Méi Jonge gewanne fir déi sozial Beruffer

Den 2. Mäerz, huet d’Taina Bofferding, Ministesch fir Gläichstellung tëscht Männer a Fraen un enger Veranstaltung mam Numm «Social Boys» deelgeholl.

Dës huet um Forum Geesseknäppchen stattfonnt. Dës weidere war et och de Relaunch vum Projet, mat dobäi waren déi éischt Kandidaten a Mentore fir dëst Joer.

Zil vum Projet ass, jong Mënschen – also Teenager, méi no un de Beruff vun de Sozialaarbechter a Crèchen oder Maison Relaise vertraut ze maachen. De Stereotyp briechen, souzesoen.

D’Ministesch huet nämlech drop higewisen, datt dës nach ëmmer bestinn – an dat muss geännert ginn, besonnesch an de soziale Beruffer.

An dofir gëtt mat dësem Projet probéiert, « beruffsbezunne Stereotyppen » ze briechen an iwwert den Tellerrand ze kucken. Esou kréien jonk Teenager d’Méiglechkeet, hier éischt Erfarungen (ouni Virurteeler) an dëser Beruffswelt ze sammelen. Hier Participatioun wäert sécherlech hiert soziaalt Engagement erhéijen.

Dës Beruffer ginn leider nach vill ze vill feminiséiert.

« Fir mech dréckt de Projet a priori aus, datt et keng Männer- oder Fraeberuffer ginn. »

Dernières nouvelles