Search

You may also like

Éischte Coronavirus-Doudegen an Italien
International Neiegkeeten

Éischte Coronavirus-Doudegen an Italien

D‘Leit stierwen net nëmmen an Asien un dësem Coronavirus (Covid19)

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 16. bis den 22. November
International Neiegkeeten

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 16. bis den 22. November

An der Woch vum 16. op den 22. November ass

Ankara wëll déi wirtschaftlech Kooperatioun mat Frankräich stäerken
International Neiegkeeten

Ankara wëll déi wirtschaftlech Kooperatioun mat Frankräich stäerken

Vun der tierkescher Presidence gëtt matgedeelt, datt béid Presidenten, de

Flucht iwwert d‘Mëttelmier: op en Neits Mënschen aus Séinout gerett

Flucht iwwert d‘Mëttelmier: op en Neits Mënschen aus Séinout gerett

Säit en Freideg hunn d‘Schëffer „Ocean Viking“ an „Alan Kurdi“ onwäit vun der libescher Küst nees 301 Mënschen opgeholl. D‘Ocean Viking, déi gemeinsam vu SOS Méditerranée an MSF bedriwwe gëtt, huet e Samschdeg emol 131 Mënschen aus der Séinout gerett. Mat den 92 déi schonn e Freideg opgegraff goufen, sinn elo 223 Migranten op der Ocean Viking.

SéinoutOch d‘Alan Kurdi, déi vun der Organisatioun Sea-Eye bedriwwe gëtt, huet an zwou verschiddenen Aktiounen 78 Mënsche virun der libescher Küst opgeholl. E Spriecher vun der Organisatioun huet informéiert, datt ënnert de Flüchtlingen och Kanner sinn, dat jéngst grad emol 6 Méint jonk. Dräi Persoune wiere staark deshydratéiert gewiescht, esou d‘Hëllefsorganisatioun.

Wéi et elo weider geet, doriwwer kann zur Stonn nëmme spekuléiert ginn. Libyen ass aktuell Krichsgebitt, och wann esou eppes wéi eng Wafferou besteet. Scho virdrun huet et genuch Grënn ginn, d‘Leit net zréck an dat nordafrikanescht Land zréckzebréngen, elo ass et ersiichtlech, datt e Retour ausgeschloss ass. Mee wéi en Hafe kënne béid Schëffer ulafen?

SéinoutAn der Lescht hat Italien relativ séier en Zougang zu den Häfen erméiglecht, nodeems sech eng Rei Länner am Virfeld bereet erkläert haten, d‘Flüchtlingen ënnert sech opzedeelen. Zu Bréissel gëtt zudeem driwwer diskutéiert, ob d‘Missioun Sophia net soll „reaniméiert“ ginn. Dës Missioun war sengerzäit als Moossnam géint d‘Schleiser agesat awer 2015 agestallt ginn.

mat indymedia/ber

Foto: E sécheren Hafen huet dëse Bëbee nach erreecht, mee op der Ocean Viking huet d‘Kand elo zumindest eng Zukunftsperspektive. © SOS Méditerranée/MSF

Related topics Alan Kurdi, Mëttelmier, MSF, Ocean Viking, Sea-Eye, Seebrücke, Séinout, SOS-Méditerranée
Next post Previous post