hir Besoinen äntweren.

An den Zentren fir erweider Fleeg, sinn all Persounen mat Symptomer op d’Covid-19-Infektioun opgeholl a getest ginn. Sans-Abrien, sou wéi al a krank Persounen haten bei enger Ustiechung awer net d’Méiglechkeet, sech ze isoléieren. D’Doktere vun der Welt hu sech agesat, datt grad dës vulnerabel Persounen en Daach iwwert dem Kapp ze bidden.

Donieft sinn krank an infizéiert Persounen invitéiert ginn fir d’Wanteraktioun op de Findel ze kommen, an un enger wëssenschaftlecher Etüd deelzehuelen. Erauskoum, dat de Risiko fir eng Kontaminatioun bei 84,5 % läit, wann méi Persoune sech e Wunnraum deelen.

Aktuell schafft d’Ekipp enk mam Familljeministère zesummen, fir ënnert ugepasste Konditiounen zwee krank an eeler Sans-Abrien ënnerzebréngen. Eng Persoun ënnert hinnen leit u Kriibs, muss Chimiotherapie kréien a konnt an engem Hotel beherbergt ginn. Déi zweet Persoun huet schwéier Otemproblemer an ass provisoresch am Haus Omega ënnerbruecht ginn.

Op déi parlamentaresch Fro N°2367 vum 11. Juni huet d’Familljeministesch Corinne Cahen bestätegt, datt dës Persounen betreit wäerte ginn. D’Ekipp vun den Dokteren vun der Welt weist sech zouversiichtlech, datt d’Sans-Abrien an enger Struktur ënnerbruecht an do medezinesch versuergt ginn.

Generell muss den Accueil vu vulnerabele Persounen ouni Daach iwwert dem Kapp eng bedéngungslos Prioritéit vun der sozialer Aktioun sinn. Trotz prekärer Liewenssituatioun muss sech ëm hire Gesondheetszoustand gekëmmert an hinnen eng Plaz fir ze Wunnen gebuede ginn.

D’Doktere vun der Welt deelen zudeem mat, datt virun allem Persounen a prekäre Situatiounen (Logement, Aarbecht, Gesondheet) zu Lëtzebuerg besonnesch staark vun der wirtschaftlecher Kris betraff sinn. Ouni Adress hu si kee Recht op sozial Hëllef a si vu Preventiounscampagnen ausgeschloss.

Et gëtt gefuerdert, datt eise Gesondheetssystem méi inklusiv gëtt a Persounen an Nout och d’Recht op Fleeg an eng Krankeversécherung mussen hunn.

Opmaacherbild © Doktere vun der Welt

Related topics Covid-19, Doktere vun der Welt, Familljeministère, Gesondheet, Logement, MdM, Medecins du Monde, Pandemie, Prekaritéit, Rapport 2019, Sans-Abri
Next post Previous post