Search

You may also like

Bundesregierung gëtt sengem Häerz e Stouss
International Neiegkeeten

Bundesregierung gëtt sengem Häerz e Stouss

Aus dem däitschen Inneministère huet et gëschter geheescht, datt d‘Regierung

Total bekifft! (Kommentar)
International Neiegkeeten

Total bekifft! (Kommentar)

Nodeems sech d‘CSV an hire geleeëntleche Partner d‘ADR, an der

Kawasaki-Syndrom: Alles nëmmen hallef esou schlëmm?
International Neiegkeeten

Kawasaki-Syndrom: Alles nëmmen hallef esou schlëmm?

E Freideg stierft am Frankräich ee Kand vun 9 Joer

UN-Debat zu Mënscherechter a China

UN-Debat zu Mënscherechter a China

Op Initiativ vun Däitschland, Groussbritannien an den USA, ass e Mëttwoch zu New York um Sëtz vun der UNO, iwwert d‘Kausa vun der moslemescher Minoritéit vun den Uiguren debattéiert ginn. Peking huet seng Handelspartner opgeruff sech vun dësem virtuellen Debat ze distanzéieren.

Wéi engem Appell Lëtzebuerg – e Land dat wirtschaftlech a politesch enk mat China verbonnen ass – gefollegt ass dierft wuel kaum ee Mënsch interesséieren, zemools sech och d‘UNO schwéier deet, d‘Schicksal vun den Uiguren ze beroden. Holland, Kanada an d‘USA schwätze vu Genozid, an och soss ass d‘Ënnerdréckung vun dëser Ethnie zimmlech gutt dokumentéiert. A wat soll elo geschéien?

D‘USA déi nach ëmmer als „déi Weltmuecht“ duergestallt ginn, an et mat de Mënscherechter laang net esou genee huele wéi dat politesch gären duergestallt gëtt, lafen hannert de Chinesen hir. Och si fuerdere – mat engem aneren Toun wei dat vun de Chinese gemaach gëtt – vun hire Partner sech der Muecht vu Peking ze widdersetzen. An zu New York weecht den UN-Generalsekretär allem aus.

Esou huet den Antonio Guterres dann emol den Intervenante vum Debat erkläert: „Mir hu Peking opgefuerdert, der héijer UN-Kommissärin fir Mënscherechter, Michelle Bachelet, ee Besuch an der Regioun Xinjiang, ouni iergendwellech Restriktiounen ze erméiglechen“. Wierklech méi geet net, och wa gewosst ass, datt gewësse Geschäftsleit zu de Lager a Produktiounsanlagen Zougang hunn.

An dann huet Peking jo och nach e Wuert matzeschwätzen. China muss sech den Ament zolidd mat senge Wirtschaftspartner am politesche Spagat üben a Versteesdemech dofir opbréngen, datt et do Länner huet, an deenen d‘Zivilgesellschaft sech fir Mënscherechter asetzen dierf. Dat ass quasi ee vun der Verfassung geschützt Recht. Och da wann d‘Regierunge ganz aner Interesse verfollegen…

Et sollt ee sech eraushalen

Datt den Antonio Guterres am Kontext vum Debat net an den Detail gaangen ass, bezunn op all déi Knaschtegkeeten déi de kommunistesche Regimm zu Peking géintiwwer den Uiguren uwennt, gëtt esou erkläert: „et wier kontraproduktiv!“. Et muss ee jo diplomatesch bleiwen, an bannent der UNO ass engem d‘Muecht vu China scho bewosst. Mee iergendwéi muss de Schäi wuel gewoort bleiwen.

China fënnt datt et hei zum engen ëm „intern Ugeleeënheete“ geet, firwat d‘UNO d‘Situatioun vun den Uigure glat a guer näischt ugeet. Zudeem géif et keng sougenannt „Ëmerzéiungslager“, mee ausschliisslech „Ausbildungszenter“ an deenen extrem a gewaltbereet Individue resozialiséiert an nees an de Krees vun der Gemeinschaft sollen integréiert ginn. Gutt datt ass gelunn, mee d‘Ausso.

Iwwerhaapt sinn d‘Serviteure vun der kommunistescher Partei – déi jo och net op hir Privilegie verzichte wëllen – liicht aus der Fassung ze bréngen. Esou huet de chineseschen Ausseminister Wang Yi, am Kontext vun engem Besuch a Kanada, enger Journalistin ganz diplomatesch op eng „kritesch Fro“ geäntwert, datt déi onverantwortlech wier an d‘Demonstratioun vun Onwëssen ass.

Fir déi amerikanesch Aussepolitik, déi no véier Joer „Misär“ nees no Afloss an der Welt sicht, an och militäresch nees wëll méi an Europa matbestëmmen, ass déi vun der UNO gebueden Tribün natierlech wichteg, och bezunn op déi national Politik. Den US-Ausseminister Anthony Blinken erënnert och nach dorunner, datt China d‘UN-Mënscherechtserklärung jo och gezeechent huet.

Richteg ass, datt d‘USA do wesentlech méi clever virginn a net ëmmer alles ënnerschreiwen, wéi et um Beispill vum Internationale Geriichtshaff zu Den Haag (ICC) och ausféierlech dokumentéiert ginn ass. Et ass och bekannt, datt sech Amerikaner zwar ëmmer op Verträg an Accorde beruffen, déi si grondsätzlech net anhalen an/oder eesäiteg opkënnegen. Mee si sinn jo awer eis beschte Frënn.

mat indymedia/nyc/bru

Illustratioun: D‘Uiguren si weder rezent a China iwwergesidelt, nach ass et nei, datt Peking sech mat allem wat Relioun betrëfft schwéier deet. Peking iwwerwaacht an ënnerdréckt zudeem net exklusiv d‘Uiguren oder Aktiviste fir méi Demokratie. Nee a China gëtt wierklech all eenzele vun der Partei duerchliicht, de Verstouss géint d‘Mënscherechter ass universell. © Joel Heard / unsplash

Related topics Antonio Guterres, China, Debat, Intern Ugeleeënheeten, Mënscherechter, Uiguren, UNO
Next post Previous post