Reform vum Naturschutzgesetz: Nobesserunge mat begrenztem Usproch!

Reaktioun vum Mouvement Ecologique zum Vott vun der Reform vum Naturschutzgesetz an der Chamber

D’Reform vun engem däraartegen zentrale Gesetz wéi dem vum Naturschutz, wat den Erhalt vun der natierlecher Ëmwelt zum Zil huet, muss logescherweis virun dem Hannergrond vum haitegen Zoustand vun der Biodiversitéit gekuckt ginn. Just wann een dës wëssenschaftlech Fakte virun Aen huet, ka bewäert ginn, a wéi fern eng Reform den Uspréch gerecht gëtt oder net.

Dem leschte Bericht vum „Observatoire de l’environnement naturel“ vun 2020 no befanne sech 2/3 vun de Liewensraim an engem ongënschtegen (18%) bis schlechten (50%) Erhaltungszoustand. Bei den eenzelen Aarten vun europäescher Bedeitung ass d’Situatioun nach méi alarméierend: 80% vun dëse geschützten Aarten befënnt sech an engem ongënschtege bis schlechten Erhaltungszoustand. 10 vun den insgesamt 13 mëttlerweil ausgestuerwene Vullenaarten sinn dobäi Aarte vun der oppener Landschaft.

Falls et net zu enger Trendwende kënnt, riskéiert Lëtzebuerg e weidere groussen Aarteverloscht an an noer Zukunft – wéinst Net-Beachtung vun der europäescher Flora-Fauna-Habitatrichtlinn an der Vulleschutzrichtlinn – eng Klo vum Europäesche Geriichtshaff. Stellt sech d’Fro, ob dat reforméiert Naturschutzgesetz e verstäerkte Beitrag zu engem effiziente Schutz duerstellt oder net?!

Begréissenswäert Neierungen, mee …

Sécherlech sinn e puer duerchgefouert Neierungen absolut begréissenswäert, wéi z.B.: D’Verankerung vun der Liichtverschmotzung am Gesetz; d’Erliichterung fir bestëmmt Aktivitéiten an de Beräicher Landwirtschaft, Gaart- oder Geméisubau; den Ausbau vum „droit de préemption“ op Flächen laanscht Waasserleef oder de Schutz vun „arbres remarquables“. Dat sinn positiv nei Elementer vum Reformtext.

Allerdéngs hätt een erwaarde kënnen, datt duerch eng nach méi ambitionéiert Reform souwuel en méi héije Schutz vun eiser natierlecher Ëmwelt, wéi och eng Steigerung vun der Akzeptanz fir Naturschutz-Moossnamen hätten erreecht kënne ginn.

Bestëmmungen, bezéiungsweis administrativ Reegelungen, déi zu Akzeptanzproblemer bei grousse Bevëlkerungskreesser féieren, onnéideg Verlängerunge vu Prozeduren no sech zéien oder dem Aarten- a Biodiversitéitsschutz net vill bréngen, hätte méi konsequent behuewe misste ginn!

Naturschutz muss sech souwuel u wëssenschaftleche Fakten orientéieren (en Aspekt, deen esou munch Kritiker ignoréieren) wéi och d’Akzeptanz vun de Bierger*innen als wichtegt Element vun der Ëmsetzung vu Moossnamen am A behalen.

De Mouvement Ecologique ass ënnert anerem fir eng Rei vun Ännerungen agetrueden, déi leider net vun dëser Regierung sou wéi der Chamber zeréckbehale goufen:

Noutwenneg wier eng stufeweis Legaliséierung vum sougenannte Biotopekadaster gewiescht (dësen erfaasst grafesch och fir de Laien schwéier erkennbar a geschützte Biotopen). Aktuell feelt dësem eng rechtlech verbindlech Grondlag. Dobäi stellt en eng objektiv an transparent Basis fir Entscheedungen am Naturschutzberäich duer.

Momentan scheie Besëtzer vu Land zudeem zeréck Naturschutzmoossnamen ze ergräifen, bzw. Zouzeloossen, well se doraus resultéierend verbindlech Oploen an der Zukunft befierchten. Eng héchst problematesch Situatioun, déi duerch d’Aféierung vun der „Natur op Zäit“ – d.h. Engem reduzéierte Schutzstatus vun esou entstane Biotopen – hätt opgefaange kënne ginn. Esou Flächen hätte soumat op mannst fir e begrenzten Zäitraum als Liewensraum fir Aarte gewonne kënne ginn.

Virun allem hätt dem Mouvement Ecologique no awer eng Reform vum Kompensatiounssystem beim Agräifen an d’Natur erfolge missen. Amplaz datt z.B. Agrëffer konkret a reell ausgeglach ginn, geet et aktuell a ville Fäll duer einfach Gelder an e Fong anzespeisen. Eng Kompensatioun soll dann eréischt Jore méi spéit erfollegen.

D’Resultat: D’Natur op der Plaz geet weider verluer, de Biodiversitéitsverloscht geet weider … an op ville Plazen hëlt d’Liewensqualitéit of. Dobäi kënnt, datt den haitege System et grad fërdert, datt a Ballungsgebidder, an deene Siidlungsdrock herrscht, d’Natur weider zerstéiert gëtt an dëse Verloscht a ländleche Gemenge kompenséiert gëtt…

Eng absurd Situatioun: Et wier dach gebiede gewiescht, grad do d’Natur an och d’Liewensqualitéit ze erhalen, sou se manner ausgepräägt present ass. D’Gesetz gesäit awer just a ganz spezifesche Fäll vir, datt de Verloscht op der Plaz kompenséiert misst ginn, also am direkten Ëmwelt vun engem Projet. Aner Kompensatioune ginn an nationale „Flächepools“ kompenséiert, falls keng regional ausgewise sinn.

Reforme vun der landwirtschaftlecher Praxis noutwenneg

Déi virleiend Reform bitt gutt Usätz, se gëtt ugesiichts vum dramatesche Biodiversitéitsverloscht den Uspréch net, bzw. net eleng am noutwennegen Ausmooss gerecht. D’Chance zum Bürokratie-Ofbau an zur Erhéijung vun der Akzeptanz gi just begrenzt genotzt.

E wëssenschaftlech beluechte Fakt ass, datt de Biodiversitéitsverloscht besonnesch vun de landwirtschaftlechen Aktivitéite verursaacht gëtt. A sou fern si virun allem fundamental Reformen um Niveau vun der landwirtschaftlecher Praxis noutwenneg.

Well een déi natierlech Liewensgrondlagen erhalen, esou ass zwar en optimiséiert Naturschutzgesetz wichteg. Allerdéngs muss de Fokus an Zukunft virun allem um Niveau vun der gesetzlecher Kader- an der Fëderpraxis am landwirtschaftleche Secteur leien.

Dofir si virun allem fundamental Ännerungen am Entworf vum Lëtzebuerger Strategieplang zur Ëmsetzung vun der europäescher Agrarreform noutwenneg. Hei sinn d’Regierung an de Landwirtschaftsministère gefuerdert!

Matgedeelt vum Mouvement Ecologique

Annexe:

Latest news
Related news