Search

You may also like

Wéinst der Hëtztwell gëtt viru Bëschbränn gewarnt
Meenung Neiegkeeten

Wéinst der Hëtztwell gëtt viru Bëschbränn gewarnt

Ugesiichts der grousser Hëtzt an der domatter zesummenhänkender Dréchent, besteet

Karting Ladies Cup: Zoe Knebler séchert sech eng Plaz um Podium
Meenung Neiegkeeten

Karting Ladies Cup: Zoe Knebler séchert sech eng Plaz um Podium

Et war nees ee vun deene „wichtegen“ Datumer am Rennkalenner

money
Fantastesch Entwécklung am Logement
Meenung Neiegkeeten

Fantastesch Entwécklung am Logement

Gëschter huet de Statec sech zur Lag vun der Präisentwécklung

Medezinesche Cannbis: Déi bestallte Quantitéit wäert net duergoen

Medezinesche Cannbis: Déi bestallte Quantitéit wäert net duergoen

D’Gesondheetsministesch hat an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun de Pirate gesot, datt een neie Fournisseur fir medezinesche Cannabis fonnt ginn ass. Leider wäerten déi bestallte Quantitéiten, wéi sech elo gewisen huet, awer definitiv net duergoen, fir all d’Patiente bis d’nächst Joer ze versuergen.

D’Patiente kënne soumat weiderhin net mat hiren dréngend néidegen Traitementer weiderfueren. Fir d’Piraten ass dësen Ëmstand absolut net acceptabel a mir fuerderen, datt de Gesondheetsministère schnellstméiglech méi héisch Quantitéiten u Planzen an Ueleg nobestellt.

Detailer zum néie Fournisseur an zu de Liwwerunge vu medezineschem Cannabis hat d’Ministesch an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun eis genannt: Déi däitsch Néierloossung vum weltwäit gréisste medezineschen-Cannabis-Produzent huet all d’Konditioune vun der Ausschreiwung erfëllt a laut Ministère ass eng éischt Liwwerung fir Enn September virgesinn.

Dat huet sech no gudden Noriichten unhéieren – bis een da gewuer gouf, wéi vill Cannabis tatsächlech bestallt gouf. Fir déi lescht 3 Méint vum Joer goufen elo 30 Kilogramm bestallt, obwuel gewosst ass, dass an deenen éischte 4 Méint vum Joer zu Lëtzebuerg 70 Kilogramm medezinesche Cannabis verschriwwe goufen.

Den Deputéierte Sven Clement vun de Pirate seet dozou:

„Elo waarden dës Leit schonn een halleft Joer drop, dass si endlech erëm kënnen hiert Medikament huelen. Een halleft Joer an deem si hu mussen op Schmerzmëttel, déi jo awer schwéier Niewewierkunge kënnen hunn, zréckgräifen. Firwat goufen elo net méi grouss Quantitéite bestallt? Ware mer ze spéit un fir méi eng grouss Commande ze maachen oder wollt hei ee Sue spueren? Esou oder esou ass et eng fahrlässeg Decisioun, déi groussen Afloss op d’Gesondheet vun de Betraffene kann hunn.“

D’Pirate fuerderen, dass de Ministère direkt weider Planzen an Ueleg nobestellt, esou dass all Patient ka sécher sinn, dass e säin Traitement ouni weider Ënnerbriechung ka fortféieren. Mir dierfen net an eng Situatioun vun engem Rush op d’Apdikte kommen, bei deem déi geréng Quantitéiten, déi nach do sinn, dann nom Prinzip first come first serve verdeelt ginn.

Matgedeelt vun der Pirate-Partei

Opmaacherbild: © Richard T / unsplash

Related topics Fournisseur, Gesondheetsministesch, medezinesche Cannabis, parlamentaresch Fro, Peng, Piraten, Quantitéit, Traitement
Next post Previous post