Search

You may also like

Sklaverei zu Lëtzebuerg: Wou verstoppt se sech a wéi kann een et beendegen?
Neiegkeeten

Sklaverei zu Lëtzebuerg: Wou verstoppt se sech a wéi kann een et beendegen?

Fir de „Liaisounscomité vun de Vereenegunge fir Auslänner Asbl“ (CLAE)

Doping beim Semi-Marathon Route du Vin 2019
Neiegkeeten

Doping beim Semi-Marathon Route du Vin 2019

Gëschter virun engem Joer huet d’Lëtzebuerger Antidoping-Agence (ALAD) eng Urinprouf

De Covid19-Impfstoff a wéi et goe soll
Neiegkeeten

De Covid19-Impfstoff a wéi et goe soll

Nodeems de Vaccin vu Pfizer/Biontech op der Insel seng Noutzouloossung

Et musse méi Radaren opgestallt ginn!

Besuergte Bierger an den Dierfer fuerderen endlech konsequent géint d‘presséiert Chauffere virzegoen – dat behaapt de Paul Hammelmann, President vun der Verkéierssécherheet Asbl.

Et musse méi Radaren opgestallt ginn!

Ausgang vun dëser Fuerderung ass d‘Petitioun N°1454 déi vum Pierre Dubuisson Ufank Dezember der Chamber virgeluecht gouf a schonn den 9. Januar als Recevabel erkläert ginn ass. Heiranner gëtt net méi an net manner verlaangt, an allen Dierfer mat riichte Stroossen fix Radaren ze installéieren, fir de Piloten an anere presséierte Leit d‘Anhale vun der Geschwindegkeetsbegrenzung no ze leeën.

Fir d‘Verkéierssécherheet Asbl an hire President Paul Hammelmann eng fantastesch Geleeënheet drun ze erënneren, datt d‘Vitesse eng vun den Haaptursaachen (nieft Alkohol, Drogen, Smartphone, Zigaretten, Gedanken a ganz generell fueren) fir Accidenter ass. D‘Vitesse reduzéiert d‘Siichtfeld a beaflosst d‘Bremsdistanz. Bei 50 Km/H bréicht et schliisslech nach ëmmer 27 Meter bis Stëllstand.

Wat ee méi séier ënnerwee ass, wat sech d‘Bremsdistanz verlängert a wéi et de President vun der Verkéierssécherheet Asbl treffend bemierkt, sinn d‘Landstroossen an d‘Stroossen am urbane Raum besonnesch gëeegent Accidenter ervirzeruffen. Dat läit un der Aart wéi se gebaut sinn an dem Fakt datt et géif Kéiere ginn, mee och un der Vitesse vun de Leit, erkläert de Paul Hammelmann.

Hien ass folgerichteg der Meenung, datt een hei voll a ganz d‘Petitioun vum Pierre Dubuisson sollt ënnerstëtzen. D‘Verkéierssécherheet Asbl wier, esou hire President, generell fir méi Radaren, well déi als eenzeg nach de „Piloten“ eppes Respekt ofverlaange kéinten. Et géif jo och net emol am Usaz genuch Leit, fir eng Kontroll physesch duerchzeféieren. Dobäi retten d‘Kontrolle jo Liewen.

Et wier dann och falsch unzehuelen, datt Radaren opgestallt ginn, fir der Staatskeess de Goss vun de kleng Leit zouzedreiwen. De Paul Hammelmann weess nämlech, datt all Euro deen iwwert de Protokoll ageholl gëtt, zu 100% an nei Radare wéi och an d‘Preventioun fléissen. Wie keng Radaren an/oder Preventioun wëll, sollt also esou lues fuere wéi et vum Code de la Route virgesinn ass.

Grousse Gefale fënnt de Paul Hammelmann och un enger neier Generatioun Radaren: de Blëtz op der rouder Luucht (gëtt et am Ausland schonn eppes méi laang) soll 2020 zu Lëtzebuerg agefouert ginn. Esou op der Stäreplaz an zu Hollerech, ab 2022 dann och op der N3 tëscht Fréiseng an Alzeng um Lieu-Dit Schlammestee. Et gëtt deemno masseg un der Verkéierssécherheet geschafft…

Foto: (Pixabay)

Related topics Paul Hammelmann, Petitioun1454, Pierre Dubuisson, Radaren, Verkéierssécherheet
Next post Previous post