Search

You may also like

Brittesche Regierungschef op der Intensivstatioun
Neiegkeeten

Brittesche Regierungschef op der Intensivstatioun

Hien hat laang „gewaart“, fir net ze soen hien hätt

Esch-Uelzecht: Situatioun um Wunnengsmaart dramatesch
Neiegkeeten

Esch-Uelzecht: Situatioun um Wunnengsmaart dramatesch

Op der Sëtzung vum Escher Gemengerot um Freideg ass et

Firwat gëtt nëmme virun der eegener Dier gekiert?
Neiegkeeten

Firwat gëtt nëmme virun der eegener Dier gekiert?

Elo ass geschwënn Nationalfeierdag – en ass net esou wéi

Ee mëlle Wanter mat vill Reen – d’Landwirtschaft freet sech

Ee mëlle Wanter mat vill Reen – d’Landwirtschaft freet sech

E Méindeg huet nom meteorologesche Kalenner d’Fréijoer ugefaangen. An dësem Kader huet de staatleche Wiederdéngscht AgriMeteo vun der ASTA seng Wiederanalys zum Wanter 2020/2021 verëffentlecht. Am Zäitraum vum 1. Dezember 2020 bis den 28. Februar 2021 hu sech d’Temperature landeswäit als iwwerduerchschnëttlech mëll duergestallt. Och u Reen huet et net gemangelt.

D’Landwirtschaft sollt dat freeën. Et war nämlech am Duerchschnëtt ëm 1,4°C méi waarm. Déi mëll Temperaturen am Dezember ware fir d’Wanterkulture vu Virdeel – ausser fir verschidde Rapsbestänn.

mëlle Wanter

Pünktlech zu de Feierdeeg sinn d’Temperature vun der éischter Dezemberhallschent op d’Wäerter vun der Referenzperiod zeréckgaangen. Duerch den Déif „Hermine“ konnt ee sech virun allem am Norde vum Land um Schnéi erfreeën. Zu Reiler sinn um leschten Dag vum Joer 2020 ganzer 14 Zentimeter Schnéi gemooss ginn.

Déi wanterlech wäiss Atmosphär huet sech um 8. Januar schliisslech duerch dat ganzt Land gezunn. Zu Gréiwemaacher konnte 5 Schnéideeg mat enger maximaler Héicht vun 2,5 Zentimeter opgezeechent ginn. War déi éischt Hallschent duerchschnëttlech kal, esou sinn d’Temperaturen um 16. Januar ënnert de Gefréierpunkt gefall. Zum Enn vum Mount hin sinn Äis a Schnéi schliisslech lues a lues geschmolt.

Pünktlech fir Vältesdag huet déi kal Polarloft landeswäit fir Minustemperature gesuergt. De Schock koum dunn, wou just eng Woch méi spéit den Thermometer nees extrem schnell geklommen ass. Zu Réiser si ganzer 18,4°C gemooss ginn.

mëlle Wanter

D’Wiederdate stamen aus engem Miessnetz vun 32 automatesche Wiederstatiounen, déi an alle Regioune vum Land positionéiert sinn. Dobäi ginn d’Wäerter vun den dräi Wanterméint vun de véier representative Statiounen zu Aassel (Norden), Kënzeg (Süd-Westen), Réimech (Musel) a Gréiwemaacher (Museldall) mat den Duerchschnëttswäerter vun der Referenzperiod 1981-2010 verglach.

Weider Informatioune fannt Dir op www.agrimeteo.lu.

Opmaacherbild: © Andrey Bond / Unsplash

Related topics AgriMeteo, ASTA, Hermine, Landwirtschaft, mëlle Wanter, Reen, Schnéi, Wiederstatiounen
Next post Previous post