Editorial: Vu Prüfungsdrock an Zukunftsangscht
Mam Minister Claude Meisch sengem Video zur Begréissung am Kader
Mam Minister Claude Meisch sengem Video zur Begréissung am Kader
Esch bougéiert, an zwar an eng attraktiv, angenehm an artistesch
D’Lëtzebuerger Vëlos-Initiative (LVI) freet sech iwwert dem ACL seng Beméiunge
Fir déi allermeeschte Medie stellt sech am Kontext vun der Pandemie eng grouss Fro: „Wéi laang packe mir et ouni Reklammen?“. Eng duerchaus berechtegt Fro, well eigentlech sinn se – och wann et zu Lëtzebuerg esou eppes wéi eng Subventioun fir d‘Medie gëtt – zolidd drop ugewisen. Mee wann d‘Entreprisen an d‘Butteker zou hunn, ass verständlech datt si och keng Reklamm maachen.
Heirënner leiden, bis op eng Ausnam, eigentlech all d‘Medie firwat de Laurent Mosar elo emol eng parlamentaresch Fro un den Zoustännege Minister geriicht huet. Hie bezitt hei op eng Interventioun vum Chefredakter vum Tageblatt an dem CEO vu „Maison Moderne“, déi festgestallt hunn, dat dës essentiell Geldquell zanter dem Antrëtt vum Noutstand opgehalen huet mat spruddelen.
Wéi et heescht, soll de Generaldirekter vum Grupp St. Paul (Bistum) de Paul Peckels op Nofro vum Radio Honnertkommasiwen bestätegt hunn, datt si aus dësem Grond ee groussen Deel vun hiren honnerte Journalisten hu missen a Kuerzaarbecht setzen. „An de kommerzielle Beräicher wieren d‘Aktivitéiten deemno ‚quasi‘agestallt ginn“. Hei gesäit also d‘Zukunft och net esou roseg aus.
Elo dierf een awer ze bedenke ginn, datt wann engem d‘Reklammen, net awer d‘Lieser ausginn, wéi ee Sënn et mécht, de 17. Abrëll iwwer 300.000 „Luxemburger Wort“ am ganze Land ze verdeelen? Dat passt net zu „eidele Keesen“. A Krisen- wéi a konjunkturell gudden Zäiten, esou zumindest ass et geduecht, sollt mat senge Ressource vernënfteg ëmgoen. Mee stécht jo vläicht méi derhannert.
An senger Fro vu gëschter wëll den CSV-Deputéierten dann elo vum Xavier Bettel wëssen, op ee virgesinn huet de Medien – déi jo nach alleguerten zimmlech aktiv sinn – spezifesch Hëllefen zouzegestoen. Hie wëll dann och wëssen, ob bekannt ass, wéi vill Journalisten den Ament am partielle Chômage „geparkt“ goufen. Ouni Sport, Kultur an Dëppefester ginn se net all gebraucht.
Wann een sech elo net direkt déi gréisste Suerge fir eis Beruffsjournaliste muss maachen, esou muss begréisst ginn, datt de Laurent Mosar, wuel een vun de ganz wéinegen ass, deem och déi als „Free Lance“ verkläerte Fräiberuffler net friem sinn. Si sinn d‘Dageléiner an esou eppes wéi ee Kontrakt hunn déi mannste Korrespondenten. Ginn si als Independant betruecht a kréien déi selwecht Hëllef?
Et ass dee wichtegste Part an der ganzer parlamentarescher Fro, well vläicht weess dat net jidderee mee, de gréissten Deel vun de Beiträg am Sport- a Kulturberäich, gëtt vun dëse Korrespondente geleescht. Elo maachen déi meescht dat wuel als „Niewenjob“, mee eng net onerhieflech Mass u Journalisten a Pressefotografe liewen nëmme vun dësem éischter klengem Akommes.
Och am Presserot, fänkt een un sech Gedanken ze maachen. D‘Presidentin vum Presserot, Ines Kurschat, déi sech gëschter op der Antenn vum Honnertkommasiwen zur Lag vun de Medien ausgedréckt huet, ass dann och kuerz op dëse spezifesche Beräich vum Journalismus agaangen. Fussball a Sport generell, mä och Theater oder Kino a Concerten, hei leeft den Ament guer keng.
Ee Punkt deen dann den honorabelen Deputéierte vun der CSV-Fraktioun net opgeworf huet, huet mat Aart a Weis ze dinn, wéi d‘Regierung, a virun allem mat wiem d‘Regierung kommunizéiert. Datt de Bertelsmann-RTL Grupp, dee jo am Staatsoptrag bericht eng privilegiéiert Plaz huet, dat muss engem net gefalen, mee ass awer verständlech. Duerno ass et eng Fro vun der „Relatioun“
Datt et keng Gläichbehandlung gëtt, datt ass kee Virworf deen een dem Presserot maache kann, a wann auserwielte Journalisten d‘Froe vun de Kollegen an de Videokonferenze solle weiderginn, kann een och net erwaarden datt so jiddereen zu Wuert kënnt. Och d‘Ines Kurschat hat zuweilen esou eng Roll opgedroe kritt. De „Froe-Spektrum“ huet dat leider net erweidert wat schued ass.
Um Honnertkommasiwen awer, huet si vun der Regierung eng „méi Transparent Kommunikatioun“ gefuerdert, déi haaptsächlech an der Fuerderung bestanen huet, datt d‘Regierung misst de Leit soen, op wéi enger Grondlag Si hir Decisiounen – bezunn op de Deconfinement – fundéiert. Dës Fro stelle mir säit dem 15. Abrëll, deeglech, also säit der Ukënnegung, un déi zoustänneg Autoritéiten.
Erfreelech dann awer d‘Annonce, datt de Presserot Proposen ausschafft, fir nees eppes Normalitéit an eis Aarbecht ze bréngen. Et sollt jo am Kontext vun der Reprise – ënner Anhale vu gewësse Reegelen – méiglech sinn nees Journalisten zu Pressekonferenzen zouzeloossen. Op wat dës Propose fundéieren a wien déi ausschafft? Et schéngt ee sech op Expertisen aus dem Ausland ze stäipen…
Illustratioun: © Bank Phrom / unsplash