Search

You may also like

Weess du, a wéi enge Gemengen dës Uertschafte leien? – 3
Kultur Neiegkeeten

Weess du, a wéi enge Gemengen dës Uertschafte leien? – 3

[onionbuzz quiz-id=81][/onionbuzz] Lëtzebuerg huet vill kleng a grouss Uertschaften. Mee

Groussherzoglech Famill trauert ëm d‘Kathedral Notre-Dame
Kultur Neiegkeeten

Groussherzoglech Famill trauert ëm d‘Kathedral Notre-Dame

An engem Telegramm un de franséische President Emmanuel Macron, hunn

Dokter geet no Beruffsverbuet an Appell
Kultur Neiegkeeten

Dokter geet no Beruffsverbuet an Appell

Nodeems den Dokter Benoît Ochs de 14. Juli vum Disziplinarrot

Erliewen, selwer kreéieren, zesumme sinn: Mir gesinn eis am Musée!

Erliewen, selwer kreéieren, zesumme sinn: Mir gesinn eis am Musée!

De 24. Oktober an den 28. November 2021 wäert mat „Meet me at the museum“ eng bëssen aner kulturell Visitt ugebuede ginn. Hei gi Konscht, Live-Musek a Fotografie verbonnen an Eegeninitiativ gefrot.

D‘Fondation EME an d‘Villa Vauban hu sech fir dëse besonnesche Projet zesummegedoen, a wëllen net nëmme jidderengem den Zougang zur Kultur erméiglechen, mee och den Echange an d‘Zesummesinn fërderen.

Zu ausgewielte Stécker ginn et, wéi een et fir eng Visitt gewinnt ass, passend Erklärungen. Dës gi musikalesch begleet vum Jenny Spielmann (Responsabel vum Projet) an den OPL-Violonisten Attila Keresztesi an Andrii Chugai.

Et gëtt kee Richteg oder Falsch, an esou soll ee sech fräi fillen, eege Gedanken a Gefiller auszedrécken. Schliisslech kritt de Visiteur d‘Méiglechkeet en eegent Stillleben ze erstellen, dëst an Zeen ze setzen a mat enger Foto festzehalen.

Ma, bei „Meet me at the museum“ solle Generatiounen openeentreffen, ganz Famillen deelhuelen. Erlieft een esou eng Erfarung zesummen, léiert een och vuneneen a wiisst als Grupp zesummen. A genee dat ass dach dat Schéint um Erliefnis!

Dëse Projet fënnt de 24. Oktober an den 28. November jeeweils um 14:30 statt, ass gratis a fir all Alter geduecht. Bis spéitstens den 23. Oktober sollen interesséiert Persoune sech iwwert contact@fondation-eme.lu aschreiwen.

Opmaacherbild: Fondation EME

Related topics Andrii Chugai, Attila Keresztesi, Fondation EME, Fotografie, Generatiounen, Guidéiert Visitt, interaktiivt Erliefnis, Konscht, Meet me at the museum, Musek, Villa Vauban, Zesummenhalt
Next post Previous post