Ewéi mir engem Mënsch mat Angscht hëllefe kënnen

Engem Mënsch mat richteg uergen Angschtzoustänn ze hëllefen, erfuerdert Takt- a Matgefill. Et huet kee Wäert: « Komm schonn, beroueg dech, dat geet erëm eriwwer » ze soen.

Well déi Mënschen, déi ënnert dësem Zoustand leiden, ginn vun enger Rei vu kierperlechen an emotionalen Andréck erfaasst. Virun dësem Hannergrond ass et net einfach kloer ze denken. Wann et ëm Stress oder Angschtsstéierunge geet, ginn et keng séier Léisungen.

Dat mënschlecht Gehier schafft anescht, wann et an dësem psychologeschen Zoustand stécht – dat eenzegt wat däitlech spierbar ass, ass eng grouss Bedreeung. D’Häerz klappt séier, de Schweess geet engem aus, d’Muskele verspane sech.

« Komm, beroueg dech », ass villäicht gutt gemengt, mee net richteg. Deemnowéi hëllt den Angschtpatient Distanz an. 

Dat wat wierklech hëlleft, ass der perséinlecher Realitéit vum Géigeniwwer bewosst ze ginn. Mat engem Angschtpatient ze liewen ass net einfach. D’Stëmmung ännert sech, d’Motivatioun verschwënnt. Negativitéit dominéiert d’Denken. Gutt, mir kënne googlen, wat Angscht ass. Mee dat, wat mir liesen, ass net dat selwecht.

Kommunikatioun hëlleft. Gedold hunn. Keen Drock maachen. Otemtechniken a wann néideg professionell Hëllef. Eng Diagnos ka bei der richteger Bewältegungsstrategie hëllefen.

Mee dofir muss een deen éischte Schrëtt maachen.

Dernières nouvelles