Search

You may also like

Boxen zu Diddeleng: e wierklech kuerzweilegen Owend
Neiegkeeten

Boxen zu Diddeleng: e wierklech kuerzweilegen Owend

Organiséiert vum „Boxing Club Dudelange“, ënnert dem Patronage vun der

Et kléngt nëmmen no Widderstand
Neiegkeeten

Et kléngt nëmmen no Widderstand

Mam Gesetzprojet 7738 an den doranner enthalenen „Verschäerfunge“ wéi vum

Den elektronesche Gesondheetsdossier (DSP)
Neiegkeeten

Den elektronesche Gesondheetsdossier (DSP)

Wat schonn emol wichteg ass – den Dossier opmaachen (oder net)

Verlängerung vun de sanitäre Mesure fir d‘Loftfaart

Verlängerung vun de sanitäre Mesure fir d‘Loftfaart

Vu datt sech d‘Lag op der Covid19-Front net entspaant, hunn e Méindeg den Aussen- an de Gesondheetsministère, am Kontext vun de Fluchbeweegunge beschloss, déi bestoend Mesuren (zanter dem 29. Januar) bis de 15. Mee bäizebehalen.

All Persoun, onofhängeg vun der Nationalitéit, déi 6 Joer oder méi al ass, a zu Lëtzebuerg mam Fliger fortfléie wëll, muss fir den Embarquement – a Pabeierform oder digitaliséiert – en negativen Test virweisen, dee manner wéi 72 Stonne virum Depart gemaach ginn ass. De Resultat vum Test muss vun enger Iwwersetzung – an enger vun den administrative Sproochen oder op englesch, spuenesch, italienesch a portugisesch – begleet ginn.

Ab dem 1. Abrëll mussen déi Leit wou aus engem Drëttland um Fluchhafen zu Lëtzebuerg ukomme keen zousätzlechen Test (Antiviral) iwwert sech ergoe loossen. D‘Obligatioune betreffend all Mënsch deen iwwert de Loftwee op Lëtzebuerg wëll kommen, komme bei déi bestoend Mesure fir net-essentiell Deplacementer a Richtung Europäesch Unioun derbäi. Hei gëtt drop higewisen, datt déi temporär Restriktioune fir d‘Immigratioun bis den 30. Juni verlängert ginn.

Weiderféierend Informatioune gëtt et op der Internetsäit „Coronavirus“ vun der Regierung

Illustratioun: © Arie Wubben / unsplash

Related topics Covid19-Pandemie, Covid19-Test, Fluchhafen, Loftfaart, Luxair
Next post Previous post