Search

You may also like

Neiséiland: Schéisserei a Moscheeën zu Christchurch
Business Neiegkeeten

Neiséiland: Schéisserei a Moscheeën zu Christchurch

Während dem Freideg-Gebiet ass et zu Christchurch (Neiséiland) zu Attacken

Haut ass Internationalen Dag vun der Frëndschaft!
Business Neiegkeeten

Haut ass Internationalen Dag vun der Frëndschaft!

Et gëtt nees Zäit senge beschte Frënn ze soen, datt

D‘CSV setzt sech weiderhi fir eng Tracing-App an
Business Neiegkeeten

D‘CSV setzt sech weiderhi fir eng Tracing-App an

Nodeems um Mëttwoch de Premierminister an d‘Gesondheetsministesch hir „Deklaratioun zur

Méi sozial Gerechtegkeet fir d‘Independanten

Méi sozial Gerechtegkeet fir d‘Independanten

D‘Handelskummer an Handwierkerkummer stellen hir gemeinsam Propos vu sechs Moossnamen, zu Gonschte vu enger besserer sozialer Ofsécherung vum Independant, an der Perspektiv vun enger Krise-Sortie am Zesummenhang mat der Covid19-Pandemie vir.

Dës Propositioun begrënnt op de Prerogativen déi béide Beruffskummeren zoustinn, wat heescht, datt si dierfe Gesetzespropositiounen ausschaffen, déi d‘Regierung der Chamber dann ënnerbreet.

An engem onséchere sanitären an ekonomesche Kontext, sinn déi zwou Beruffskummeren der Meenung, datt et méi wéi jee noutwenneg ass, de Betriibsgeescht ze stimuléieren an zu Gonschte vum Entreprenariat ze agéieren. Dat bezunn op hir Importenz an der Wirtschaft a fir déi Lëtzebuerger Gesellschaft.

Si proposéieren eng Revalorisatioun vum Statut vum Independant, deen iwwert eng Schwächung vun den Ongläichheete féiert, déi aktuell tëscht dem Statut vum Independant an deem vum Salarié, betreffend déi sozial Risiken huet, an d‘Ursaach vum Verloscht vum Akommes, sief et provisoresch oder definitiv, ass.

Déi virgeluechter Propositioune vun der Handelskummer an der Handwierkerkummer enthale sechs Moossnamen, déi esouwuel d‘Sozialversécherungsrecht wéi och d‘Aarbechtsrecht betreffen. Dës Propose goufen a Concertatioun mat der UEL an de veschiddene Patronatsfederatiounen elaboréiert.

Den Ensembel vun dëse Mesure kann een ënnert op der dofir dediéierter Internetsäit vun der Handelskummer agesinn.

Matgedeelt vun der Handelskummer, fräi aus dem franséischen iwwersat vum Laure Schlesser

Illustratioun: © Joanna Kosinska / unsplash

Related topics Gesetzespropositioun, Handelskummer, Handwierkerkummer, Independant, sozial Gerechtegkeet
Next post Previous post