Search

You may also like

A lass: Ënnerwee um Lëtzebuerger Jakobswee
Neiegkeeten

A lass: Ënnerwee um Lëtzebuerger Jakobswee

180 Kilometer a 7 Deeg – Dat ass d’Zil vum

Bahamas: en éischte virsiichtege Bilan
Neiegkeeten

Bahamas: en éischte virsiichtege Bilan

Nom schwéiere Stuerm deen sech regelrecht iwwert d‘Archipel vun de

Et gëtt Saachen dat gleefs de net
Neiegkeeten

Et gëtt Saachen dat gleefs de net

Kléngt wéi e Witz an a gewësser Form muss een

D‘Medezinner zu Lëtzebuerg fänken un „al“ ze ginn

Studentenorganisatioun ALEM net iwwerzeegt, datt all pensionéierten Dokter ze ersetzen ass

D‘Medezinner zu Lëtzebuerg fänken un „al“ ze ginn

Datt et schonn Enkpäss beim „operative“ Personal (Infirmier/Aide-soignant) gëtt, dat ass bekannt, elo schéngt Lëtzebuerg och nach eng Penurie un Dokteren ze dreeën. Laut der ALEM (Lëtzebuerger Medezinsstudenten), déi e Freideg hir Generalversammlung hat, ass dës Angscht absolut justifiéiert.

Et wier ee vum Gesondheetsminister Etienne Schneider sengen éischte Chantiere fir 2020 gewiescht an ëm dee muss sech elo d‘Paulette Lenert këmmeren, well de Minister huet es genuch vun der Politik. Fir d‘ALEM, déi iwwert déi lescht Méint esouwuel am Ministère selwer, wéi och mat der Universitéit zu Lëtzebuerg am Gespréich war, fir déi „medezinesch Wüst“ ze verhënneren, gëtt 2020 éischter mitigéiert ugefaangen.

Si erhoffen sech séier mat der delegéierter Ministesch déi lancéiert Gespréicher weiderféieren ze kënnen. Et gouf awer och begréisst, datt den Etienne Schneider eng nei demographesch Etüd vir Sënnvoll hält. Déi lescht Rezensioun vun de Dokteren hat d‘ALEM 2011 an Optrag ginn an déi war net erfreelech. D‘ALEM hat erausfonnt, datt vun de ronn 2.000 Medeziner déi zu Lëtzebuerg aktiv sinn, d‘Hallschent iwwer 55 Joer al ass.

Laut de Berechnunge vun de Lëtzebuerger Medezinsstudenten, kënnen des Departen net vun de gutt 1.000 Medezinsstudente kompenséiert ginn. Dat wier och der Dauer vun de Studien (12 Joer) zouzeschreiwen. Et wier also elo ubruecht, sech d‘Zuelen nach emol ganz genee unzekucken, fir net vun de Fakte kal erwëscht ze ginn. D‘ALEM weist drop hin, datt déi nei Generatioun vun Dokteren net méi gewëllt ass 100 Stonne/Woch ze schaffen…

Et wäert zu Verännerunge kommen

Säitens der ALEM heescht et weider, datt sech d‘Leit dann och mussen drop astellen, datt et zu ëmmer méi Gemeinschaftspraxissen, mat méi Doktere komme wäert. Dat huet esouwuel finanziell Ursaachen, wei et och domatter zesummenhänkt, datt déi nei Generatioune Privat- a Beruffsliewen „harmonesch“ vunenaner trenne wëllen.

D‘Medezinsstudente begréissen, datt d‘Regierung Finanzmëttel bereet hält fir den zukünftegen Dokteren de Start an d‘Beruffsliewen – zum Beispill bei der Erëffnung vun enger Praxis – eppes ze erliichteren, fuerdert awer weider Moossnamen. Esou kéint eng Sensibiliséierungscampagne an de Lycéeën hëllefen. Virstellbar wier e „Ministage“ fir d‘Studenten am Spidol, deen derzou bäidroe kann, datt all d‘Facette vum Beruff ersiichtlech ginn.

A well se bei der ALEM wëssen, datt och dat nëmmen ee klenge Schratt bedeit, fuerderen si datt sech d‘Regierung „elo“ en Aktiounsplang fir déi nächst zéng Joer gëtt. De Lancement vun engem Bachelor a Medezin op der Universitéit zu Lëtzebuerg (Hiecht 2020) ass e gudden Ufank an muss Deel vum Aktiounsplang sinn. Si weisen allerdéngs drop hinn, datt dës Formatioun vun dräi Joer de Problem eleng net léise wäert.

Related topics ALEM, Bachelor, Medezinner, Medezinsstudenten, Penurie, Universitéit Lëtzebuerg
Next post Previous post