Search

You may also like

Neistart Lëtzebuerg – Kultur: Iwwer 220 Institutioune, Kënschtler a Projeten goufen ënnerstëtzt
Neiegkeeten Stories

Neistart Lëtzebuerg – Kultur: Iwwer 220 Institutioune, Kënschtler a Projeten goufen ënnerstëtzt

Gëschter huet d’Kulturministesch Sam Tanson déi nei Hëllefen zur Ënnerstëtzung

Mënschenhandel an Ausbeutung och bei eis
Neiegkeeten Stories

Mënschenhandel an Ausbeutung och bei eis

All zwee Joer leet déi Consultativ Mënscherechtskommissioun (CCDH) der Chamber

What the Fakt – Wéi aus perséinlechen Ëmstellungen „Changes“ vum David Bowie entstanen ass
Neiegkeeten Stories

What the Fakt – Wéi aus perséinlechen Ëmstellungen „Changes“ vum David Bowie entstanen ass

De brittesche Sänger ass wuel ee vun den exzentreschste Mënschen

MELLIS – Een Hommage un ee Lëtzebuerger Traditiounsproduit

Esou hutt Dir d'Hunnegschnaps nach ni erlieft!

MELLIS – Een Hommage un ee Lëtzebuerger Traditiounsproduit

Eng Fläsch mat nostalgeschem Design a flëssegem gëllenen Inhalt strahlt säit geraumer Zäit an diverse Geschäfter d’Clienten un. Hutt och Dir scho vum neien Hunnegschnaps MELLIS héieren oder se vläicht souguer scho geschmaacht? Hei gëtt den traditionelle Lëtzebuerger Hunnegschnaps nämlech a senger ganzer Form geéiert!

Déi bescht Iddien entstinn ëmmer tëscht Kollegen. Bei hirer Aarbecht hunn de Marc Ewert an de Paul Thein hiren internationale Clienten ëmmer gären ee Stéck Heemecht, a Form vun enger Lëtzebuerger Drëpp, als Cadeau matbruecht. Iergendwéi war fir si den Hunnegschnaps awer e bëssi „verstëbst“ an aus der Moud geroden, wouduerch si dës Gamme nei erfanne wollten.

Genau esou typesch fir eist klengt Ländchen ass nieft dem Kachkéis, Judd mat Gaardebounen an Gromperekichelcher nämlech och den Hunnegschnaps, déi allerdéngs am Ausland net wierklech bekannt ass. Et sollt also déi perfekt Geleeënheet fir déi zwee Kollege sinn, hir goldeg Iddi ëmzesetzen, an dat mat Erfolleg, wéi sech herno erausstelle sollt.

Mellis

De Paul Thein a Marc Ewert, oder och: d’Pappen vum MELLIS © Mellis

D’Kombinatioun aus der nationaler Vergaangenheet an Hunneg

Bei MELLIS, wat op laténgesch „vum Hunneg“ bedeit, leet ee grousse Wäert op all klengen Detail. Ganz traditiounsbewosst wollt een net nëmmen dem alkoholesche Gedrénks een neie Charme schenken, mee och sengem Ausgesinn. Lëtzebuerg ass gepräägt ginn vun der Stolindustrie an der Landwirtschaft, wouduerch een op den däischtere schwaarzen Hannergrond elegant Koffer-Elementer gesat huet. Et sollt ee rauen Touch entstoe mam Image vun den 20er Joer.

Ee klengen „Helferlein“ gëtt ganz besonnesch ervir gehuewen: Ouni d’Beien, géif et schliisslech och kee MELLIS ginn. An esou krut och si symbolesch eng Éiereplaz op der gliesener Fläsch. Fir dem Client den héichwäertegste Produit ze bidden, schaffen de Marc an de Paul mat 3 Lëtzebuerger Imkereien zesummen, déi am ganze Land verdeelt sinn. Esou kënnt wierklech de lokalen a puren Hunneggoût an d’Fläsch!

Mellis

Wat gutt ass léisst laang op sech waarden

Den Hunnegschnaps vu MELLIS besteet aus enger Fruchtbasis, déi natierlech mat Hunneg, mee och mat diverse Kraider – déi natierlech ganz geheim bleiwen an dem Héichprozentege säi spezielle Goût ginn – gemëscht. Uschléissend muss een 6 Méint waarden, bis d’Aromen sech ausgebreet hunn. Fir déi zwee Entrepreneure war dat éischt halleft Joer Waarde gepräägt vun hoffnungsvollen Erwaardungen an virwëtzeger Stëmmung. Schliisslech wousst een nach net, op si een d’Iddi richteg ëmgesat huet.

No e puer Tester huet et dunn geklappt a si konnten déi éischt Fläsche mam flëssege Gold offëllen. An och de Clientë schéngt et ze gefalen, wouduerch als Konsequenz no méi gefrot gëtt. D’Produktioun ass elo an engem Joer vun 2.500 verkaafte Fläschen 2018 op bal 500 ofgefëllt Fläschen de Mount geklommen.

Mellis

© Mellis

Ech wëll och!

Dësen Hunnegschnaps, deen iwwregens an enger Zesummenaarbecht mat der Diedenacker Familljen-Distillerie produzéiert gëtt, ass ee richtegt Multitalent! Duerch säin fantasteschen Hunneggoût kann een de Schnaps entweder pur beim Aperitif oder als Digestif drénken, oder ee Cocktail mëschen. De Marc Ewert erkläert, datt si d’Mëschung aus hirem MELLIS, zesumme mat Ginger Ale an Äis nëmme recommandéiere kënne. An dësem Punkt kënne mir zu 100% zoustëmmen, wëll souguer déijéineg, déi eigentlech Hunnegdrëpp elo net esou gären hunn, komme mat dësem Mix op hir Käschten.

Weider Ureegunge fir spannend Cocktailer fënnt een natierlech och op hirem Internetsite. Op www.mellis.lu fënnt een donieft nach weider interessant Informatiounen iwwert dësen Hommage un ee Lëtzebuerger Traditiounsproduit. Wien elo glëschtereg ginn ass, dee kann den Hunnegschnaps Online bestellen, ze fanne sinn d’Fläschen awer och am Cactus an am Pallcenter Uewerpallen, sou wéi an diverse klenge Geschäfter. Op der traditioneller Schueberfouer kann een de MELLIS am Stall an am Stübli a gemitterlecher Atmosphär genéissen, natierlech mat moderater Konsommatioun.

An noer Zukunft kann ee sech op ee weidert „Hunneg-Kand“ freeën: Gläich kënnt den Hunneg-Béier op de Maart, mee dozou eng aner Kéier méi. Mir wëllen Iech jo schliisslech nach e bëssen d’Zong laang maachen.

Related topics Beien, Hunnegschnaps, Marc Ewert, MELLIS, Paul Thein, Traditioun
Next post Previous post