Search

You may also like

44 Migranten aus Séinout gerett
Neiegkeeten

44 Migranten aus Séinout gerett

E Sonndeg eréischt hat d‘Rettungsschëff Alan Kurdi, vun der däitscher

money
De Gewënn bleift, mee d‘Leit verbrénge manner Zäit op Facebook
Neiegkeeten

De Gewënn bleift, mee d‘Leit verbrénge manner Zäit op Facebook

Facebook ass finanziell betruecht nach ëmmer a Form, mee seng

dislike
D’CGFP an d’Regierung gi sech bei der Reform vun der Fonction Publique weider net eens
Neiegkeeten

D’CGFP an d’Regierung gi sech bei der Reform vun der Fonction Publique weider net eens

E Méindeg hat sech d‘CGFP-Exekutive mam Premierminister Xavier Bettel (DP)

Mëssfalen um Haff zu den ongerechte Beschëllegungen

Mëssfalen um Haff zu den ongerechte Beschëllegungen

Ech adresséiere mech un Iech vu mengem Schwoer sengem Bett aus op der Intensivstatioun zu Genf. Aus engem Wonsch no Oppenheet, Transparenz a Modernitéit hunn ech akzeptéiert datt déi vum Premierminister gewënschte Missioun duerchgefouert ka ginn.

Virun der Publikatioun vun dësem Rapport a wärend der Ausféierung vun dëser Missioun goufen Artikelen an de Medie publizéiert, déi meng Fra ongerecht accuséieren, d’Mamm vun eise fënnef Kanner an eng ganz léif Groussmamm. Meng ganz Famill leit drënner.

  • Firwat eng Fra attackéieren?
  • Eng Fra déi aner Frae verdeedegt?
  • Eng Fra déi net emol d’Recht kritt sech selwer ze verdeedegen?

Zënter dem Trounwiessel wëlle mir zesummen zur Moderniséierung vun eiser konstitutioneller Monarchie bäidroen a mir wëllen op dësem Wee weiderfueren.

D’Engagementer vu menger Fra, déi ech ëmmer ënnerstëtzt hunn a fir déi mir eis weider wäerten asetzen, si wesentlech: de Kampf géint Dyslexie, de Kampf géint sexuell Gewalt, de Status vu Kanner, déi an Afrika agespaart sinn, d’Entwécklung vun de Mikrofinanzen an d‘Educatioun vu jonke Meedercher a Fraen. Ech sinn houfreg iwwert d’Engagement, d‘Intelligenz an d‘Energie, déi meng Fra mat all hiren Handlunge beweist. Hiert Engagement dat Si fir eist Land séit 39 Joer u menger Säit weist ass exemplaresch, et ass essentiell fir mech.

Mir wäerte weiderhin Iech déngen, fir Iech do sinn a fir Lëtzebuerg. Besonnesch an dëser entscheedender Zäit wou eis Kanner e Familljeliewen ufänken, ass et fir eis als Elteren immens wichteg hinnen ze erméiglechen dës schéi Joren als Ierwen ze genéissen.

Matgedeelt vu S.A.R. dem Groussherzog Henri

Opmaacherfoto: © 2017 Cour grand-ducale / Lola Velasco

Related topics Accusatioun, Beschëllegungen, Groussherzoglechen Haff, Mëssfalen, Ongerechtegkeet, S.A.R. d'Groussherzogin Maria Teresa, S.A.R. de Groussherzog Henri
Next post Previous post