Search

You may also like

What the Fakt – Viru ronn 5000 Joer entsteet de Brauch vun Halloween
Neiegkeeten WTF

What the Fakt – Viru ronn 5000 Joer entsteet de Brauch vun Halloween

Haut ass et nees esou wäit. Elle Gestalten a Grujelfilmer

Flott a wäertvoll: eng Ausstellung éiert d‘Wierk vum Abbé Gloden
Neiegkeeten WTF

Flott a wäertvoll: eng Ausstellung éiert d‘Wierk vum Abbé Gloden

Et ginn net vill Vernissagen, déi een emotional esou matrappe

surprise
SpaceX: Déi gréisste Rakéit vun der Welt ass um Wee Richtung Mars
Neiegkeeten WTF

SpaceX: Déi gréisste Rakéit vun der Welt ass um Wee Richtung Mars

D‘Falcon Heavy vu SpaceX ass um Dënschdeg op seng éischt

surprise

Medie gi kloer iwwerbewäert

De Premier- a Kommunikatiounsminister geet nei Weeër a wennt sech via Facebook direkt un d‘Natioun

Medie gi kloer iwwerbewäert

Et ass sech säitens de Medie scho vill iwwert d‘Kommunikatiounsstrategie vum Premier Xavier Bettel gewonnert ginn an och d‘Bierger hunn an de leschte Woche besser Informatioune säitens der Regierung gewënscht. An engem Post op Facebook, huet sech de Premierminister ee Freideg elo direkt un eben d‘Bierger am Land adresséiert an de Standpunkt vun der Regierung duergeluecht.

Medie

Am grousse Ganze geet emol virun allem drëms d‘Leit ze motivéieren déi vun der Regierung beschlosse Moossnamen anzehalen, och (oder vläicht grad) wann dës engem net ëmmer op den éischte Bléck koherent virkommen. D‘Awunner vu Lëtzebuerg wieren drop ugewisen, datt all Mënsch matspillt a sech un Reegelen hält. Et ass dat eng Fro vu Verantwortung a vu Respekt.

Ob elo d‘Situatioun, esou wéi se de Xavier Bettel op Facebook beschreift tatsächlech „stabil“ ass, sief dohigestallt, richteg ass awer och weiderhin, datt mir all Deel vun der Léisung sinn. Et kann een esouguer Versteesdemech dofir opbréngen, datt d‘Regierung et virzitt léiwer „lues weiderzelafen“ wéi eng Paus anzeleeën, wat awer elo och net ausschléisst, datt weider Mesuren noutwenneg ginn.

Illustratioun: Wann d‘Medien d‘Saachen net esou duerstelle wéi ee sech dat erhofft huet, deet ee gutt drun seng Siicht selwer, a virun allem mat eegene Wierder ze presentéieren. Firwat de Premier dofir Facebook benotzt huet an net de Studio vu Bertelsmann um Kierchbierg? Ma well d‘Bierger méi an de sozialen Netzwierker ënnerwee sinn, wéi datt se géife RTL kucken/lauschteren… © Russlan Zaplatin / unsplash

Related topics Covid19, Duerchhalen, Facebook, Kommunikatioun, Kommunikatiounsminister, Medien, Premierminister, Solidaritéit, Xavier Bettel
Next post Previous post