Search

You may also like

USA: 25% Douanestaxen op Importwueren aus China
Fail Neiegkeeten

USA: 25% Douanestaxen op Importwueren aus China

De Locataire gëtt keng Rou an schéngt sech virgeholl ze

Belsch: Fir d‘Fleegepersonal ass d‘Mooss voll
Fail Neiegkeeten

Belsch: Fir d‘Fleegepersonal ass d‘Mooss voll

Mam Slogan „La Santé en Lutte“ huet et ee Sonndeg

Neikaledonien bleift franséischen Territoire
Fail Neiegkeeten

Neikaledonien bleift franséischen Territoire

D‘Separatisten hunn sech no 2018 och 2020 net duerchgesat kritt.

dislike

Merkel: Wie Gewalt uwennt verspott d’Demokratie

Am Virfeld vum G20 Sommet koum et zu Krawallen

Merkel: Wie Gewalt uwennt verspott d’Demokratie

Eng ustrengend Nuecht haten d’Polizisten zu Hamburg. Dat wat sech am Owend no enger, esou wäit friddlecher, Demo ugekënnegt hat, huet sech da leider bestätegt. Barrikaden an Autoen déi brennen, Steng an Feierwierkskierper déi ronderëm fléien, dat war d’Bild no der Anti-G20 Demo „Welcome to Hell“.

Um Virowend vum G20 Sommet zu Hamburg ass et zu massiven Ausschreidungen tëscht der Police an den „Autonomen“ komm. Bei der Demo „Welcome to Hell“, déi um Fëschmaart friddlech ugefaangen hat, sinn um Enn Fläschen an aner Géigestänn uechtert d’Loft geflunn. Zu gudder läscht hunn dunn och nach Dreckskëschten an Autoe gebrannt.

Blesséierter op béide Säiten

D’Police huet massiv Pefferspray a Waasserwerfer agesat, fir déi 12.000, gréisstendeels friddlech Demonstranten, ausenaner ze dreiwen. Um Enn een traurege Bilan: 74 blesséiert Beamten, dräi dovunner esou schwéier, datt si am Spidol hu misse gehandelt ginn. Och d’Pilote vun engem Helikopter sollen duerch den Asaz vu „Laserpointer“ verletzt gi sinn.

Laut dem Organisateur vun der Demo, sinn och Demonstrante blesséiert ginn. Doriwwer eraus kéinte ronn 20 Leit verhaft gi sinn. Dat nodeems sech gutt 1.000 Vermummter ënnert déi friddlech Mass gemëscht haten. D’Police war ugangs esouguer vun 8.000 gewaltbereeten Autonomen ausgaangen. Den Organisateur huet dowéinst no enger knapper Stonn d’Manif ofgebrach. Den Ëmzuch war dann och nëmmen ee puer Meter wäit komm.

Verhältnesméissegkeet

Den Organisateur mécht der Police Virwërf a schwätzt vun enger net verhältnesméisseger Aart a Weis. Während nach versicht gi wier, den Demonstrante kloer ze maachen, si missten hir Vermummung ofleeën, hätt d’Police scho kräfteg agegraff. Dozou de Spriecher vun der Police: „Eng Vermummung beim engem Ëmzuch ass ee Verstouss géint d’Versammlungsgesetz a gëtt vun eis net gedult.“

Et soll wuel versicht gi sinn, déi friddlech Demonstrante vum „schwaarze Block“ ze trennen, an esou d’Manif weider lafen ze loossen – ouni Erfolleg! Ëmmer nees hunn sech kleng Gruppen aus der Mass geléist an sinn a Niewestroosse verschwonnen. Gewaltbereet Demonstrante hunn sech mat Steng an anere Géigestänn ausstafféiert. Et si Barrikaden opgeriicht, Beamten ugegraff an Autoen an Brand gestach ginn.

Symbol: Rote Flora

Och ronderëm de besaten Theater „Rote Flora“ ee Symbol net nëmme fir déi Autonom Zeen, huet et Krawall an Ausschreidunge ginn. Nieft Barrikaden hunn hei och Vëloe gebrannt, Knascht an aner Saache sinn der Police entgéintgeflunn. Mat Waasserwerfer huet d’Police hei gläichfalls massiivst agegraff.

Et gëtt keng Rechtfäerdegung fir ee gewalttätege Protest

Angela Merkel, Däitsch Bundeskanzlerin

D’Kanzlerin Angela Merkel huet fir déi Form vun Demonstratioun kee Versteesdemech a léisst matdeelen: „Et gëtt keng Rechtfäerdegung fir ee gewalttätege Protest an ech si sécher, datt d’Police alles wäert ënnerhuelen dat ze ënnerbannen. Virun de friddlechen Demonstranten hunn ech Respekt, si notzen hiert demokratescht Grondrecht. Wien Gewalt uwennt verspott d’Demokratie.“

mat AFP an Indymedia

Foto: Déi „Autonom“ Zeen huet um Virowend vum G20-Sommet zu Hamburg eng „Schluecht“ mat der Police geliwwert. Déi friddlech Demonstratioune geroden esou an den Hannergrond (© Odd Andersen/AFP)

Related topics Angela Merkel, Europa, G20, G20 Hamburg
Next post Previous post