Search

You may also like

Wéi gutt kenns du eis Autobunnen?
International Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du eis Autobunnen?

[onionbuzz quiz-id=194][/onionbuzz] Iwwert d’Autobunn op d’Aarbecht: Dat ass vir vill

Inkohärenz a Widderspréch an der Argumentatioun vum Minister Meisch
International Neiegkeeten

Inkohärenz a Widderspréch an der Argumentatioun vum Minister Meisch

De Syndicat du Personnel de l’Éducation nationale oevrant spécifiquement dans

Algerien: De Wonsch nom politesche Wiessel
International Neiegkeeten

Algerien: De Wonsch nom politesche Wiessel

Zu Dausenden hunn e Freideg d‘Algerier sech géint e fënneft

Messerattack zu Den Haag, Täter op der Flucht

Messerattack zu Den Haag, Täter op der Flucht

Am Zentrum vun Den Haag huet gëschter am Nomëtteg ass e Mann mat engem Messer op d‘Leit lassgaangen a huet dräi Kanner blesséiert. Wéi d‘Police matgedeelt huet, wieren déi jonk affer ausser Gefor an hunn och schonn d‘Spidol kënne verloossen. D‘Police sicht nom Täter, Hiweiser op en Terrorakt gëtt et zur Stonn keng.

Et war de Dag vum Konsum an de „Black Friday“ huet vill Leit an d‘Geschäftsstroosse vun der hollännescher Haaptstad gelackelt. Nëmmen e puer Stonnen no der Terrorattack vu London, wou zwou Persounen hire Verletzungen erleeë sinn, koum et an der Grote Marktstraat zu enger weiderer Messerattack. Den Täter deen anscheinend blannemännerches zougestach huet konnt entkommen.

Den HaagD‘Rettungsdéngschter waren awer immens séier op der Plaz an och d‘Police konnt den Tatort zäiteg a groussraimeg ofspären. Déi blesséiert Kanner konnten op der Plaz versuergt an uschléissend an d‘Spidol gefouert ginn. Si sinn ausser Gefor an konnten d‘Spidol nach gëschter Owend verloossen. Wann d‘Police keng Hiweiser op en terroristeschen Hannergrond huet, ausgeschloss gëtt näischt.

An Holland huet et an de leschte Jore méi där islamistesch motivéiert Uschléi ginn. Nach leschte Méindeg huet déi hollännesch Police zwee Männer am Alter vun 20 a 34 Joer verhaft. Hinne gëtt virgeworf terroristesch Aktivitéiten ze ënnerhalen. Laut der Staatsanwaltschaft solle béid Männer Uschléi mat Sprengstoff an Autobomme geplangt hunn.

Foto: © Ashley (via Twitter)

Related topics Den Haag, Messerattack, Strofdot, Terror
Next post Previous post