Search

You may also like

Hëtztwell a Blëtzaschléi…
International Neiegkeeten

Hëtztwell a Blëtzaschléi…

D‘Lag an er kanadescher Provënz Brittesch Kolumbien spëtzt sech weider

Sozialplang: Kritik säitens der ALEBA duerch déi geplangt Entloossunge bei Kneip
International Neiegkeeten

Sozialplang: Kritik säitens der ALEBA duerch déi geplangt Entloossunge bei Kneip

Op Demande vun der Personaldelegatioun vu Kneip huet d’ALEBA an

USA: Masseschéisserei statt Summerparty
International Neiegkeeten

USA: Masseschéisserei statt Summerparty

Et ass Summer an et huet alles ugefaange wéi een

UK: Messerattack zu Reading – Antiterror-Eenheet iwwerhëlt d‘Ermëttlungen

UK: Messerattack zu Reading – Antiterror-Eenheet iwwerhëlt d‘Ermëttlungen

No enger Messerpickerei an de brittescher Stad Reading, konnt zur Stonn net bestätegt ginn, datt et sech bei dësem Ugrëff ëm en Terrorakt gehandelt huet. Trotzdeem ass d‘Antiterror-Eenheet un den Ermëttlunge bedeelegt ginn.

D‘Stad Reading läit ronn 70 Kilometer westlech vu London an do huet sech gëschter Owend eng Tragedie zougedroen. D‘Police confirméiert, datt bei enger Messerattack dräi Persounen hiert Liewe verluer hunn an dräi weider Affer mat eeschte Blessuren am Spidol behandelt ginn. Den zoustännege Kommissär Ian Hunter geet hei awer net vun engem terroristeschen Hannergrond aus.

ReadingZu de Motiver vum 25 järegen „Verdächtegen“ wier näischt gewosst, esou de Ian Hunter, deen och bestätegt, datt seng Leit vun der Antiterror-Eenheet ënnerstëtzt ginn. „Dës Dot gëtt géigewäerteg net als terroristeschen Tëschefall agestuuft, mee mir bleiwen hisichtlech dem Motiv opgeschloss“, esou de Kommissär um Sonndegmueren. De jonke Mann konnt verhaft ginn a gëtt zur Stonn befrot.

Aus der Downing Street N°10 huet de Premierminister Boris Johnson der Police fir hiert séiert Agräife Merci gesot an de Virfall bedauert. Och d‘Inneministesch Priti Patel huet via Twitter hir Suerg zum Ausdrock bruecht. Well sech d‘Dot op engem waarme Summerowend zougedroen huet, ware vill Leit ënnerwee an esou gëtt et dann och entspriechend Videomaterial am Internet.

ReadingD‘Videoen déi an de sozialen Netzwierker viral gaange sinn, weisen allerdéngs net Dot selwer, mee den Asaz vun de Rettungsdéngschter. An dësen si mindestens dräi Mënschen ze identifizéieren, déi um Buedem an hirem Blutt leien a vu Sanitäter behandelt ginn. D‘Veracitéit vun dëse Biller léisst sech nach net bestätegen, firwat mir eis den Ament net op dës Videoe bezéie kënnen a wëllen.

mat indymedia/lon

Illustratioun: © Reza Hasannia / unsplash

Related topics Antiterror-Eenheet, Groussbritannien, Messerattack, Reading, Thames Valley Police
Next post Previous post