Search

You may also like

smile again – Ee Laache vir de Verkeefer an de Client
Neiegkeeten

smile again – Ee Laache vir de Verkeefer an de Client

Um fréie Mëtteg huet den Minister fir Tourismus a Mëttelstand

Récktrëtt no iwwerstane Vertrauensvott?
Neiegkeeten

Récktrëtt no iwwerstane Vertrauensvott?

Nodeems de Giuseppe Conte déi lescht Woch direkt zwou Vertrauensofstëmmungen

Urbanisatiounsprojet op verseuchtem Buedem?
Neiegkeeten

Urbanisatiounsprojet op verseuchtem Buedem?

2016 huet de Stolkonzern ArcelorMittal seng Aktivitéiten um Site Esch-Schëffleng

Treffen tëscht Inneministère a SYVICOL: Méi Subside fir Gemengen

Treffen tëscht Inneministère a SYVICOL: Méi Subside fir Gemengen

Gëschter huet sech d’Inneministesch Taina Bofferding mam SYVICOL zesummegesat, fir iwwer déi aktuell Situatioun vum Deconfinement an de Gemengen ze diskutéieren. Heibäi goung et ëm d’Erausfuerderungen, mee och ëm de Fortschrëtt vun de politesche Projeten am Inneministère.

D’Ministesch huet dobäi bestätegt, datt d’Subsiden fir de kollektiven Equipement bei de Gemengen erhéicht ginn. Viru allem a Gemenge, wou déi finanziell Situatioun net esou gutt ausgesäit, soll dës Ënnerstëtzung encouragéieren, och weiderhin an déi essentiell Projeten vun den Infrastrukturen ze investéieren.

„Als Inneministesch hunn ech mir Gedanke gemaach, wéi ech d’Gemengen ënnerstëtze kann. Grad an dësen Zäiten ass et wichteg, datt d’ëffentlech Hand – Staat a Gemenge – zesummen eng antizyklesch Politik maachen, fir esou d’Kris ze iwwerwannen. Duerch gezielte Subside bei Investissementer kënne mir si encouragéieren, geplangte Projeten duerchzezéien, z.B. bei kommunalen Waasserinfrastruktuen oder bei Schoule fir ons Kanner“, ënnersträicht d’Taina Bofferding.

Uschléissend huet si dem SYVICOL en Abléck an de Fortschrëtt vun de Gesetzesprojeten, déi mam Covid-19 zesummenhänken an d’Gemenge betreffen ginn. Och d’Perspektive fir weider Projeten, zu deenen een aktuell d’Aarbechten um Inneministère nees ophëlt, huet d’Ministesch presentéiert.

Opmaacherbild: © J W / Unsplash

Related topics Covid-19, Erausfuerderungen, finanziell Hëllef, Gemengen, Gesetzesprojet, Inneministère, Pandemie, Subsiden, Syvicol, Taina Bofferding
Next post Previous post