Search

You may also like

Mamer TheaterContainer mat „In der Einsamkeit der Baumwollfelder“
International Neiegkeeten

Mamer TheaterContainer mat „In der Einsamkeit der Baumwollfelder“

Um Freideg, den 21. August fënnt d’Premiere vum Bernard-Marie Koltès

Ee Parquet fir Europa – Wéi wäit sinn se?
International Neiegkeeten

Ee Parquet fir Europa – Wéi wäit sinn se?

D’Schafung vun engem europäesche Parquet gëllt als Resultat vun engem

Schëllerklappen ass feel un der Plaz
International Neiegkeeten

Schëllerklappen ass feel un der Plaz

Engersäits begréisst d‘ALJP d‘Adoptioun vun dësem Gesetz, kennt een dach

Méi Steiergerechtegkeet elo!

Carte Blanche vum CGFP-Nationalpresident

Méi Steiergerechtegkeet elo!

Obwuel d‘Coronavirus-Kris alles anescht wéi iwwerstanen ass, gëtt eppes däitlech: nieft dem mënschleche Leed gëtt den negative wirtschaftlechen Impakt ëmmer méi ersiichtlech. Fréier oder spéider wäert sech d‘Fro vun der Finanzéierung stellen.

Am Interessi vun engem wirtschaftlechen Opschwong dierf et op kee Fall zu Steiererhéijunge bei den natierleche Persoune kommen.

Trotzdeem ass derzäit net auszeschléissen, datt änlech wéi deemools no der Wirtschafts- a Finanzkris vun 2008, dem „normale Steierzueler“ beträchtlech zur Keess gebuede kéint ginn.

Eng Fundamental Fro, déi d‘CGFP schonn dees Ëfteren opgeworf huet, ass grad elo, ugesiichts den Auswierkunge vun der Coronavirus-Kris, vun allergréisster Aktualitéit:

Wéi gerecht ass eise Steiersystem iwwerhaapt?

E ganz besonnesch schlecht Beispill fir vermeintlech gerechte Steiersystem, sinn déi duerch d‘Gesetz vum 13. Februar 2007 agefouert „spezialiséiert Investissementsfongen“. Dës sougenannt FIS sinn den ofschreckende Beweis dofir, datt déi „breet Schëlleren“ zanter Jore verschount ginn.

Obwuel et schonn oft gesot a geschriwwe ginn ass, wëll d‘CGFP Folgendes op en Neits opgräifen, wuel wëssend, datt sech dësbezüglech an der vergaangene Joren op politeschem Niveau näischt gedoen huet.

Stellt iech einfach emol vir, Dir géift zu deene soziale Schichte gehéieren, déi finanziell gutt opgestallt sinn: Äert Verméige wier zum Beispill a Form vu Grondstécker ugeluecht, déi alleguerten am Bauperimeter leien. Wéi all Steierzueler géift dir – an dat ass verständlech – nëmmen déi virgeschriwwe Steiere bezuelen.

Grad elo, wou et gëllt, déi finanziell Folge vun der nach net gänzlech iwwerstanener Pandemie ze stemmen, géif Är Participatioun un der Finanzéierung vum Staat, also dem Gemengwuel, op ee strikte Minimum beschränkt ginn. An awer géift Dir d‘Grondstécker verbauen an net broochleie loossen.

Alles schéin a gutt. Mee wat geschitt am Reegelfall beim Verkaf vun enger Immobilie? Nu, et fale Fraisen a Steieren un. Gläiches gëllt wann d‘Immobilie verlount gëtt.

Optimal fir ee Proprietär, dee bestänneg méi räich wëll ginn, wier den Ëmstand, datt bei engem Verkaf zumindest den erziilte Gewënn steierfräi sollt sinn. Falls d‘Immobilie nëmme verlount géif, sollt zumindest den akasséierte Loyer steierfräi sinn.

Datt doduerch de sougenannte „klenge Mann vun der Strooss“, dee seng Steiere bis op de leschte Cent bezuele muss, den Domme bei der ganzer Saach wier, ass kloer ersiichtlech: Ëmmer dann, wann sech am Staatshaushalt iergendwellech Lächer opdinn a Geld feelt, wéi dat derzäit de Fall ass, ginn dësem seng Steieren erhéicht.

Wien elo gleeft, all dat wier nëmme Wonschdenken, deen iert gewalteg. All dat ass zanter Bestoe vun de FIS schonn absolutt Realitéit, sinn et dach d‘Fongen, déi sech kennzeechnen duerch eng ofgespeckten Iwwerwaachung, esou wéi duerch ee Feele vun alle Beschränkungen hisiichtlech den Aktiva, an déi investéiert dierf ginn.

Gutt informéiert Investisseuren („investisseurs avertis“) hu schonn honnerte vu Milliarden Euro an dëse Fongen ugeluecht, an et sinn ebe grad net dës breet Schëlleren, déi de groussen Deel vun der Laascht ze droen hunn, mee all déi, déi zur Mëttelschicht gehéieren, also och déi ëffentlech a kommunal Beschäftegt.

Zur Erënnerung: Dës Fongen si befreit vun allen erdenklechen traditionelle Steieraarten, eleng „d‘Taxe d‘Abonnement“ vun 0,01% gëtt op dat gesamt Nettoverméige („avoir nets“) erhuewen. Déi Schätzung erfollegt ëmmer um leschten Dag vun engem Quartal. Och déi vun de „FIS“ verdeelten Dividenden si vun der Quellesteier ausgeholl.

Zitt een a Betruecht, datt zanter dem 1. Januar 2017 – d‘Ausbezuele vun Zënse bis zu engem järleche Betrag vun 1.500 Euro si steierbefreit – all weidere Cent vum Gespuerte vun engem Salarié mat Wunnsëtz zu Lëtzebuerg ouni Récksiicht mat enger Quellesteier vun 20% beluecht gëtt an dat an engem Moment, wou Zënserträg op länger Siicht géint null tendéieren an d‘Inflatioun dat Erspuerte labber opfrësst, da kënnt dat enger reegelrechter Zoumuddung gläich.

Dës „FIS“ sinn also eng fein Saach zum Steiere spuere fir all déi mat breede Schëlleren, déi sech al gutt informéiert, professionell oder private Investisseure bezeechne kënnen. D‘Mëttelschicht ka Steiere bezuelen un esou Suerg dofir droen, datt de Staat, deem seng gutt Funktiounsweis ganz besonnesch a Pandemiezäite vu gréisster Bedeitung ass, iwwerhaapt nach déi an hie gesaten Erwaardungen am Déngscht vun alle Bierger erfëlle kann.

A grad hei, am Kontext vun der bevirstoender Steierreform, am Uschloss un d‘Pandemie, besteet erhieflechen Handlungsbedarf.

„Le Gouvernement veillera à contrecarrer les abus issus de l‘utilisation du régime fiscal applicable aux SICAV-FIS dans le secteur immobilier au Luxembourg“. Genee esou kann een et am Regierungsprogramm liesen.

Dëse Saz léisst erahnen, datt et zu esou Mëssbräich muss komm sinn. Wuel wëssend, datt grad de Logementsproblem de Lëtzebuerger Bierger hir gréisste Suerg ass, muss d‘Politik genee Hei an elo net nëmmen Handlungswëlle weisen, mee et och maachen.

Wa mir net wëllen, datt déi sozial Kris an eng wirtschaftlech Aussiichtslosegkeet ausaart, ass grad elo de Moment fir méi Steiergerechtegkeet komm“

Alles anescht géif op déifst Onverständnis stoussen“

Illustratioun: © Jon Tyson / unsplash

Related topics Carte Blanche, CGFP, FIS, Fonds d’investissement spécialisés, Steiergerechtegkeet, Steierreform
Next post Previous post