Search

You may also like

Demokrate setzen US-President ënner Drock
Neiegkeeten

Demokrate setzen US-President ënner Drock

Fir den Donald Trump sinn et ustrengend Zäiten. Fir unzefänke

Ministesch fir Konsumenteschutz trëfft d‘ULC
Neiegkeeten

Ministesch fir Konsumenteschutz trëfft d‘ULC

Den 30. Januar hat déi nei Ministesch fir de Konsumenteschutz,

What the Fakt – Alles op de Mound mat der Apollo 11!
Neiegkeeten

What the Fakt – Alles op de Mound mat der Apollo 11!

Um 16. Juli 1969 hunn d’USA Raumfart-Geschicht geschriwwen. Fir d’Missioun

Schoul eleng ass keng Preparatioun op d’Liewen

Schoul eleng ass keng Preparatioun op d’Liewen

Méi wei 10.000 jonk Leit vu méi wei 150 Länner hunn zesummen diskutéiert. Zwee Drëttel gleewe fest drun, datt d’Schoul net duer geet fir op d’Zukunft virbereet ze ginn.

No enger Rei Etüde vun The Duke of Edinburgh’s International Award Foundation goufen zwou Gruppe vu jonke Leit (13 bis 25 a 16 bis 25 järeger) a bal 2.000 Erwuessener (25+) no hirer Meenung zu den Erausfuerderungen a Méiglechkeete gefrot, déi jonk Mënsche bewältege mussen, sou wéi zu de Fäegkeeten, déi een fir ee grousse Succès hautdesdaags braucht.

Souwuel jonk, wéi och al sinn dovun iwwerzeegt, datt een nieft de schoulesche Kenntnisser och aner Erfarunge maache muss, fir esou op d’Zukunft virbereet ze ginn. D’Etüd huet och eraus fonnt, datt 7 vu 10 jonke Leit méi Onsécherheete verspieren, wéi déi Generatioune virdrun. Ganzer 6 vun 10 denke souguer, datt et hautdesdaags méi komplizéiert ass opzewuessen, wéi dat bei eisen Elteren a Grousselteren de Fall war.

Fäegkeeten, wéi Zouversiicht, Ausdauer an Entschlossenheet ginn fir de Succès als genau esou wichteg ugesi wéi Teamfäegkeet a Féierungsqualitéiten. Duerch d’Etüd ass elo d’Campagne #WORLDREADY gegrënnt ginn, mam Ziel d’Bewosstsinn vun der Wichtegkeet vun net formeller Educatioun ze steigeren an esou d’Entwécklung vun der Jugend ze verbesseren.

Schonn iwwert 1,3 Millioune Participanten an iwwert 130 Länner huelen um Award deel. D’Campagne ass den 1. November zu Accra am Ghana, wärend dem Forum 2018, annoncéiert ginn. Beim Event gi generell d’Erausfuerderungen a Méiglechkeete vun der Jugend diskutéiert.

Seng Altess, de Graf vu Wessex a President vun der Fondatioun, huet seng Exzellenz, Nana Akufo-Addo, President vun der Republik Ghana, an weider Gäscht fir dat fënnef deegegt Event ugetraff. D’Altess huet dobäi betount: „Hautdesdaags wuesse jonk Leit an enger dynamescher, hektescher Welt op an d’Entwécklung vu Fäegkeete wéi Belaaschtbarkeet, Vertrauen an

Upassungsfäegkeet ass enorm wichteg. Net-formell Educatioun, déi vun Organisatioune wei dëser ugebuede ginn, ass eng getest Méiglechkeet jonke Mënsche bäizebréngen sech selwer eraus ze fuerderen, aus der Komfortzone eraus ze kommen a positiv Verännerungen u sech an un der Kommunitéit ze erliewen. Et erlaabt hinnen, fir déi noutwenneg Fäegkeeten an dëser Welt ze léieren.“

Am Grand-Duché ass The Duke of Edinburgh’s International Award bekannt als Mérite Jeunesse Lëtzebuerg. Scho säit iwwer 25 Joer zielt d’Fondatioun all Joer iwwert 1.000 14 bis 24 järeg Participanten.

Fir weider Informatiounen kënnt dir de Site www.merite.jeunesse.lu an www.worldready.org besichen.

Related topics Graf vu Wessex, Mérite Jeunesse, Nana Akufo-Addo, Schoul, Virbereedung, Zukunft
Next post Previous post