Search

You may also like

Spärung vun der Autobunn A7 haut den Owend
Kultur Neiegkeeten

Spärung vun der Autobunn A7 haut den Owend

D’Stroossebauverwaltung informéiert, datt zesumme mat Creos verschidden Héichspannungsleitungen ewechgeholl ginn

rout-rout-gréng Koalitioun: Eng kloer Fuerderung un d‘Sozialisten an déi gréng
Kultur Neiegkeeten

rout-rout-gréng Koalitioun: Eng kloer Fuerderung un d‘Sozialisten an déi gréng

E Sonndeg ass et esou wäit, da gëtt gewielt. Fir

Akkreditéierung vun véier Ambassadeuren am Palais
Kultur Neiegkeeten

Akkreditéierung vun véier Ambassadeuren am Palais

Gëschter huet S.A.R. de Groussherzog noeneen véier Ambassadeuren hir Akkreditéierung

Metalbörse 2020: Däischter Schuel, helle Kär

Wou den Otto-Normalbierger einfach an de Buttek geet a sengem Drang zum Konsum nogeet, do muss de Metaller a Frënd vun der méi haarder Musek e bëssi méi gewiift sinn. Nieft Concerten, Festivaller an dem Internet ass et virun allem d’Metalbörse, déi sech als freedeg erwaarten Evenement fir de Publikum aus der Zeen presentéiert.

Ma gëschter war et nees esou wäit: Scho beim Bankomat war den Undrang grouss. Boergeld dobäi ze hunn war op der Metalbörse an der Kulturfabrik nämlech vu Virdeel. Am Sall, dee vir Concerten, Presentatiounen a Spektakele genotzt gëtt, louch de Metal schonn an der Loft.

Zuelräich Stänn an hir iwweraus frëndlech Vendeuren hunn eng grouss Panoplie an Diversitéit un allem, wat dem Fan vun der haarder Musek mam komplexe Contenu a ville Subgenres gefält, ugebueden. Zur Auswiel stounge vu Kleedung, Patches, Pins, CD’en, DVD’en a Schallplacken och nach ënnerhalsam Gespréicher mat de Verkeefer zum neisten Tratsch a Klatsch aus der Zeen.

Eng gelonge Bourse war et an e puer Andréck kritt Dir an eiser Billergalerie © Shari Pleimelding/moien.lu

Related topics CD, DVD, Kaf, Kulturfabrik, Merchandise, Metal, Metalbörse, Musék, Patch, Verkaf
Next post Previous post