Search

You may also like

Aktiounsplang fir Mënsche mat Handicap
Meenung Neiegkeeten

Aktiounsplang fir Mënsche mat Handicap

Den 20. Januar waren de Carlos Pereira (Member vun der

Déi nei Ausgab vum „de Konsument“ ass erschéngen!
Meenung Neiegkeeten

Déi nei Ausgab vum „de Konsument“ ass erschéngen!

D‘Nummer 5 vum „de Konsument“ ass eraus an d‘ULC huet

Rotondes Heemliwwerservice: Kultur an Ënnerhalung fir Doheem (Deel 7)
Meenung Neiegkeeten

Rotondes Heemliwwerservice: Kultur an Ënnerhalung fir Doheem (Deel 7)

Fir d’Period vum Deconfinement méi angenehm ze gestalten, schafft d’Ekipp

Mësshandlung vun Handicapéierten – De Bam dierf de Bësch net verstoppen

Mësshandlung vun Handicapéierten – De Bam dierf de Bësch net verstoppen

Wéi den OGBL matdeelt, bemängele Famille vu Residenten vum Blannenheem zu Rolleng bei Miersch d’Gestioun vum Etablissement an de konstante Réckgang vun der Qualitéit vum Service. Donieft stelle si fest, datt d’Direktioun seng Prioritéiten am Finanzielle gesäit, wouduerch hir Léifst net wéi Mënschen, mee éischter wéi Objete behandelt ginn.

Den Departement vun den handicapéierten Aarbechter (DTH) vum OGBL begréisst et, datt d’Famille sech ëffentlech geäussert hunn a Solidaritéit weisen. Reegelméisseg gëtt den DTH mat ähnleche Fäll konfrontéiert, wouduerch si dëse schlechten Ëmgang mat de Residenten bestätegen. Den DTH ënnersträicht, datt esou inakzeptabel Praktiken zënter Joren an zuelräichen Etablissementer, déi Persoune mat Handicap empfänken, herrschen. D’Blannenheem zu Rolleng wier keen Eenzelfall.

Schonn laang observéiert a kritiséiert den DTH dës besuergneserreegend Evolutioun an den Etablissementer, wou d’Gestioun mëttlerweil méi enger kommerzieller Entreprise änelt, déi eleng op Profit aus ass. Et schéngt, wéi wann effektiv de finanziellen Aspekt iwwert der Qualitéit vun de Servicer an dem psychesche Wuelergoe vun de Residenten steet. Hei ass de Problem vum Personalmangel nach net abegraff. An dësem Kader ënnersträicht den OGBL, datt si d’Aarbecht an den Engagement vum Personal an de Strukturen, déi ënnert dësen onbefriddegende Konditioune schaffen, net a Fro stellen.

Besonnesch op Persoune mat Handicap, déi an dësen Etablissementer wunnen, wëll den DTH seng Opmierksamkeet riichten. Ab dem Moment wou si ukommen, verléiere si en Deel vun hire fundamentale Rechter als Bierger, sou wéi beispillsweis eegestänneg en Dokter auszesichen, en Traitement ze refuséieren, iwwert hir Medikatioun informéiert ze ginn oder och ze kommen an ze goe, wa si et wëllen. D’Decisioune gi vun der Direktioun vum Etablissement getraff, an sinn net vum Staat virgeschriwwen.

D’Covid-19-Kris huet d’Situatioun weider verschlëmmert. Déi gesamt Bevëlkerung huet an de leschte Méint Aschränkunge bei den individuelle Fräiheeten erlieft. Mee an de meeschten Etablissementer ëm déi et hei geet, erliewen d’Bewunner aktuell nach ëmmer bal en totale Verloscht vun der Fräiheet. An och de Besuch, deen all Resident empfänke kann, ass op 1 bis 2 Mol pro Mount bis zum Enn vum Joer reduzéiert ginn.

Den Departement vun den handicapéierten Aarbechter vum OGBL kritiséiert d’Liewenskonditioune vun de Persoune mat Handicap, déi vun der Direktioun vun de spezialiséierten Etablissementer opgestallt ginn. Den DTH fuerdert säit Joren e Kontrollrecht vun de Famillen a vum Personal, wat d’Liewenskonditiounen an dëse Strukturen ugeet.

An dësem Kader réit den OGBL an all Etablissement eng Kommissioun aus Representante vu Residenten, hire Famillen, dem encadréierende Personal an der Direktioun opzestellen an dës Missioun unzegoen. Och am Verwaltungsrot vun de Strukture solle Residenten, hir Famillen an encadréierend Personal vertruede sinn.

Zousätzlech fuerdert de OGBL, datt all Geneemegung, déi de Staat engem Etablissement, dat Persoune mat Handicap empfänkt, vergëtt, d’Struktur dozou verflicht, sech un d’Konventioun vun der UNO zu de Rechter vun handicapéierten Persounen ze halen, virun allem wat d’Entzéie vun der Fräiheet (Art. 14) ugeet, d’Recht fir net mat onmënschlechen, erniddregenden an onwierdegen Traitementer behandelt ze ginn (Art. 15), d’Recht op Autonomie an Inclusioun (Art.19), sou wéi d’Recht op ee Privat- a Familljeliewen (Art. 22).

D’Gesamtheet vun dëse Moossnamen soll net nëmmen fir Strukture gëllen, wou Persoune mat Handicap wunnen, mee och fir d’Ateliers Protégés, déi Persoune mat Handicap astellen.

 

Related topics Behënnerung, Blannenheem, Departement des travailleurs handicapés, Dignitéit, DTH, Mënscherecht, Mësshandlung, OGBL, Personalmangel, Rolleng
Next post Previous post