Belsch: Coronavirus erméiglecht eng Iwwergangsregierung
Déi belsch Regierungskris schéngt sech dem Enn zouzebeweegen, déi zéng
Déi belsch Regierungskris schéngt sech dem Enn zouzebeweegen, déi zéng
Um fréie Muere vum 7. Dezember hu sechs japanesch Fligeren
Eréischt viru kuerzem hate mir d’Geleeënheet de beléifte MELLIS-Hunnegschnapps virzestellen. Op hir speziell Kooperatioun tëscht Lëtzebuerger Beien an Héichprozentegem sinn de Marc Ewert an de Paul Thein nach ëmmer besonnesch stolz. Een intelligente Geschäftsmann kuckt allerdéngs gären och iwwert den Horizont hinaus, wouduerch zënter kuerzem eng ganz speziell Neiheet an eise Supermarchéen ze fannen ass: den Hunnegbéier.
Mam Inhalt an der Etikett gëtt dat Ganzt ee richtege Bijoux! © Martine de Lagardère/moien.lu
Op Foiren an anere Presentatiouns-Evenementer ass d’Ekipp vu MELLIS esou oft op d’Team STUFF getraff, datt eng genësserlech Frëndschaft entstanen ass. D’Basis vu béiden Entreprisen ass déi selwecht: E puer Kollegen hu sech zesummegesat, fir een aalt Konzept nees opliewen ze loossen. Wou et bei MELLIS den Hunnegschnapps ass, stécht d’Brauerei STUFF vu Steesel mat der Iddi vun enger klenger artisanaler Brauerei ervir. Mat hirer Grande-Ducale, dem Knights In White Satin, der Black Widow an dem Revolution IPA beweisen d’Béier-Jongen, datt si et drop hunn, innovativ, optesch attraktiv an besonnesch schmackhaft Produiten entstoen ze loossen.
Natierlech duerft eng Visitt duerch d’Brauerei net feelen © Martine de Lagardère/moien.lu
Wisou also net zesumme schaffen? Den Hunneg-Béier ass bis ewell éischter bei eisen däitschen Nopere bekannt, passt awer super an d’Iddi vu MELLIS eran. Dobäi ass d’Iddi simpel: Den Hunneg, deen de Paul an de Marc vu verschiddene Lëtzebuerger Imkereien kréien – jo, si passen op lokal Produktioun op – gëtt bei der Fermentéierung dobäi gemëscht. Doduerch ass zwar am Endeffekt méi Zocker do, wat dat Ganzt awer op kee Fall ze séiss mëscht.
Den Joe vun der STUFF, deen iwwregens säin Diplom an der Belsch an der Wëssenschaft vum Béier gemaach huet, erkläert nämlech, datt een an dësem Fall manner Malz benotzt, an datt d’Hief den Zocker ësst. Esou huet de fäerdege Produit spéider och net méi Prozent wéi aner Béier-Zorten. Genéisse kann een seng Fläsch MELLIS-Béier op alle Fall!
Seng Aarbecht sollt een ëmmer mat Freed maachen. Esou wéi et hei ausgesäit, trëfft et zou! © Martine de Lagardère/moien.lu
Wéi bei all Alkohol, deen ee consomméiert, sollt een och hei mat Mooss drénken. Schliisslech soll all Drëps Freed maachen – wien herno vum Hocker fält, huet jo näischt méi vum Goût. Vun der Faarf hir erreecht de Béier no der Eenheet EBC (European Brewery Convention, gëtt d’Faarfstäerkt un) ee Wäert vun 10,6. Dat heescht esou vill, wéi datt ee genau tëscht engem Wäissbéier an engem India Pale Ale steet. Natierlech ka bei der Kombinatioun aus Happ, Malz an Hunneg och net vill Aneres erauskommen, wéi ee gëllenen Zaubertrank.
Op der Etikett fënnt een hannendrop och nach den IBU-Wäert. Bei der International Bitterness Unit gëtt esou den alpha-Saier-Undeel am Béier (wéi batter en also ass) uginn, dee bei MELLIS bei 5,7 läit. Vum Goût hir géife mir soen, datt een de Pepp vun enger Blanche mat der Douceheet vum Hunneg kombinéiert huet. Am Summer, sou wéi och am Wanter stelle mir eis de Produit als perfekten Duuschläscher vir, woubäi ee mam Konsum net iwwerdreiwe sollt. Schliisslech huet en awer 5,7 % Alkohol.
Beim Offëllen an der Brauerei vun der STUFF duerfte mir dobäi sinn a kënne bestätegen, datt all Faass mat den noutwennege Kenntnisser gebraut, all Drëps mat Häerzblutt ofgefëllt, all Etikett per Hand mat Léift opgepecht ginn ass. Hei kann ee sech sécher sinn, datt den Inhalt vun all Fläsch ee qualitativ héichwäertege Lëtzebuerger Produit enthält- Prost also!
D’Jonge vu MELLIS kënnt Dir iwwregens deemnächst op der Schueberfouer am Stall untreffen an hir lecker Produite schmaachen.