Search

You may also like

Och wa Liewensmëttel ewechgehäit ginn dierf ee sech se net uneegnen
Kultur Neiegkeeten

Och wa Liewensmëttel ewechgehäit ginn dierf ee sech se net uneegnen

D‘Studentinne Franziska S. (26) an Caroline K. (28) waren am

F91 vs Olympiakos: Eng „schwiereg“ Renconter
Kultur Neiegkeeten

F91 vs Olympiakos: Eng „schwiereg“ Renconter

Wann ee bedenkt datt e sëllechen „Experten“ den Olympiakos Piräus

Prisongsstrof fir en Onschëllegen
Kultur Neiegkeeten

Prisongsstrof fir en Onschëllegen

D‘Urteel am Prozess géint de fréiere President vun der „Grande

Metallica a San Francisco Symphony: Den neien Live-Album S&M2 ass eraus!

Metallica a San Francisco Symphony: Den neien Live-Album S&M2 ass eraus!

Metallica-Fans hu wéi bänzeg drop gewaart – haut ass den neie Live-Album S&M2 endlech verëffentlecht ginn. Zesumme mat de ronn 80 Museker vun der San Francisco Symphony gouf d’Fortsetzung vu S&M aus dem Joer 1999 opgeholl a begeeschtert mat 2,5 Stonne voller musikalescher Klassiker a wëlle Favoritten.

Um 6. an 8. September 2019 ass déi legendär Band Metallica, zesumme mam Symphonieorchester vu San Francisco opgetrueden. Zum engen ass den neien Chase Center ageweit ginn, zum aneren hunn d’Museker den 20. Gebuertsdag vun hirem Album S&M zelebréiert. Kee Wonner also, datt dës Shows, déi 40.000 Fans aus 70 verschidde Länner ugezunn hunn, hu missen opgeholl ginn.

Elo suergen den Album mam Live-Concert, sou wéi de passende Film zu den Optrëtter, bei deenen de Joe Hutching Regie gefouert huet, fir een epeschen Oktober. Dobäi beweisen den James Hetfield, Lars Ulrich, Kirk Hammett a Rob Trujillo, datt si hire Repertoire nach ëmmer drop hunn. No bal 40 Joer bestoe sinn si vläicht al Huesen am Geschäft, kënnen awer nach ëmmer esou dranhaen, wéi zur Zäit, wou déi 4 Metaller nach laang Hoer haten.

Déi 22 Songs vun S&M2 ginn et ab elo als Vinyl, CD, DVD a Blue-ray.

Et geet nees Bierg op

Duerch den Therapieprogramm géint d’Alkoholsucht vum Sänger James Hetfield hunn Ufank des Jores d’Headliner-Shows fir Mee a September missen ofgesot ginn. Wéi d’Band der Münchener Abendzeitung géigeniwwer sot, wéisst den James wat e mécht an et wier noutwenneg. Hie selwer erkläert, datt seng Gesondheet vir geet, och wann een esou d’Fans vläicht enttäuscht. Ma, de Sänger ass awer wuel um Wee vun der Besserung.

D’Pandemie hunn d’Museker iwwregens och ausgenotzt. Ufank Mee koum hir nei Versioun vu „Blackened“ eraus. Heibäi huet all Bandmember sech vun Doheem aus kreativ ausgelieft, musizéiert a sech opgeholl. D’Resultat gesitt Dir hei:

Related topics Blackened, Chase Center, Concert, James Hetfield, Kirk Hammett, Lars Ulrich, Live-Album, Master of Puppets, Metal, Metallica, Nothing Else Matter, Optrëtt, Rob Trujillo, S&M2, San Francisco Symphony
Next post Previous post