Search

You may also like

De Marc Hansen am Business Club France-Luxembourg
Neiegkeeten

De Marc Hansen am Business Club France-Luxembourg

Um 11. Mäerz 2019 ass den delegéierte Minister fir d’Digitaliséierung,

Hei gëtt et vill méi wéi nëmme Biller!
Neiegkeeten

Hei gëtt et vill méi wéi nëmme Biller!

Dëse Weekend fënnt an der Kierch zu Hesper eng ganz

Cannabis: Eis franséisch Noperen sinn iwwert eis veriergert
Neiegkeeten

Cannabis: Eis franséisch Noperen sinn iwwert eis veriergert

Obwuel direkt hannert der Grenz – wéi eigentlech a granz

D’App „Meng Loft“ presentéiert zwou nei Funktiounen

Virun zwee Joer ass d’Applikatioun „Meng Loft“ vun der Ëmweltverwaltung lancéiert ginn, fir d’Notzer iwwert d’Loftqualitéit zu Lëtzebuerg ze informéieren. Fir de Summer 2020 sinn elo zwou nei Funktiounen dobäi komm.

Duerch „Meng Loft“ kann een direkt iwwert de Smartphone eng Aläert geschéckt kréien, soubal d’Loftverschmotzung klëmmt. Grad fir sensibel Persounen ass dëse Gadget an der Summerzäit, wou den Ozon engem ze schafen mécht, vu groussem Notzen.

Meng Loft

Eng nei Funktioun hëlleft dobäi an Echtzäit Spëtzewäerter vum Ozon op nationalem Niveau ze signaliséieren. Ass d’Konzentratioun erhéicht kann den aggressive Gas der Gesondheet schueden. Virun allem eeler Leit, Kanner, a Persounen mat Otem- oder Häerzproblemer leiden wärend engem Pic, kënnen awer duerch d’App hiert Verhalen un d’Wäerter upassen.

Eng weider nei Funktioun benoriichtegt den Notzer, wa bei enger Moossstatioun de Qualitéitsindex vun der Loft IQA (Indice Qualité Air) ännert. D’Wäerter gi vun 1 fir exzellent bis 10 fir immens schlecht. Berechent gëtt de Wäert iwwert d’Konzentratioun vun dräi atmosphäresche Schuedstoffer, déi automatesch an den nationale Statiounen zu Lëtzebuerg analyséiert ginn. Sensibel Persoune kënne scho bei engem Niveau vun 4 beaflosst sinn, wärend gesond Persounen eréischt ab der 7 eppes spieren.

Meng Loft

Jee no Wäert soll ee fir déi eege Gesondheet säi Verhalen upassen. Dat ass net nëmme fir sensibel, mee och fir gesond Leit essentiell.

Eroflueden kann een d’Applikatioun „Meng Loft“ am App Store oder bei Google Play.

Related topics App Store, Applikatioun, eeler Leit, Google Play, IQA, Loftqualitéit, Loftverschmotzung, Meng Loft, Otemproblemer, Ozon, Qualitéitsindex, sensibel, Summer
Next post Previous post