Search

You may also like

D’Hôpitaux Robert Schuman informéieren elo och iwwert TikTok
International Neiegkeeten

D’Hôpitaux Robert Schuman informéieren elo och iwwert TikTok

Op diverse sozialen Netzwierker loossen déi Professionell vun den Hôpitaux

Meuterei op der MS Däitschland: d‘Kanzlerin op Krichsfouss mam Inneminister
International Neiegkeeten

Meuterei op der MS Däitschland: d‘Kanzlerin op Krichsfouss mam Inneminister

De „rietse“ Flillek vun der däitscher Regierungskoalitioun wëll der Bundeskanzlerin

D‘Klappjuegd… eng „rekreativ“ Aktivitéit?
International Neiegkeeten

D‘Klappjuegd… eng „rekreativ“ Aktivitéit?

Si verstinn net firwat ee Klappjuegten als rekreativ Beschäftegung verkläert,

Coronavirus: Mënschen dobannen, Déieren dobaussen

Coronavirus: Mënschen dobannen, Déieren dobaussen

Wärend d’Mënschheet eng Aart Stëllstand erlieft, beweist d’Natur weiderhin, wat an hir stécht. Elo, wou mir a Quarantaine sëtzen a keng Gefor fir d’Déierewelt méi duerstellen, trauen eis déieresch Gesellen sech nees aus hire Verstoppen eraus a maachen reegelrecht Besiichtegungstouren vun eisen Dierfer a Stied.

Datt de Mënsch elo net méi esou aktiv dobaussen ënnerwee ass, bitt net nëmmen Nodeeler. Bei sonnegem Fréijoerswieder erleedege mir all Aufgaben, déi säit laangem leie bliwwe sinn, erliewen nees, wat et heescht déi eegen Kreativitéit a Gemeinschaftssënn opliewen ze loossen, léiere souguer, wat wierklech essentiell ass. Ma, och d’Natur an d’Ëmwelt kënnen nees opootmen: Wéi d’European Space Agency (ESA) eréischt viru kuerzem matgedeelt huet, geet d’Loftverschmotzung erof. Kee Wonner also, datt elo och d’Déieren sech nees méi oppen weisen.

A Länner wéi Italien, Thailand a Japan entdecken eigentlech wëll Déieren mëttlerweil eis Stied, lafen duerch d’Stroossen a kucke sech d’Situatioun – endlech emol ouni de Mënsch – méi genee un. Op Twitter léisst beispillsweis den okadennis eis drun deelhuelen, wéi d’Réi aus dem Nara Park ëffentlech ronderëm lafen,

Wann de Mënsch si schonn net méi, wéi gewinnt, fiddere kënnt, muss een eben selwer aktiv ginn an d’Ëmgéigend no Iessbarem ofsichen. De Sightseeing-Trip vun de sougenannte Sikahirschen – déi ee Stéck méi kleng sinn, wéi de bei eis bekannte Routhirsch – suergt bei den Awunner vun der Stad fir Amusement.

Ma, wärend a Japan d’Réi um Wierk sinn, weise sech an Thailand d’Afen a risege Gruppen op ëffentleche Plazen. Dëse Video ass zu Lopburi opgeholl ginn.

Zur selwechter Zäit sinn an Italien Wëllschwäin, Schof, jo souguer ee Päerd dobaussen ënnerwee:

 

 

 

Wéi wäert hei wuel d’Situatioun ausgesinn, wann de Mënsch bis nees eraus dierf?

Opmaacherbild: © okadennis / Twitter

Related topics Coronavirus, Covid-19, Ëmwelt, Natur, okadennis, Quarantaine, Réi, Tumblr, Twitter, Wëllschwäin
Next post Previous post