Search

You may also like

Iwwernam vun ArcelorMittal Diddeleng duerch Liberty House
Neiegkeeten WTF

Iwwernam vun ArcelorMittal Diddeleng duerch Liberty House

Eng Delegatioun vum OGBL, an der Personaldelegatioun vun ArcelorMittal Diddeleng,

De Fausti huet eis verlooss
Neiegkeeten WTF

De Fausti huet eis verlooss

Am Alter vu grad emol 80 Joer ass de Faustino

Geschichterees am Biodiversum Rëmerschen
Neiegkeeten WTF

Geschichterees am Biodiversum Rëmerschen

Wa Sätz danze léieren, da ginn héchstwahrscheinlech spannend Geschichte geschriwwen

surprise

Grousse „Kino“ virum Landwirtschaftsministère fir de Verbuet vum Glyphosat

Grousse „Kino“ virum Landwirtschaftsministère fir de Verbuet vum Glyphosat

Well se sech zu Bréissel um 27. an 28. November op e neits mam Glyphosat beschäftege mussen, an et eigentlech nach just drëms geet, wéi laang d‘Verlängerung ausgestallt gëtt, hunn sech engagéiert Géigner vun dësem Produkt virum Landwirtschaftsministère zu engem Protestpiquet afonnt.

D‘Vertrieder vun der Plattform „Meng Landwirtschaft“ sinn elo awer net virun de Ministère gezu fir Kaméidi ze schloen. Hinnen ass den Dialog méi wichteg wéi onnëtz Gejäiz. Ëmmerhi geet jo och dorëms eng vertrietbar Léisung zu engem dach komplexe Problem ze fannen. Si weisen drop hin, datt sech am EU-Parlament eng Majoritéit géint den Asaz vum als kriibserreegend agestuufte Produit ausgedréckt huet.

Eng Fuerderung, déi dann och nach vun der Initiativ „Stop Glyphosat“ mat iwwer 1,3 Milliounen Ënnerschrëfte bekräftegt gëtt. Meng Landwirtschaft fuerdert da vum Minister Fernand Etgen de Prinzip vu Virsuerg geltend ze maachen a géint eng weider Zouloossung ze stëmmen.

Glyphosat

OLYMPUS DIGITAL CAMER© Martine de Lagardère/moien.luA

Wéi an de meeschte Länner an der EU – a wahrscheinlech och op der Welt – ass de Glyphosat (beispillsweis am Round-Up enthalen) dat meescht benotzt Herbizid zu Lëtzebuerg. Planzen an Onkraut ginn heimatter voll a ganz „zerstéiert“ an d‘Folgen dovunner sinn einfach erschreckend. De Verloscht vu Biodiversitéit, d‘Stierwe vun de Insekten a verseuchte Grondwaasser ass dat eigentlecht „Produkt“, wat Monsanto de Leit verkeeft.

Datt d‘Risike fir d‘Gesondheet vum Mënsch ëmmer erëm erofgespillt ginn, an ëmmer kuerz virun enger neier Ofstëmmung, eng nei Etüd – natierlech aus den USA – beweise wëll, datt een sech de Glyphosat eigentlech direkt kéint op d‘Schmier maachen, dat eleng sollt engem schonn ze denke ginn.

De Fernand Etgen ganz mat de Fuerderungen averstanen

„Datt ech e Protestpiquet viru mengem eegene Ministère géif ënnerstëtzen, dat hat ech och nach net“, esou de Landwirtschaftsminister Fernand Etgen, wéi hien sech de „Manifestanten“ vun „Meng Landwirtschaft“ ugeschloss huet. Hien huet dann awer schnell drop opmierksam gemaach, datt an dësem Dossier nach keen „Happy End“ a Siicht ass.

Glyphosat

De Landwirtschaftsminister Fernand Etgen verséchert dem Raymond Aenderkerk, vun der Plattform „Meng Landwirtschaft“, datt d‘Fuerderungen absolut Sënn maachen, an hien déi wäert zu Bréissel wäert virleeën a verdeedegen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Woubäi ze bemierken ass, datt géif dem Minister no goen, déi Saach séier gedoe wier. An egal wéi een et och wëll gesinn, et misst ee sech bewosst ginn, datt d‘Enn vun der Glyphosat-Ära agelaut wier. Dat wéisste mëttlerweil och d‘Baueren.

De Fernand Etgen huet dann awer de Vertrieder vun der Plattform versprach hir Fuerderunge mat op Bréissel ze huelen, an déi och do ze verdeedegen. Allerdéngs leit de Minister elo net ënner Realitéitsverloscht. D‘Revendicatioune wieren a sinn gerechtfäerdegt, mee „laanscht eng Iwwergangszäit kënnt ee net“, esou de Landwirtschaftsminister, géintiwwer de Vertrieder vu „Meng Landwirtschaft“.

Et wieren zu Lëtzebuerg schonn eng ganz Rëtsch Mesure getraff ginn an och alternativ Methoden hätt e probéiert. Dat muss een elo awer och nach dem Bauer géinteniwwer vertriede kënnen. Eppes wat Zäit a Gedold brauch, well de Landwirt léisst sech och haut nach net gäre bedrängen, zemools wann hien all Dag op e neits iergendwelleche „Verkeefer“ ausgesat ass, déi him dat Blot vum Himmer verspriechen, awer eigentlech just säi „Bescht“ also säi Geld, wëllen.

Glyphosat

© Martine de Lagardère/moien.lu

Wat de Vote zu Bréissel ugeet, a well een net dovunner kann ausgoen, datt weder Däitschland nach Frankräich sech géint de Glyphosat wäerten opstellen, dierft et alt nees zu kengem brauchbare Resultat kommen. Dat heescht, datt um Enn d‘Kommissioun wäert mussen eng Entscheedung huelen. Op dann d‘Verlängerung op dräi oder fënnef Joer festgeluecht gëtt, dat wier zum Zäitpunkt vum Protestpiquet reng Spekulatioun.

Foto: Protestpiquet vun de Vertrieder vun der Plattform „Meng Landwirtschaft“ virum Landwirtschaftsministère. © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Fernand Etgen, Glyphosat, Landwirtschaft, Meng Landwirtschaft
Next post Previous post