Mouvement Ecologique: Hallefhäerzeg Reforme fir de Klimaschutz

Gesetzesprojet zur Reform vun de Leasing Déngschtween bzw. zur „Klimabank“: Substantiell Nobesserungen am Sënn vun engem konsequente Klimaschutz a sozialer Gerechtegkeet gebueden!

An der leschter Ried zur Lag vun der Natioun huet de Staatsminister Xavier Bettel ausdrécklech betount, datt en dréngend Handelen am Klimaberäich gebuede wier. Och op internationalen Treffen setzt sech d’Lëtzebuerger Regierung fir e konsequente Klimaschutz an, deen zum Deel souguer iwwert dat bis dato Decidéiert hinausgoe soll.

Rezent gouf an dësem Zesummenhang den Asaz vun engem Bierger-Klimarot zu Lëtzebuerg virgestallt. D’Zil: Bierger*innen sollen Ureegungen erstellen, wéi eng Schrëtter zu Lëtzebuerg noutwenneg wieren a Saache Klimaschutz, déi iwwert déi am nationalen Energie- a Klimaplang virgesinne Moossnamen hinaus ginn.

Gläichzäiteg gëtt d’Regierung un, si géif konsequent Schrëtter zur Reduktioun vun der Energieaarmut an d’Weeër leeden. Parallel zu dëse begréissenswäerte Bekundungen, huet d’Regierung zwee Reformtexter virgeluecht, déi dësen Uspréch bei wäitem net gerecht ginn:

  • dat groussherzoglecht Reglement „ modifiant le règlement grand-ducal modifié du 23 décembre 2016 portant exécution de l’article 104, alinéa 3 de la loi modifiée du 4 décembre 1967 concernant l’impôt sur le revenu“ mat deem d’Bestëmmungen betreffend de Leasing Déngschtween reforméiert soll ginn;
  • de Gesetzesprojet „relative aux aides à des prêts climatiques“, spréch déi sougenannte „Klimabank“.

Dës Reformtexter zeechne sech no Usiicht vum Mouvement Ecologique duerch gravéierend Defiziter aus, well déi noutwenneg Koherenz zu de genannten Ziler net am noutwennegen Ausmooss ginn ass a si souguer am Widdersproch zu dëse stinn:

Feelend Konsequenz a Saache Klimaschutz: Lëtzebuerg verfeelt grad seng international Verflichtungen am Beräich CO2-Aspueren. Och d’Ëmsetzung vun den Ziler vum nationalen Energie- a Klimaplang riskéieren aktuell ze scheiteren. Wien elo denkt, d’Regierung géif esou – a priori begréissenswäert – legislativ Reformen notzen, fir de beschtméigleche Klimaschutz ze sécheren, deen iert sech.

Béid Reformtexter zeechnen sech duerch feelend Konsequenz a Saache Klimaschutz aus! Betreffend den Déngschtween profitéiere Verbrennungsmotoren ze laang iwwert en ze héije geldwäerte Virdeel, d’Moossnamen um Niveau vun der Klimabank gi wuel kaum mat der Attraktivitéit fir finanzschwaach Menagen erhéicht.

Fest steet: Wäert Lëtzebuerg weiderhin esou hallefhäerzeg déi noutwenneg Reformen ugoen, esou wäerte mir eis Klimaschutzziler ni erreechen …

Feelgeleet Investitioun vu staatleche Gelder: Déi aktuell Regierung scheitert bis dato un hirem eegenen Usproch, eng nohalteg Steierreform duerchzeféieren. Esou gi weiderhin de facto finanziell Ureizer gesat, déi éischter e klimaschiedlecht Verhale fërderen, wéi et ze verhënneren. Och déi oft versprachen Analys, a wéi fern grad staatlech Gelder kontraproduktiv am Sënn vum Klima- a Biodiversitéitsschutz investéiert ginn, läit nach net vir.

Datt elo awer d’Regierung mat béide virleiende Reformen dës Situatioun nach zementéiert an zum Deel souguer éischter Verschlechterungen entscheede well, ass a kenger Form ze akzeptéieren.

Ongerecht Moossnamen aus sozialpolitischer Siicht: Béid Reformtexter zeechne sech zudeem duerch eng sozial Ongerechtegkeet aus. Amplaz virun allem d’Menage mat gerénge Finanzmëttel an der „transition énergétique“ ze ënnerstëtzen, sollen an Zukunft Gelder souguer nach méi ondifferenzéiert, also ouni Récksiicht op déi finanziell Situatioun ausbezuelt ginn.

Dobäi sollen den esou wichtegen „Null-Kreditzinssaz“ sou wéi déi direkt Kapitalënnerstëtzung fir finanziell méi schwaach Haushälter am Kader vun der Klimabank souguer ofgeschaaft ginn … Bei den Déngschtween dogéint soll sech de Kaf vun engem Energiefriesser-Gefier weiderhin fir Persoune mat héijem Akommes lounen. Dat finanziell gefërdert vum Staat – also vun der Allgemengheet.

Parallel zu dëse kontraproduktive Reegelunge sollen awer d’Bierger*innen d’CO2-Steier als Lenkungsinstrument ze schätze wëssen: Wéi soll esou eng Akzeptanz fir klimaschutz-politesch Moossname garantéiert sinn?

Fir datt keng Mëssverständnesser opkommen: D’CO2-Steier ass wichteg fir déi energetesch Transitioun; de Mouvement Ecologique trëtt souguer mat aller Kraaft fir eng méi héich Bepreisung vun Zäregasemissiounen sou wéi eng laangfristeg plangbar Erhéijung am Laf vun de Joren an.

Mee: Akzeptanz fir esou Moossnamen léisst sech just schafen, wann d’Klimapolitik vun der Regierung och sozialgerecht an a sech konsistent ass. Béid Reformtexter erfëllen dësen Usproch net an tendéieren souguer éischter an déi falsch Richtung!

De Mouvement Ecologique erwaart dofir, datt

  • déi béid Reformtexter am Sënn vum Klimaschutz an enger méi staarker sozialer Balance iwwerschafft ginn;
  • Fakten oppegeluecht ginn, wéi vill Gelder iwwert d’CO2-Steier erakomm sinn, wéi dës réckverdeelt goufen a wéi dëst sech virun alle op déi finanziell méi schwaach Haushälter ausgewierkt huet;
  • d’Eckwäerter vun enger nohalteger Steierreform sou wéi d’Etüd zum Ofbau vun ëmweltschiedleche Subventiounen nach an dëser Legislaturperiod oppegeluecht ginn;
  • direkt e Gesamtkonzept mat konkrete Moossnamen zur méi staarker Ënnerstëtzung vu finanzschwachen Haushälter erstallt gëtt.

Matgedeelt vum Mouvement Ecologique

Latest news
Related news