Search

You may also like

Stad Lëtzebuerg: Vereedegung vun 61 Fonctionnairen
Neiegkeeten

Stad Lëtzebuerg: Vereedegung vun 61 Fonctionnairen

E Freideg huet d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer 61 nei Fonctionnairen

Logementsminister vun de Loyeren „iwwerrascht“
Neiegkeeten

Logementsminister vun de Loyeren „iwwerrascht“

De Logement zu Lëtzebuerg ass een zolitte Problem, deen d‘Politik

7 Saachen, déi s du nach net iwwert Fast Food wousst
Neiegkeeten

7 Saachen, déi s du nach net iwwert Fast Food wousst

Haut ass de Fast Food Day. Op mannst an den

E Mega-Bus fir d‘Grenzgänger aus dem héijen Uelzechtdall

De Bléck an déi demographesch Kristallkugel erzwéngt Moossnamen am ëffentlechen Transport

E Mega-Bus fir d‘Grenzgänger aus dem héijen Uelzechtdall

Am Kontext vun der digitaler Presentatioun vum „séieren Tram“ an dësem sengem multimodale Kontext, huet den Transportminister François Bausch (déi gréng) zesumme mam Deputé-Maire vun Esch-Uelzecht, Josy Mischo (CSV) d‘Konzept vun engem „Bus mat héijem Service-Niveau“ virgestallt. Dëse Mega-Bus soll dat franséischt héicht Uelzechtdall, mat der Escher Gar verbannen.

Esou wéi et duergestallt gëtt, géifen zu Stonn Analysen a Studie realiséiert, déi an den nationale Mobilitéitsplang 2035 afléisse sollen. Éischt Erkenntnisser géifen däitlech maachen, datt et eng substantiell Verbesserung vun der bestoender Offer muss ginn. De Grond: déi demographesch Entwécklung vum „héijen Uelzechtdall“ an och der Regioun ëm d‘Stad Esch-Uelzecht.

Laut der Duerstellung vum Ministère, géif et dee gréissten demographeschen Zouwuess net am Ëmfeld vun der Gar zu Däitsch-Oth ginn, mee zu Micheville, dat jo direkt mam Quartier-Belval verbonnen ass. Op Lëtzebuerger Säit sinn de Quartier „Rout-Lëns“ an den Ausbau vun de Frichen op Esch-Schëffleng zu Wunnquartieren, d‘Quelle vun der demographescher Entwécklung.

Alles Leit déi schaffe sollen a wuel och mussen, ergo sech deplacéiere wäerten an dat fir déi meescht zur genee selwechter Zäit. Dat awer kann aktuell weder eist d‘Stroossennetz nach den ëffentlechen Transport leeschten. Wann, esou zumindest d‘Previsiounen, dat héicht Uelzechtdall 2035 esouvill Awunner soll zielen, wéi dat elo zu Esch schonn de Fall ass, géif näischt méi goen.

Plangen ass ëmmer gutt

Fir dësem analytesch previsibelen demographesche Wandel Rechnung ze droen, wëll de Minister zesumme mam Buergermeeschter, elo och dofir Suerg droen, datt d‘Offer an d‘Attraktivitéit vum multimodale Konzept verbessert ginn. Et brauch dofir ee besseren Zougang zur Escher Gar an et mussen attraktiv Verbindunge mam „séieren Tram“ an den „express Vëlospiste“ geschafe ginn.

An hei kënnt dee sougenannte grenziwwerschreidende „Bus mat héijem Service-Niveau“ (BNHS) an d‘Spill. Dëse Mega-Bus soll Micheville mat Däitsch-Oth, dem Quartier „rout Lëns“, d‘Escher Gar, d‘Friche vun Esch-Schëffleng (mat sengem Arrêt fir de séieren Tram) an dem „BNHS – Ost-West“ – dee Péiteng mat Diddeleng verbënnt – matenaner verbannen. Mee gutt et ass just de Plang.

E Plang dee Virgesäit, datt de Mega-Bus op sengem Haaptkorridor eng Kadenz vu fënnef Minutten anhale géif. Hei misst een elo op eng Rei Detailer vum „Plang“ agoen, woubäi dësen – wann iwwerhaapt – jo eréischt a 15 Joer kann/muss ëmgesat ginn. Bis dohinner leeft nach vill Waasser d‘Uelzechtdall erof, an do kënnt et gewëss zu Upassungen a Verännerungen. Also eppes Gedold…

Firwat de Plang awer Sënn mécht

Wann et wuel wéineg Sënn mécht sech dem Plang am Detail unzehuelen, esou gëtt et eng Rei gutt Grënn, firwat esouwuel de Minister wéi och de Buergermeeschter vun Esch-Uelzecht, dorunner vill Gefale fannen. Et geet jo net eleng drëms eng attraktiv multimodal Mobilitéitsoffer op d‘Been ze stellen, mee hei och d‘Jalone fir den urbanisteschen Ausbau béidersäits der Grenz ze leeën.

Elo huet de François Bausch vun der Schafung vun enger grenziwwerschreidender Agglomeratioun geschwat, woubäi et an dësem Zesummenhang nach keng Verhandlunge mat de franséischen dofir an der Verantwortung stoend Politiker ginn huet. Si wéissten awer scho Bescheed. Bei dësem Plang geet et dann och ëm vill Geld, wat och nees dierft zu Awänn säitens de Fransouse féieren.

An natierlech kann ee sech, grad an esou ongewëssen Zäite wéi mir se aktuell duerchliewen, froen ob et net vläicht Wichtegeres huet, wéi ze iwwerleeën, wéi een a 15 Joer d‘Mobilitéit esou ka gestalten, datt jidderee bequem a stressfräi op seng Schaff gëtt. Dorops kann ee soen, datt wann ee sech esou Plang 2005 beim Logement ginn hätt, et méiglecherweis géif besser ausgesinn…

Illustratioun: © Med Badr Chammaoui / unsplash

Related topics BHNS, Däitsch-Oth, demographesche Wandel, Esch-Uelzecht, express Vëlospisten, Frichen Esch-Schëffleng, Mega-Bus, Micheville, séieren Tram, Uelzechtdall
Next post Previous post