Search

You may also like

Oppe Gaardepiertchen: Lëtzebuerg a seng Rousen
Neiegkeeten

Oppe Gaardepiertchen: Lëtzebuerg a seng Rousen

Am Kader vun der éischter Editioun „Rendezvous an de Gäert“

Ëmstriddent Sécherheetsgesetz zeréckgezunn
Neiegkeeten

Ëmstriddent Sécherheetsgesetz zeréckgezunn

Franséisch Regierung zitt en ëmstriddent Gesetz zréck, dat d‘Filmen/Fotograféiere vu

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 26. Juli bis den 1. August 2021
Neiegkeeten

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 26. Juli bis den 1. August 2021

Aus dem Bilan vun der Santé geet ervir, datt sech

Meng Landwirtschaft: De Bioaktiounsplang an elo?

Meng Landwirtschaft: De Bioaktiounsplang an elo?

Meng Landwirtschaft begréisst, datt mam Bioaktiounsplang an der Ernennung vun engem Verantwortleche fir seng Ëmsetzung endlech (wann och mat Verspéidung) déi éischt Schrëtt am Hibléck vun enger Steigerung vum Biolandbau op 20 % vun der Agrarfläch ënnerholl gi sinn.

Begréissenswäert ass dës Weideren d’Initiative vum Ëmweltministère ee Pestizidverbuet op allen am ëffentleche Besëtz leiende Flächen duerchzesetzen an dat, sowäit dës landwirtschaftlech genotzt ginn, am neie Contract de Bail anzefuederen. Dës Moossnam kéint een éischte bescheidene Schrëtt a Richtung méi Biolandwirtschaft sinn.

Mat groussem Erstaunen huet Meng Landwirtschaft d’Reaktioun vun der Landwirtschaftskummer zur Kenntnis geholl, déi sech hefteg géint dëst Verbuet vu Planzeschutzmëttel op staatleche Fläche wiert (Matdeelung vum 16. Abrëll 2020 op www.lwk.lu). Esou goufen d’Baueren dozou opgeruff dës Verträg „net ze ënnerschreiwen an d’Kummer ze informéieren, géif hinnen esou ee Kontrakt zum Ënnerschreiwe virgeluecht ginn.“

Nach méi erstaunlech ass allerdéng déi ausbleiwend Reaktioun vum zoustännege Minister Romain Schneider. Wéi kann ee Ministère esou eng ëffentlech Opfuerderung vun enger Kummer, déi ALL Baueren representéiert an onpolitesch handele soll, onkommentéiert loossen?

Bioaktiounsplang

Romain Schneider, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung © Landwirtschaftsministère

Iwwerhaapt ass et a leschter Zäit immens roueg ëm eise Landwirtschaftsminister ginn. Jo gewëss, an Zäite vun enger Pandemie stinn aner Themen uewen am Agenda an d’Titelblieder vun de Lëtzebuerger Dageszeitunge sti ganz am Zeeche vum Coronavirus. Covid-19 hin oder hier, et ass awer iwwerraschend, datt ee säit der Presentatioun vum Bioaktiounsplang menge kéint, de Minister fir ënnergedaucht.

Et ass awer grad elo ee wichtege Moment, fir och an der Landwirtschaft nei Weechen ze stellen. Méi wéi jeemools virdrun gëtt eis bewosst, datt eng regional Produktioun vun alle Liewensmëttel, déi mir benéidegen, eng vun de wichtegsten Grondlagen vun eisem Iwwerliewen ass. An net just eng regional Produktioun, mee och eng ressourcëschounend, nohalteg resilient Produktioun. #100%Bio2050

De Bioaktiounsplang kann ee wäertvollt Instrument sinn, fir eng villfälteg, gesond an ëmweltschounend Landwirtschaft an d’Praxis ëmzesetzen. Déi verschidde genannt Schwéierpunkten, Moossnamen an Ziler schéngen éiergäizeg a sënnvoll. Positiv ze wäerten ass, datt souwuel de landwirtschaftleche Secteur an déi ganz Bevëlkerung ugeschwat, mee och zum Beispill d’Recherche an d’Formatioun, respektiv d’Bildung net vergiess gi sinn.

Themen, wéi „True Cost Accounting“ kréien endlech hiren néidege Stellewäert. Bedauernswäert fënnt Meng Landwirtschaft awer, datt bis ewell kee Finanzplang presentéiert ginn ass. Wëll dëse kéint Opschloss doriwwer ginn, wéi ambitiéis de Bioaktiounsplang wierklech ass.

Mir hoffen, datt déi nei agestallt Persoun am Landwirtschaftsministère zesumme mat dem Comité de Suivi an dem Comité Exécutif déi néideg Mëttel kréie wäert, fir zilorientéiert un der Ëmsetzung schaffen ze kënnen. Eng weider Prise de Position säitens eiser Plattform wäert no der Verëffentlechung vum Budget ze erwaarde sinn.

Matgedeelt vu Meng Landwirtschaft

Opmaacherbild: © Spencer Pugh / Unsplash

Related topics #100%Bio2050, Bio, Bioaktiounsplang, Coronavirus, Covid-19, Meng Landwirtschaft, PAN-Bio 2025, Romain Schneider
Next post Previous post