Search

You may also like

Giel Gileten Akt VIII: ass et nach Protest oder scho Revolutioun?
Meenung

Giel Gileten Akt VIII: ass et nach Protest oder scho Revolutioun?

Am Frankräich sinn d‘Feierdeeg eriwwer, zumindest fir de Mouvement vun

No den Attentater a Spuenien, en Iwwerbléck
Meenung

No den Attentater a Spuenien, en Iwwerbléck

Déi dschihadistesch Zell, beschëllegt d‘Uschléi a Katalounien duerchgefouert ze hunn,

OUNI: Aner Ëffnungszäiten a Liwwerservice bis Heem
Meenung

OUNI: Aner Ëffnungszäiten a Liwwerservice bis Heem

OUNI weist sech solidaresch. Déi zwee éischt Bio-Buttécker ouni Verpackungen

Méi Gezwitschers, méi Geld, d’selwecht vill Problemer

E Kommentar

Méi Gezwitschers, méi Geld, d’selwecht vill Problemer

Endlech mol positiv Noriichten aus dem Haus vum Gezwitscher! Twitter schreift schwaarz Zuelen, dat fir déi éischte Kéier a senger Geschicht. Positiv Noriichten huet den Déngscht och batter néideg, well an der Press kënnt en nëmme seele gutt ewech.

Sou ganz am gréngen sinn se awer nach net. Mee si hu vill u sech geschafft: mi laang Tweets, besser Utillen, fir mat der Toxicitéit vun den Notzer ëmzegoen an nach weiderer sinn ugekënnegt. Schonn eleng, datt d’Nazien elo mi kloer gepackt ginn, léisst een hoffen.

De Kampf géint Fake News an Rietsextremismus bäisst sech mat der DNA vum Déngscht

Datt dat esou laang gedauert huet, ass awer schonn traureg. Twitter huet nach wiesentlech méi viru sech, wéi Facebook, wann et ëm Fake News geet. Tatsächlech ass dat eppes, woumat se sech alleguerte schwéier dinn. An et gëtt keng einfach Äntwert op déi Problematik. Well virun allem Twitter huet sech vu vir eran der Meenungsfräiheet verschriwwen. A wien déi esou kloer fir sech an Usproch hëlt, blockéiert sech deelweis selwer, wann et ëm déi wäit verbreeten Belästegungen a reegelrechten Tweet-Terror geet.

Op der anerer Säit gëtt Twitter méi relevant. #MeToo beispillsweis hätt ouni dës Plattform ni déi Gréisst a Reechwäit erreecht, déi den Hashtag haut huet. A wier do net den US-President mat senger Tweet-Diarrhöe, da géingen esou Aktiounen och e gréissere Pluspunkt fir d’Plattform duerstellen.

Fir d’Medien – op elo konventionell oder nei – wéi och Politiker, gëtt et kee Wee laanscht Plattform méi. Och zu Lëtzebuerg. Et ass dach ganz beandrockend, wéi vill al Twitterkonten zu Lëtzebuerg am Wahlkampfjoer 2018 op eemol erëm ganz aktiv ginn. Villäicht erlieft Plattform domat zu Lëtzebuerg endlech de Mainstream.

Related topics Donald Trump, Fake News, Lëtzebuerg, Sozial Netzwierker, Twitter
Next post Previous post