Search

You may also like

EU-Sommet: De forcéierte „Migratiouns-Accord“ ass net zefriddestellend
Neiegkeeten

EU-Sommet: De forcéierte „Migratiouns-Accord“ ass net zefriddestellend

D’Europäer hunn hire Sträit am Dossier „Migratioun“ net bäigeluecht kritt.

Den neierleche Lockdown provozéiert
Neiegkeeten

Den neierleche Lockdown provozéiert

An enger Rei Länner vun der Europäescher Unioun, mee och

EU-Sommet: Et brennt ee Liicht um Enn vum Tunnel
Neiegkeeten

EU-Sommet: Et brennt ee Liicht um Enn vum Tunnel

Stonnelaang hunn d‘Staats- a Regierungscheffe vun der Unioun iwwer Finanzhëllefen,

Medeziner fuerderen de Lockdown

Medeziner fuerderen de Lockdown

Wärend sech gëschter an der Chamber d‘Politiker verbal gezësst hunn an dobäi op en neits ee Covid19-Gesetz erauskomm ass, datt een als „ëmstridden“ dierft gutt beschriwwen hunn, ass de Gesondheetssecteur maximal alertéiert a fuerdert net méi an net manner, d‘Aféierung vun engem neie Lockdown.

De Medezinner an de Spideeler hir Aussoe sinn de geneeë Géigendeel vun deem wat de Chef vun der Gesondheetsdirektioun Dr. Jean-Claude Schmit, deen nach um Mëttwoch ënnerstrach huet, datt een alles ënner Kontroll hätt. Mee gutt, datt huet de Premierminister Xavier Bettel (DP) a senger Ried zur Lag vun der Natioun och nach viru gutt 14 Deeg esou behaapt, a wousst et do scho besser.

Et widdersprécht och am grousse Ganzen allem wat sech en Donneschdeg an der Chamber esou erzielt ginn ass. Esou ass dann och den Tweet vum Dr. Jean Reuter, Intensivmedezinner am CHL, zimmlech däitlech, fir net ze soen onmëssverständlech formuléiert. Hie muss sech dann och net, esou wéi et de Xavier Bettel mécht, op säi Bauchgefill verloossen, et geet duer d‘Aen opzemaachen.

Am CHL si wuel fir den Ament „nëmmen“ 8 vun den 18 Intensivbetter mat Covid19-Patiente beluecht, wat jo net heescht, datt et net aner Patienten op der Intensivstatioun huet. Generell ass et richteg ze behaapten, datt eis Spideeler nach net vun enger imminenter Katastroph bedreet ginn, woubäi kee vun de Medezinner gewëllt ass et iwwerhaapt esouwäit kommen ze loossen.

De medezinesche Corps weist an dësem Kontext drop hin, datt och wann sech d‘Bevëlkerung elo direkt selwer stramm aschränkt, bannent den nächste 14 Deeg d‘Better awer wäerte voll sinn, wat mat alle Mëttel sollt verhënnert ginn. Bis zu 6 Leit mussen sech ëm ee Covid19-Patient këmmere wann dëse bis intensiv muss behandelt/beotemt ginn. Do läit dann och dee ganze Problem.

Kucke wat d‘Nopere maachen ass gutt, lauschtere wat d‘Doktere soen ass besser

Wann et sécher méiglech ass d‘Zuel vun de Better maximal ze erhéijen, esou notzen déi wéineg, wa kee Personal do ass, datt sech këmmere kann. Et ass dann och net esou, wéi wann dëst „Personal“ net och vun der Pandemie betraff wier. Net ze vergiessen, datt dëst „Personal“ scho wärend der éischter Well maximal belaascht ginn ass, a bis ewell keng Zäit krut „d‘Batterien nees opzelueden“.

Gëschter gouf an der Chamber och de Ruff no engem dem Covid19 dediéierte Spidol widderholl. Dat hätt een iwwert de Summer misse virbereeden, woubäi et déi berechtegt Fro gëtt, wéi eent dës Roll soll iwwerhuelen. De Gedanken awer ass per se éischter wëllkomm, an et kéint eng Rei aner Problemer léisen. Mee gëtt et hei ee politesche Wëllen a wéi laang brauch et dat ëmzesetzen.

Richteg ass, wéi eis vun enger Urgentistin déi net wollt ernimmt ginn zougedroe gouf, datt esou eng zentral Plaz op aneren Niveaue kéint entlaaschten, an zumindest sécherstelle géif, datt Mënschen déi op hir Operatioun waarden, déi och nach erliewen. Wann ee gesäit, datt de CHEM schonn nees Patienten an der Cafeteria behandelt, sollt offensichtlech sinn, datt vun Organisatioun net rieds ass.

Mee net nëmmen d‘Politik, also Regierung a Chamber, missten dës Optioun enger Analys zäitno ënnerzéien, och d‘Direktioune vun de Spideeler wiere gutt beroden d‘Käpp zesummenzestiechen an eventuell esou eppes wéi ee Plang auszeschaffen, deen an esou eng Richtung geet. A jo, datt hätt längst misse geschitt sinn, mee de Réckbléck bréngt eis elo net weider. Elo brauch et Decisiounen.

Illustratioun: Better am Beotmungsapparater loossen sech méi liicht fannen, wéi d‘Personal dat dës dann och mussen um lafen halen. © Jodie Covington / unsplash

Related topics Covid19, Covid19-Gesetz, Gesondheetssystem, iwwerlaaschtung, Spidol
Next post Previous post