Search

You may also like

Flächebrand zu Los Angeles: honnertdausend Mënsche mussen hir Haiser opginn
Neiegkeeten

Flächebrand zu Los Angeles: honnertdausend Mënsche mussen hir Haiser opginn

Op en Neits ass Kalifornien vun engem risege Flächebrand betraff

Dammefussball: Jonglënster mat engem „Remis“ zu Beetebuerg
Neiegkeeten

Dammefussball: Jonglënster mat engem „Remis“ zu Beetebuerg

Et war um 16 Spilldag an de éischter Liga vum

Jonk Piraten: Fir ee Plastikverbuet an de Schoulen!
Neiegkeeten

Jonk Piraten: Fir ee Plastikverbuet an de Schoulen!

Fräi nom Motto „Direkt handelen!“ fuerderen déi jonk Piraten d’Regierung

Eng Bei um Riserad – MELLIS presentéiert seng limitéiert Fouer-Editioun

Eng Bei um Riserad – MELLIS presentéiert seng limitéiert Fouer-Editioun

D’Schueberfouer ass ofgesot? Net ganz! Mat der limitéierter Fouer-Editioun vum Lëtzebuerger Hunnegschnapps vu MELLIS, kennt Dir a gemitterlecher Ronn un e Stéck Kultur an Traditioun zeréckdenken.

Zënter datt d’Schueberfouer 1340 vum Jang de Blannen an d’Liewe geruff ginn ass, erwaart d’Lëtzebuerger Bevëlkerung an d’Groussregioun all Joer wéi bänzeg dat risegt Evenement. Och de Krich konnt der Fouer scheinbar näischt un hunn, wouduerch sech iwwert Joerhonnerten d’Welt aus Verkafsstänn, Attraktiounen a Spiller fest am Groussherzogtum integréiert huet.

A Gedenken un déi 680. Editioun vun der Schueberfouer, déi vum 21. August bis den 10. September 2020 stattfanne sollt, Pandemie-bedéngt awer ofgesot ginn ass, hunn d’Beie vu MELLIS ganz besonnesch Fläschen zesummegesummt. Mat der „MELLIS Classic Limited Fouer 2020 Edition“ kann een an Erënnerungen u Riserad, Knuppauto, Geliichts a Spaass zeréck versat ginn.

Mellis

Et muss een zesummenhalen!

D’Pandemie huet jiddwerengem zougesat. Ëmsou méi staark gouf eis virun Aen gefouert, wat Traditioun a Kultur bedeit. Och bei der Ekipp vu MELLIS steet dës Tatsaach am Virdergrond. Ma, genee dofir soll ee schätze wat een huet a sech op déi nächst Fouer-Editioune freeën.

Schueberfouer ouni Hunnegdrëpp, ass wéi Lëtzebuerg ouni Kachkéis – et feelt eppes! Dowéinst hu sech d’Lëtzebuerger Beien mam Paul, Marc an dem Nikola zesummegesat, fir déi bescht Qualitéit un Hunneg mat Alkohol an enger Kraidermëschung ze vereenen. Mat natierlecher Séisst a waarmem Charakter kann een den Hunnegschnaps puer, oder och als Mëschgedrénks genéissen.

Mellis

Mellis / Facebook

Wéi geplangt huet een déi limitéiert Fläsch eng Woch virum eigentleche Start vun der Schueberfouer 2020 erausbruecht. Mir roden zum moderate Konsum, grad bei de waarme summerlechen Temperaturen. Weider Informatioune dozou fannt Dir op www.mellis.lu.

Opmaacherbild: © Martine de Lagardère / moien.lu

Related topics Alkohol, Beien, Hunnegdrëpp, Hunnegschnaps, Kultur, Limitéiert Editioun, Marc Ewert, MELLIS, MELLIS Classic Limited Fouer 2020 Edition, Mëschgedrénks, Paul Thein, Schueberfouer 2020, Traditioun
Next post Previous post