Kulturfabrik – De Programm bis den 9. Oktober 2020
Och an dëser Woch huet d’Kulturfabrik zu Esch-Uelzecht nees e
Och an dëser Woch huet d’Kulturfabrik zu Esch-Uelzecht nees e
D’CSV fuerdert d’Oppeleeën vun de wëssenschaftlecher Fakten-Basis fir d’Ofstëmmung vun
Nodeems d’Sensibiliséierungscampagne zum richtegen Handelen an Naturschutzgebidder scheinbar bei de
Wärend engem ganze Joer huet d’Melanie sech op d’Participatioun un dësem risege Schéinheetsconcours virbereet. Bei senge Reesen duerch déi ganz Welt huet hatt aktiv bei verschiddenen Associatioune matgehollef. Mat Motivatioun an Éiergäiz erwaart dat jonkt Meedchen elo déi grouss Competitioun zu London.
Bei der Erëffnungszeremonie erwaarden déi 130 Frae verschiddenst Aufgaben, vum Sport, iwwert eegen Talenter, bis hin zu Multimedia a Schéinheet. Just wie sech hei duerchsetzt kann ënnert d’Top 30 kommen an kritt d’Chance um 14. Dezember un der Final am ExCel London deelhuelen ze kënnen.
D’Julia Morley, CEO vun der Miss World ënnersträicht, datt London déi bescht Stad weltwäit ass. „Et ass déi Stad, wou Miss World 1951 ugefaangen huet, als Deel vum Festival of Britain.“ Déi 69. Kroun gëtt der Miss World iwwregens vun der Gewënnerin 2018, den Vanessa Ponce de León, iwwerreecht.
D’Mélanie Heynsbroeck huet eng immens Passioun fir Konschtschlittschong- an Inliner-Fueren. Momentan ass hat am drëtte Joer Paramedicale am Bouneweger Lycée, wëll spéider pediatresch Infirmière ginn. Säi wuessende Bekanntheetsgrad wéilt hat am léifsten notzen, fir Kanner an Nout ze hëllefen.
Fanne kann een d’Miss Luxembourg 2019 iwwregens och op Instagram.