Search

You may also like

Fraepower am Staatslabo – Et geet ëm Kompetenz, net ëm d’Geschlecht!
Kultur Neiegkeeten

Fraepower am Staatslabo – Et geet ëm Kompetenz, net ëm d’Geschlecht!

Wëssenschaftler brauchen déi hellste Käpp, onofhängeg dovunner ob et Männer

Trump jot FBI-Chef Comey bei der Däiwel
Kultur Neiegkeeten

Trump jot FBI-Chef Comey bei der Däiwel

Den amerikanesche President suergt op ee neits fir gelleg Opreegung,

Gott huet sech seng Hand zeréckgeholl
Kultur Neiegkeeten

Gott huet sech seng Hand zeréckgeholl

Hien ass villen eelere Fussballfans als „Hand Gottes“ beschtens an

Metalbörse an der Kufa: Alles wat den haarde Museksfan glëschtereg mécht

Metalbörse an der Kufa: Alles wat den haarde Museksfan glëschtereg mécht

D’Metalbörse 2020 steet nees virun der Dier a lackelt wéi all Joer Fans vun de méi haarde Kläng an d’Kulturfabrik. Vun 11:00 bis 18:00 Auer sti vum Patch, iwwert Disken, Tasen a Kleedung, bis hin zu eenzegaartege Fan-Artikel nees esou munch Goldstécker zu Esch zum Verkaf.

Wann an der Kulturfabrik de Buedem bieft, ee lénks a riets laanghäreg Häre mat Patch-bestéckter Jeansvest, Band T-Shirt a schwaarzer Box erbléckt, da steet entweder ee Concert oder awer och déi traditionell Metalbörse um Programm. Cliché bei Säit: Bei dësem groussen Treffen ass natierlech jiddweree wëllkomm, deen Interessi um Metal weist.

Metalbörse

Ass een op der Sich no engem spezielle Gadget, kënnt een einfach emol kucken oder strieft een en déifgrënnege Gespréich iwwert d’Neiegkeeten aus der Musekswelt un, esou ass een op der Metalbörse genau richteg. Zënter 1994 existéiert d’Konzept an eisen Nopeschlänner, an och zu Lëtzebuerg wiisst d’Evenement zu engem onëmgänglechen a gäre besichte Fest.

Metalbörse

Wéi, wat a wou?

D’Metalbörse fënnt e Sonndeg, de 26. Januar 2020 vun 11:00 bis 18:00 Auer an der Kulturfabrik zu Esch statt. D’Entrée kascht 3,50 €.

Related topics CD, Fan-Artikel, Kulturfabrik, Metalbörse, Patch, Schallplacken, Treffen, Verkaf
Next post Previous post