Search

You may also like

Mars: riskant Landemanöver fir NASA-Sond InSight
International Neiegkeeten WTF

Mars: riskant Landemanöver fir NASA-Sond InSight

Siwe Joer Aarbecht, siwe Méint Rees duerch de Weltraum, an

OGBL: D‘Wahlprogrammer am direkte Verglach
International Neiegkeeten WTF

OGBL: D‘Wahlprogrammer am direkte Verglach

No der Reunioun vum OGBL-Nationalcomité huet de Gewerkschaftspresident André Roeltgen

Coronavirus: NATO fuerdert Kampfpaus an Afghanistan
International Neiegkeeten WTF

Coronavirus: NATO fuerdert Kampfpaus an Afghanistan

Et géif en dréngende Besoin dës humanitär Kampfpaus ëmzesetzen, esou

surprise

Breaking News: Messerattack an der Basilika zu Nice

Breaking News: Messerattack an der Basilika zu Nice

Haut de Moien, kuerz no 9 Auer, ass et an der Basilika zu Nice zu enger Messerattack komm. Alles deit op e reliéis motivéierten Uschlag hin. Den Täter, dee kuerz no der Dot konnt festgeholl ginn, hätt bei senger Festnam „Allah o‘Akbar“ gebläert. Op der Plaz sichen d‘Demineuren no méigleche Sprengsätz. Den Antiterror-Parquet ass mat der Enquête befaasst.

Zu Stonn ass d‘Informatiounslag nach eppes oniwwersiichtlech. Als geséchert gëllt: dräi Persoune sinn hire Verletzungen erleeën, dorënner zwou déi sech an der Basilika opgehalen hunn. Ënnert den Affer soll sech den Hausmeeschter vun der Basilika befannen. Ausserhalb der Basilika goufe weider Persoune vum Täter verletzt. Och dësen, esou d‘Police, wier blesséiert ginn, iert en da verhaft gouf.

Messerattack

Op Nofro huet d‘Police confirméiert, datt den Täter vun der Dot, wéi hien an d‘Ambulanz geluede gouf, der Welt nach emol matgedeelt hätt datt dee komesche Prophet grouss wier. Domadder ass hei vun enger reliéis motivéierter Dot auszegoen, firwat den Antiterror-Parquet d‘Enquête iwwerholl huet. Ermëttelt gëtt wéinst Mord a Verbindung mat engem terroristeschen Hannergrond.

Op Twitter huet de franséischen Inneminister annoncéiert, datt eng Krisenzell sech mat dësem Fall beschäftegt. De Premierminister Jean Castex, deen de Moien am Parlament d‘Moossnamen am Kontext vum Reconfinement virgestallt huet, huet d‘Sëtzung no enger Schweigeminutt verlooss fir sech der Krisenzell unzeschléissen. Och de President Emmanuel Macron wier dohinner ënnerwee.

Messerattack

Dës Dot, déi keng véierzéng Deeg nom hannerhältege Mord um Geschichtsproff Samuel Paty op en neits d‘Gemidder wäert erhëtzen an wuel nëmme vum Recep Tayyip Erdogan dierft begréisst ginn, erhéicht natierlech och den Drock op déi islamesch Communautéit. Mir wäerte muer, esou wéi d‘Autoritéite Präzisioune matgedeelt hunn nach emol op des neierlech Terrorattack zréckkommen.

mat indymedia/nce

Related topics Antiterror-Parquet, Basilika, islameschen Terror, Nice
Next post Previous post