Search

You may also like

Pipo Peng: D’Mega-Jick
Kultur Neiegkeeten

Pipo Peng: D’Mega-Jick

Virwuert: All Sonndeg gëtt eng Kuerzgeschicht aus dem Liewe vum

Duda gewënnt Stéchwahl a Polen
Kultur Neiegkeeten

Duda gewënnt Stéchwahl a Polen

Et huet eppes gedauert bis se a Polen d‘Stëmmen ausgezielt

Wat huet awer Idioten…
Kultur Neiegkeeten

Wat huet awer Idioten…

Nodeems d‘Police gemellt huet, datt et tëscht gëschter Owend an

Mënsche mat Behënnerung – Och si hu Gefiller, Dreem an Hoffnungen

Mënsche mat Behënnerung – Och si hu Gefiller, Dreem an Hoffnungen

Eng Behënnerung bedeit, kierperlech, séilesch oder geeschteg Beanträchtegungen ze hunn. Wat dacks vergiess oder ënnerschat gëtt, ass datt et sech ëm Mënsche mat Gefiller, Dreem an Hoffnunge handelt, déi genee esou vill Recht op en erfëllte Liewen hunn, wéi gesond Mënschen.

Fir dorunner ze erënneren, schloe mir dräi Filmer vir, déi Behënnerungen an Inclusioun thematiséieren. Et sinn entweder fiktiv oder real Geschichten, se bréngen eis dem Liewe mat Behënnerunge méi no a vermëttelen dobäi e wäertvolle Message. Si spigelen alldeeglech Problemer, Situatiounen an Erfarungen erëm. Dorausser kënne mir léieren a besser domat ëmgoen.

D’Weltgesondheetsorganisatioun huet am Joer 2020 iwwert eng Milliard Mënsche mat Behënnerunge registréiert, dobäi kann et sech ëm mental oder physesch Behënnerungen handelen, déi de betraffene Mënsch aschränken. Dat sinn iwwer 15 Prozent vun der Weltbevëlkerung.

Ziemlich beste Freunde

Natierlech gehéiert de franséische Film „Ziemlich beste Freunde“ an dës Lëscht, e gëllt scho bal als Klassiker. De Film erzielt eis d’Geschicht vun engem geläämte Millionär, deen e perséinlechen Assistent astellt. An dat ass nawell en Chaot. Den Driss ass just aus dem Prisong entlooss ginn a kënnt aus engem schlechte Quartier.

Déi zwee ënnerschiddlech Personnagë léieren sech net nëmme kennen, si léieren och vill vuneneen. De Film enthält eng uerdentlech Portioun Ironie a luet zum Nodenken an.

A Beautiful Mind

Dëse Film baséiert um Liewe vum John Forbes, engem aussergewéinleche Mathematiker. Hien ass en staark psychotesche Mënsch, ma dat hënnert hien awer net drun seng Karriär weider ze verfollegen an den Nobelpräis ze gewannen. An domat vermëttelt de Film eng grouss Liewenslektioun.

Die Entdeckung der Unendlichkeit

An dësem englesche Film geet et ëm d’Liewe vum berühmten Astrophysiker Stephen Hawking. Mir begleeden hien duerch säi Liewen, dobäi gëtt een och méi iwwert seng éischt Fra Jane gewuer. De Film weist säi liewenslaange Kampf géint ALS, dobäi gesäit een déi perséinlech Konflikter vum Fuerscher, mee och seng Passioun fir d’Wëssenschaft.

Opmaacherbild: Freepik

Related topics A Beautiful Mind, Behënnerung, Die Entdeckung der Unendlichkeit, Dreem, Filmproposen, Hoffnung, Info Handicap, Stephen Hawking, Ziemlich beste Freunde
Next post Previous post