Search

You may also like

EU-Kommissioun setzt Polen ënner Drock
Neiegkeeten

EU-Kommissioun setzt Polen ënner Drock

Beim Sträit ëm déi polnesch Justizreform, schéngt der Kommissioun zu

Giel Gileten: de „Grand Debat“ eng „Kommunikatiounsoffensiv“?
Neiegkeeten

Giel Gileten: de „Grand Debat“ eng „Kommunikatiounsoffensiv“?

Fir d‘Chantal Jouanno, Presidentin vun der nationaler Kommissioun fir den

De Minister Romain Schneider op Besuch an der Tierkei
Neiegkeeten

De Minister Romain Schneider op Besuch an der Tierkei

De Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung Romain Schneider

Messerattack zu Bouneweg: wéi geet een domadder ëm?

Psychologesch Hëllef fir d‘Schüler am LTB no déidlecher Messerpickerei

Messerattack zu Bouneweg: wéi geet een domadder ëm?

De brutalen Dout vum 18 järege Raphael um Dënschdegowend, huet am Technesche Lycée zu Bouneweg (LTB) – wou hie Schüler war – fir vill Opreegung an Trauer gesuergt. Hie war keen Onbekannten, déi meescht hunn hien zanter de Kandheet kannt.

Opfälleg ass dat grousst Onverständnis géintiwwer dem Ausmooss vun der Gewalt. An esou heescht et, datt sech keen an dëser Schoul virstelle kann, wat zu dëser Ausenanersetzung soll gefouert hunn. Aus de ville Stëmme war erauszehéieren, datt de jonke Mann éischter ee rouege Kärel war, deen net vill geschwat huet. Et kann och kee sech virstellen, datt de Raphael eppes mat Drogen um Hutt hat.

Dat déi zwee vermuttlech Täter mannerjäreg Teenager sinn, mécht dat Ganzt net besser. Laut dem Parquet géifen d‘Ermëttlunge géint dës „Kanner“ (15, respektiv 17 Joer jonk) nach undaueren. Si sëtzen an der Sécherheetseenheet vum „Kannerprisong“ zu Dräibur an Untersuchungshaft. Well se mannerjäreg sinn, soll ee keng vireileg Schlëss zéien, an d‘Resultat vun der Enquête ofzewaarden.

Säitens dem Educatiounsministère gouf dann nach matgedeelt, datt sech de GAP (de Grupp vun der psychologescher Begleedung) këmmert. Der GAP gëtt bekanntlech ëmmer dann agesat, wann sech en dramatescht an/oder traumatescht Ereegnes am schoulesche Beräich zougedroen huet. Hie besteet aus diploméierte Psychologen an enger Sozialassistentin. Déi këmmeren sech op der Plaz…

Also zumindest an der Theorie. D‘Schoulklass vum Affer war nämlech ee Mëttwoch guer net an der Schoul. Et géif sech awer tëscht dem GAP an dem psychologeschem Déngscht vun der Schoul an dësem Dossier ausgetosch, esou den offizielle Wuertlaut. Säitens dem Lycée zu Bouneweg war een den Ament net bereet zu dësem Virfall Stellung ze huelen. Et wéilt een net an d‘Enquête agräifen.

Illustratioun: © ian / unsplash

Related topics Bouneweg, GAP, LTB, Messerattack, Messerpickerei
Next post Previous post