Search

You may also like

USA: Victoire vum Joe Biden vum Walkollegium bestätegt
International Neiegkeeten

USA: Victoire vum Joe Biden vum Walkollegium bestätegt

D‘Ofstëmmung vun de Männer a Frae vum amerikanesche Walkollegium (Electoral

Ägypten: Ëm de Covid19 këmmert sech Allah
International Neiegkeeten

Ägypten: Ëm de Covid19 këmmert sech Allah

Net nëmme fundamentalistesch Chrëschten oder al Hebräer verloossen sech op

Zouversiichtlech an déi lescht Chambersessioun
International Neiegkeeten

Zouversiichtlech an déi lescht Chambersessioun

Mat der „journée parlementaire“ ass déi politesch Rentrée vun der

Islamist no Messerattack zu London erschoss

Islamist no Messerattack zu London erschoss

Op der London Bridge huet ee vun der Police bekannten Islamist e Freideg Passanten ugegraff an op se agestach. Zwou Persoune sinn hire Blessuren erleeën. D‘Police huet confirméiert, datt de Mann Verbindungen zu islamistesche Gruppen hat an hie soll wéinst enger terroristescher Handlung scho veruerteelt gi sinn. De Personnage ass nach op der Plaz vun der Police erschoss ginn.

Et war 13.58 Auer (lokalzäit) wéi bei der Police den Noutruff agaangen ass. An der britescher Haaptstad, matten op der London Bridge géif e Mann mat engem Messer op d‘Leit lass goen. E Reporter vun der BBC deen an der Géigend war huet bericht, datt Passanten offenbar versicht hunn ee Mann op de Buedem ze drécken, wéi Schëss gefall, an d‘Leit Fortgelaf sinn.

LondonVerschidde Videoopnamen déi am Netz kurséiere bestätegen dës Ausso. De Buergermeeschter vu London, Sadiq Khan: „Wat bemierkenswäert un dëse Biller ass, ass den onbeschreifleche Courage vun de Passanten, déi der Gefor regelrecht entgéintgelaf sinn“. Hien d‘Awunner opgeruff uecht ze doen, gëeent an entschloss dem Terror entgéintzetrieden. Domatter ass de Virfall en Terrorakt…

Der Police bekannt

Zwee Mënsche sinn un hire Verletzunge gestuerwen, dräi weider ginn a Spidäler behandelt. Den Täter, den 28 järegen Usman Khan ass nach op der Plaz vun der Police erschoss ginn. Éischten Erkenntnisser no soll den Terrorist eng Sprengstoffvest-Attrapp ugehat hunn. De Chef vun der britescher Antiterror-Police Neil Basu, huet bestätegt, datt de Mann den Autoritéite bekannt war.

LondonHie wier 2012 wéinst terroristeschen Aktivitéite veruerteelt gi sinn, 2018 ass de Personnage op Bewährung fräi gelooss ginn, soll awer eng sougenannten elektronesch Foussfessel gedroen hunn. Als leschte bekannte Wunnuert gëtt d‘Géigend vu Staffordshire genannt. Zu Stonn géif gepréift, ob nach aner Persoune bedeelegt waren. Et wëll ee sécherstellen datt keng Gefor méi besteet.

Krisentreffen a Wahlkampfpaus

Am spéiden Nomëtteg huet sech och de Premierminister Boris Johnson zum Virfall geäussert. Hien huet dréche festgestallt, datt et ee Feeler ass gewalttäteg Krimineller zäiteg aus der Haft ze entloossen. „Et ass ganz wichteg, datt mir esou Geflogenheeten hannert eis loossen an datt mir déi ugemoosse Strofe fir geféierlech Krimineller duerchsetzen, besonnesch bei Terroristen“.

LondonUm Owend huet et dozou nach e Krisentreffe vun der Regierung ginn. Hei sot de Boris Johnson: „Dëst Land wäert sech ni duerch dës Aart vun Attacken aschüchtere loossen“. Als eng éischt Mesure huet de britesche Premier eng gréisser Policepräsenz op de Stroossen annoncéiert. Och weider Moossname solle getraff gi sinn, doriwwer ass awer näischt matgedeelt ginn.

D‘Attack gräift allerdéngs och an de Wahlkampf an. An deem geet et net nëmmen ëm de Brexit, mee och ëm d‘Sécherheetspolitik. A béid Haaptkonkurrenten, Tories a Labour, hate scho virun dësem jéngsten Terroruschlag annoncéiert, d‘Police mat mindestens 20.000 neie Beamten ze verstäerken. Aus Respekt virun den Affer hu béid Parteien de Wahlkampf ënnerbrach.

mat indymedia/lon

Foto: Den Ugräifer, Usman Khan, 28 Joer jonk ass vun der Police op der Plaz erschoss ginn © Crime Ldn (via Twitter)

Related topics Islamismus, London, London Bridge, Messerattack, Terror, Usman Khan
Next post Previous post