Search

You may also like

T’geet weider: Aarbechten an der Hollerecher Strooss
Neiegkeeten

T’geet weider: Aarbechten an der Hollerecher Strooss

D’Stad Lëtzebuerg informéiert doriwwer, datt vum Donneschdeg, den 27. Februar

Stroossefotografie fokusséiert op säi Festival
Neiegkeeten

Stroossefotografie fokusséiert op säi Festival

Vum 13. bis de 16. Mee, organiséiert de Kollektiv Stroossefotografie

Konferenz zum gregorianesche Gesang am Cube 521
Neiegkeeten

Konferenz zum gregorianesche Gesang am Cube 521

Als Deel vum “Sonndeg vum Gregorianesche Gesang a Wierder” invitéiert

De Pedagogeschen Ëmgang mam 2. Weltkrich

De Pedagogeschen Ëmgang mam 2. Weltkrich

Am Sennenger Schlass huet den Exekutivbüro vum „Comité fir d‘Memoire vum Zweete Weltkrich“ dem Premierminister Xavier Bettel, déi nei Broschür: De Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg: inklusiv pedagogeschem Begleetheft virgestallt.

Fir de „Comité fir d‘Memoire vum Zweete Weltkrich“ (CM2GM), representéiert duerch de Claude Wolf, Guy Dockendorf an Josy Lorent, och d‘Geleeënheet méi an d‘Déift vun dëse Publikatiounen ze goen. Et gëtt se a Pabeierform mee d‘Broschür an dat pedagogescht Begleetheft ass natierlech och als Download op der Säit vun der Associatioun dem Public zougänglech gemaach ginn.

D‘Broschür selwer gëtt et a véier Sproochen, dorënner och lëtzebuergesch. Si aus der Kooperatioun vun dräi Affer-Gruppen an der Hëllef vu Geschichtsspezialisten entstanen. D‘Begleetheft riicht sech an éischter Linn de jonke Public, an ass vum „Zentrum fir politesch Bildung“ ausgeschafft ginn. De Comité gëtt vun der „Oeuvre Grande-Duchesse Charlotte“ ënnerstëtzt.

Bei der Entrevue am Sennenger Schlass huet de Premierminister Xavier Bettel ënnerstrach, wéi wichteg d‘Aarbecht vun der Memoire an d‘Kenntnis vun der Geschicht ass. Eppes wat der Jugend muss vermëttelt ginn, fir dat si als verantwortlech Bierger eruwuesse kënnen. D‘Vermëttlung vun der Geschicht un déi Jonk ass eng vun den Haaptmissioune vun dësem Comité.

Wien d‘Brochure an/oder d‘Begleetheft zur Geschicht vum 2. Weltkrich zu Lëtzebuerg léiwer an der Printversioun wëll hunn, kann sech eng Ausgab um Educatiounsministère ënnert folgender e-Mailadress bestellen: daniel.bousset@me.etat.lu

Related topics Begleetheft, Broschür, CM2GM, Comité fir d‘Memoire vum Zweete Weltkrich, Oeuvre Grande-Duchesse Charlotte, Xavier Bettel, Zentrum fir politesch Bildung
Next post Previous post